Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Däitschland wëll d‘Plastikstut verbidden
International Neiegkeeten

when dating gets serious

Déi däitsch Ëmweltministesch Svenja Schulze (SPD) schéngt mat hirem Plang,

brendan north dating
D‘SNCI investéiert an d‘Sozial- an Solidarwirtschaft
International Neiegkeeten

D‘SNCI investéiert an d‘Sozial- an Solidarwirtschaft

Am Inkubator fir lëtzebuergesch Sozial-Entreprisen am Déifferdenger „6Zero1“, ass um

UN-Weltwaasserbericht: Geet eis d‘Drénkwaasser aus?
International Neiegkeeten

UN-Weltwaasserbericht: Geet eis d‘Drénkwaasser aus?

Dës Nuecht ass den UN-Weltwaasserbericht offiziell verëffentlecht ginn, an d‘Nouvelle

Eurobarometer: Sinn d’Europäer zefridde mam Zoustand vun der EU?

Et sollen déi bescht Resultater säit 5 Joer sinn

Eurobarometer: Sinn d’Europäer zefridde mam Zoustand vun der EU?

Eng aktuell Eurobarometer-Ëmfro, déi um Méindeg verëffentlecht ginn ass weist eng däitlech Hausse vun der Zefriddenheet vun de BiergerInnen mat der Europäescher Unioun. Dëst gëllt ganz allgemeng vun der wirtschaftlecher Lag bis zum Zoustand vun der Demokratie. Zënter der Ëmfro vum Juni 2014, déi virum Amtsuntrëtt vun der Juncker-Kommissioun duerchgefouert ginn ass, huet een dës Kéier déi bescht Resultater erzilt.

Dës jéngste Standart-Eurobarometer-Ëmfro ass direkt no de Europa-Wahlen tëscht dem 1. Juni an dem 1. Juli 2019 an allen 28 EU-Memberstaaten an a 5 Kandidatelänner duerchgefouert ginn. Zu de wichtegste Resultater zielt eng Rekordënnerstëtzung fir den Euro. Op Rang 2 vun der Skala vun de wichtegsten Uleiesen läit op EU-Niveau d’Thema Klimawandel.

Vertrauen an Zouversiicht

Säit 2014 war d’Vertrauen an d’EU wuel net méi esou grouss, wéi elo. Dobäi traut een emol net den nationale Regierungen a Parlamenter esou vill. An 20 Memberstaaten ass d’Vertrauen eropgaangen, woubäi een a Litauen ee Wäert vun 72 % erreecht huet, an Dänemark 68 % an an Estland 60 %. Der Ëmfro no gëtt d’Halschent vun de Befroten un „éischter Vertrauen“ an d’EU ze hunn.

Déi verschidde Länner hu folgend Resultater ervirbruecht: 59 % fir Lëtzebuerg, 58 % fir Finnland, 57 % fir Portugal, 56 % jeeweils fir Malta a Schweden, 55 % jeeweils fir Bulgarien an Ungarn, 54 % fir Irland, Polen, Holland an Zypern, 52 % jeeweils fir Rumänien an Éisträich, sou wéi 51 % fir Lettland an d’Belsch.

Eurobarometer

Den Undeel vun de Befroten, déi ee positiivt Bild vun der EU hunn (45 %) ass och säit der leschter Ëmfro am Hierscht 2018 an den 23 EU-Memberstaaten geklommen. Zemools an Zypern (47 %, + 11), Ungarn (52 %, +9) an a Griicheland (33 %, +8) ass dat am opfällegsten. Säit dem Hierscht 2018 ass eng Hausse vun zwee Prozentpunkten ze verzeechnen (+ 10 säit dem Fréijoer 2014), woumat een mëttlerweil den héchste Stand säit 10 Joer erreecht huet. Ganzer 37 % (+ 1 am Verglach zu 2018) hunn een neutraalt Bild un der EU, manner wéi ee Fënneftel (17 %) hunn een negatiivt Bild, wat och nees den niddregste Stand zënter 10 Joer ass.

