Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

money
Gudden zweeten Trimester fir d‘Versécherungen
Neiegkeeten

dating gamers discord

No engem villverspriechende Joresufank, huet de Wuesstem um Versécherungssecteur am

dating fossils millions of years old
Neiegkeeten

171 Milliounen Euro fir den Ausbau vun der Stater Gare

Um 5. Januar huet sech de Regierungsrot fir den Ausbau

Regionalmagasinn n° 20 Editioun Fréijoer/Summer 2019
Neiegkeeten

Regionalmagasinn n° 20 Editioun Fréijoer/Summer 2019

De Schwéierpunkt vun dëser Ausgab läit um Thema Waasser. Kleng

Eurobarometer: Zefridde Gesiichter virun den Europawahlen

Eurobarometer: Zefridde Gesiichter virun den Europawahlen

Laut enger aktueller Ëmfro, déi e Freideg publizéiert gouf, wier d‘Majoritéit vun den Europäer der Usiicht, datt hir Stëmm zielt. D‘Zuel vun de Mënschen, déi e positiivt Bild vun der EU hunn, hëlt weider zou.

D‘Zoustëmmung zur Wirtschafts- a Währungsunioun huet en neien Héchststand erreecht. D‘Eurobarometer-Ëmfro gouf tëscht dem 8. an dem 22, November duerchgefouert, an huet vill Interessantes ze bidden. Mir hunn eis hei op déi wichtegst Erkenntnisser bezunn a stellen keen Usproch op Vollstännegkeet.

Positiv politesch Indicateure

Fir déi éischte Kéier zanter der Aféierung vun der Fro, ass eng Majoritéit vun den Europäer der Usiicht, datt hir Stëmm an der EU zielt: +4% säit dem Fréijoer op elo 49%. A 16 Memberlänner gëtt et eng kloer Majoritéit, woubäi déi beschte Resultater an Dänemark (73%), Schweden (71%) an Däitschland (70%) notéiert goufen.

43% vun den Europäer hunn e positiivt Bild vun der EU, dat sinn +3% säit dem Fréijoer, an den héchste säit Hiecht 2009. Am beschten ofgeschnidden huet Schweden mat 53% (+11), Spuenien mat 43% (+10) a Groussbritannien och mat 43% (+9). Deene leschten déngt et net vill, si sinn Enn Mäerz net méi deel vun der europäescher Famill.

D‘Vertrauen an D‘EU ass mat 42% Stabil an bleift esou op sengem héchste Stand zanter Hiecht 2010. A 17 Memberlänner (géintiwwer 15 am Fréijoer) iwwerweit d‘Vertrauen an d‘Unioun. Am stäerksten ass dat de Fall a Litauen (65%), Dänemark (60%) a Schweden (59%). Et dierf een och notéieren, datt a ville Länner d‘Vertrauen an d‘EU méi grouss ass, wéi an déi eege Regierung.

EU-Staatsbiergerschaft a Fräizügegkeet an alle Memberstaaten

An allen 28 EU-Länner fillt sech d‘Majoritéit vun de Sondéierten als EU-Staatsbierger. Op déi ganz EU gesinn, läit de Wäert am Duerchschnëtt bei 71%. Zum Verglach: zu Lëtzebuerg trëfft dat op 89% vun der Bierger zou, a Bulgarien ëmmerhin nach 51%.

Déi grouss Majoritéit vun de Sondéierten hunn d‘Fräizügegkeet vun den EU-Bierger begréisst (83% = +1% géintiwwer dem Fréijoer). Eng Siicht déi iwwer zweedrëttel vun de Befroten au den EU-Memberlänner deelen.

Den Euro nach ëmmer beléift

20 Joer no senger Aféierung ass d‘Ënnerstëtzung fir d‘Wirtschafts- a Währungsunioun wéi och fir den Euro héich. 75% vun de Sondéierten hu sech fir déi europäesch Währung ausgeschwat. 49% vun de Leit sinn der Meenung datt d‘EU wirtschaftlech gutt do steet. Dat selwecht Resultat ergëtt sech bei der Fro „wéi déi national wirtschaftlech Sitautioun“ ausgesäit.

Am zefriddenste mat der nationaler Wirtschaft sinn d‘Bierger vu Malta (95%), vu Lëtzebuerg an Holland (91%). Och an Dänemark, Schweden, Éisträich an Däitschland sinn d‘Leit zefridden. Et gëtt och déi onzefridden: esou Griicheland (6%), Kroatien (16%) oder Spuenien a Bulgarien (18%).

Wat fir Kappzerbrieches suergt

Am meeschte Kappzerbrieches maachen sech d‘Europäer iwwer Migratioun an Terrorismus. Mat 40% ass et d‘Awanderung déi vun de meeschte Sondéierten als „Suerg“ genannt gëtt, 20% sinn der Usiicht datt déi terroristesch Bedreeung déi gréisste Suerg an Europa ass. Interessant de Fait, datt 19% d‘Situatioun vun den ëffentleche Finanzen a Fro stellen.

Ähnlech Sujeten Ëmfro, Eurobarometer, Europawahlen 2019, Migratioun, Sondage, Terror
Nächsten Artikel Virrechten Artikel