Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

EXPOGAST – fënnef Deeg fir d’Kachkonscht ze wierdegen
Neiegkeeten

EXPOGAST – fënnef Deeg fir d’Kachkonscht ze wierdegen

Et ass ee Sammelpunkt fir déi talentéiertst Käch vu fënnef

Porsche Supercup: Den Dylan Pereira muss zu Silverstone e Réckschlag verdauen
Neiegkeeten

Porsche Supercup: Den Dylan Pereira muss zu Silverstone e Réckschlag verdauen

De Weekend war haart fir den Dylan Pereira, déi lëtzebuergesch

What the Fakt – de Kandinsky an déi blo Reider
Neiegkeeten

What the Fakt – de Kandinsky an déi blo Reider

Um 22. Januar 1909 huet de Wassily Kandinsky, zesumme mat

Europawahlen 2019: Konferenzen an Aschreiwung op d’Wielerlëscht

Europawahlen 2019: Konferenzen an Aschreiwung op d’Wielerlëscht

De 26. Mee 2019 sinn Europawahlen – ee Grond méi, fir sech gutt ze informéieren a vläicht souguer selwer ze mellen, fir bei de Gemengen- an Europawahlen op der Wielerlëscht ze stoen.

D’Stad Lëtzebuerg organiséiert aus dësem Grond zwou Konferenze mam Titel „Europa hänkt vun eisem Choix of“. Virgesi sinn dës Evenementer en Donneschdeg, de 24. Januar, sou wéi den 21. Februar, jeeweils vun 19:00 b eis 21:00 Auer am Centre Culturel „Tramsschapp“ (47A rue Ermesinde, L-1469 Lampertsbierg).

Dës Owender ginn organiséiert vum Groupe Andino Luxembourg, mat der logistescher Ënnerstëtzung vun der Stad Lëtzebuerg. Ziel ass et de Publique vis-à-vis vun der europäescher Politik ze sensibiliséieren, d’Virdeeler fir d’Bierger vun der Europäescher Unioun ze weisen an och jonk Net-Lëtzebuerger ze encouragéieren, hir Meenung zu den Europawahlen 2019 ofzeginn.

Nationalen Dag vun den Aschreiwungen op d’Wielerlëscht

Samschdes, den 9- Februar 2019 ass de Bierger-Center ausnamsweis vu 09:00 bis 14:00 Auer op, fir den net-Lëtzebuergesche Bierger esou d’Aschreiwung op de Wielerlëschten ze vereinfachen.

D’Demande fir sech anzeschreiwen (Gemengen- an Europawahlen) kann dat ganzt Joer iwwer gemaach ginn an ass gratis. Fir un den Europawahlen, de 26. Mee 2019 deelzehuele mussen déi ageschriwwe Persounen de Konditiounen entspriechen a sech bis spéitstens Donneschdes, den 28. Februar 2019, 17:00 Auer am Bierger-Center presentéieren. D’Aschreiwung ass och via MyGuichet.lu méiglech.

A wéi gesäit et fir britesch Bierger zu Lëtzebuerg aus?

Wéi scho matgedeelt, kennen och net-Lëtzebuergesch Bierger sech op d’Wielerlëscht setzen. Sollt bis zum 29. Mäerz 2019 keen Accord tëscht der EU a Groussbritannien festgeluecht sinn, ginn déi britesch Bierger am Grand-Duché vun der Lëscht erof geholl. Momentan wunnen 189 Briten zu Lëtzebuerg. Bei 95 Aschreiwunge schéngt den Interêt awer net esou grouss ze sinn.

Informatiounen zur Bréifwahl

All Persoun déi sech op d’Wielerlëscht ageschriwwen hunn kann d’Bréifwahl ufroen, ouni dofir ee Grond fir d’Demande ze nennen. Trotzdeem sinn d’Delaien ze respektéieren. Bis spéitstens den 3. Mäerz 2019 muss d’Demande bei der Gemeng agoen. Am Fall wou d’Liwweradress am Ausland ass, ass de leschten Delai de 16. Abrëll 2019. Wien eng Adress am Grand-Duché huet, huet Zäit bis spéitstens den 2. Mee 2019.

D’Stad Lëtzebuerger stellt de Formulaire fir d’Demande fir d’Bréifwahl op www.vdl.lu. Donieft kann de Formulaire och iwwert MyGuichet.lu ausgefëllt ginn.

Déi siwe Gréisste Feeler vun der EU

Dir hutt dat Ganz mat den Europawahlen nach net esou ganz verstaanen? Do hu mir een interessante Video fir Iech. Kuckt emol HEI laanscht.

Ähnlech Sujeten Auslänner, Bréifwahl, Europäesch Unioun, Europawahlen 2019, Wielerlëschten
Nächsten Artikel Virrechten Artikel