D’Majoritéit vun den Europäer (61 %, +3) weist sech zouversiichtlech, wann et ëm d’Zukunft vun der EU geet. Just 34 % (-3) si pessimistesch gestallt. Zemools an Irland (85 %), Dänemark (79 %), Litauen (76 %) an a Polen (74 %) ass den Optimismus am Gréissten. Manner staark ausgepräägt sinn dës optimistesch Gefiller a Groussbritannien (47 %) an a Frankräich (50 %).

Eurobarometer

Der Ëmfro no solle 55 % vun den EuropäerInnen uginn hunn, datt si mat der Aart, wéi d’Demokratie an der EU funktionéiert, zefridde sinn. Och dat ass den héchste Stand säit dem Hierscht 2004. D’Majoritéit vun de Befrote stëmmt iwwregens der Ausso „Är Stëmm an der EU zielt“ mat 56 % zou.

Rekordhéich fir den Euro

Méi wéi dräi Véierel vun de Befroten am Euro-Wärungsgebitt (76 %) sinn fir déi eenheetlech Wärung. Säit dem Fréijoer 2014 konnt een esou 9 Prozentpunkt dobäi gewannen. Kuckt een déi ganz Unioun, esou ass d’Ënnerstëtzung fir den Euro mat 62 % gläich bliwwen.

Den Zoustand vun der nationaler Vollekswirtschaft gëtt generell als positiv empfonnt. Hei bewäerten 49 % d’Lag als gutt, 47 % sinn anerer Meenung. D’Majoritéit vun de Participante vun der Ëmfro (17 Memberstaaten) hält déi national Wirtschaftslag fir gutt. Ganz uewe sti Lëtzebuerg (94 %), Dänemark (91 %) an Holland (90 %). Manner glécklech sinn hei Griicheland (7 %), Kroatien a Bulgarien (jeeweils 20 %), Italien (22 %), Spuenien (26 %) a Frankräich (29 %).

Eurobarometer

De Problem mam Klimawandel an der Ëmwelt

Bei der Ëmfro ass ënnert anerem och gekuckt ginn, wéieng Themen den EU-BiergerInnen besonnesch um Häerze leien. Trotz engem staarke Réckgank (-6 säit dem Hierscht 2018) besteet déi gréisste Suerg an der Zouwanderung (34 %). De Klimawandel louch bei der leschter Ëmfro nach op fënnefter Plaz, konnt awer elo staark klammen an erreecht Plaz 2. Weider geet et mat der wirtschaftlecher Lag, dem Zoustand vun den ëffentleche Finanze vun de Memberstaaten an Terrorismus. Dës dräi Beräicher hu jeeweils 18 % kritt. Direkt hannendru kënnt d’Ëmwelt mat 13 %.

Eurobarometer

Op 7. Plaz hunn d’EU-BiergerInnen d’Aarbechtslosegkeet (12 %) klasséiert. Um nationalen Niveau gëlt dëst Thema als Haaptsuergt. Duerno kommen mat jeeweils 21 %  d’Präisser, d’Inflatioun an d’Liewenserhalungskäschten, d’Gesondheet an déi sozial Sécherheet huet de selwechte Wäert erreecht. Knapp hannendru kommen Ëmwelt-, Klima- an Energiefroe mat 20 %. D’Zouwanderung gehéiert op nationalem Terrain mat 17 % fir eng éischte Kéier zënter dem Fréijoer 2014 net méi zu den 3 Haaptsuergen.

Den Hannergrond

D’Standat.Eurobarometer-Ëmfro vum Fréijoer 2019 (EB91) ass tëscht dem 7. Juni an dem 1. Juli 2019 an allen EU-Memberstaaten, sou wéi de Kandidatelänner (Nordmazedonien, Tierkei, Montenegro, Serbien an Albanien) a Form vu perséinleche Befroungen duerchgefouert ginn. Tëscht dem 7. a 25. Juni konnten esou an den 28 EU-Memberstaaten 27 464 Persounen befrot ginn.

Déi genee Detailer zu de Resultater, sou wéi weider Informatioune fannt Dir am Rapport 2019. Ee Fact-Sheet zur Ëmfro fannt Dir HEI.

Ähnlech Sujeten Ëmfro, Euro, Eurobarometer, Europa, Klimawandel, Vertrauen, Zouversiicht
Nächsten Artikel Virrechten Artikel