Search

You may also like

Schwéiert Accident op der C106
Neiegkeeten

Schwéiert Accident op der C106

Wéi d‘Police de Moie matdeelt, ass et um Freidegmuere kuerz

Accueil vu Flüchtlingen: D’Propositioune vum LFR
Neiegkeeten

Accueil vu Flüchtlingen: D’Propositioune vum LFR

Et ass wéineg wahrscheinlech, datt an de kommende Jore manner

dislike
D‘Diskussioune ronderëm de Wielerwëlle si sënnlos a lenken of vun den eigentleche Problemer
Neiegkeeten

D‘Diskussioune ronderëm de Wielerwëlle si sënnlos a lenken of vun den eigentleche Problemer

Sou zimlech jiddereen huet mëttlerweil säi Pefferkär bäigeluecht, wann et

EuroBirdwatch 2020: Dëse Weekend dréint sech ëm d’Villercher!

EuroBirdwatch 2020: Dëse Weekend dréint sech ëm d’Villercher!

Den éischte Weekend vum Oktober steet ganz am Zeeche vun der Migratioun vun de Vullen. Um EuroBirdwatch 2020 kënnt Dir méi iwwert de Vullenzuch gewuer ginn, den neien Actionbound an der Stad Lëtzebuerg am Stater Park entdeckten, d’Villercher am Kaltreis Park beobachten oder e Bléck hannert d’Kulisse vun der Vulleberéngungsstatioun zu Uewersyren geheien.

Am Laf vun der Zäit huet sech den EuroBirdwatch ëmmer weider entwéckelt an esou maachen um 3. a 4. Oktober dëst Joer ganzer 36 europäesch an zentralasiatesch Partner vu méi wéi 900 Standuerter mat. Fir eng éischte Kéier ass och d’Stad Lëtzebuerg mat dobäi.

Generell geet et dorëm, d’Vullenaarten ze zielen a se der Birdwatch-Zentral ze mellen. D’Resultater kann een de 6. Oktober op www.naturemwelt.lu fannen. Live dobäi a selwer aktiv ginn ass awer nach vill méi flott, an dofir gi folgend Evenementer ugebueden:

Samschdes, den 3. Oktober 2020:

natur&ëmwelt Sektioun Lëtzebuerg-Stad wäert mat engem Infostand um Maart vertruede sinn. Hei gitt Dir esou munches iwwert d0Vulle vun der Stad an d’Stadparke gewuer. Passend dozou gëtt et eng gratis Broschür mat villen Informatiounen. Wie wëll kann uschléissend déi nei App Actionbound Stater Park ausprobéieren, mat deem Dir d’Bewunner vum Park nei entdecke kënnt, en Tour iwwert d’Kinnekswiss maacht an verschidde Froe beäntwert.

Sonndes, de 4. Oktober 2020:

Kaltreis – Bouneweg: Vun 9:00 bis 12:00 Auer sidd Dir invitéiert fir um Beobachtungsposten Villercher ze beobachten. Heibäi ginn et zuelräich Informatiounen zum Vullenzuch. Wien eng Spektiv huet, soll dës matbréngen. Umeldung obligatoresch ënnert Tel.: 621 298 424

Uewersyren – Schlammwiss: Visitt vum Naturschutzgebitt Schlammwiss an der Beréngungsstatioun. Treffpunkt ass um 9:00 Auer beim Parking vum Fussballsterrain zu Minsbech. Den Tour kann 4 Sproochen ofgehale ginn an dauert 1 bis 2 Stonnen. Umeldung obligatoresch ënnert j.p.schmitz@naturemwelt.lu oder Tel.: 621 293 695.

Opmaacherfoto: Blobrëschtchen © Shari Pleimelding/moien.lu

Related topics Beréngung, Euro Birdwatch 2020, Kalreis, Villercher, Vulleberéngungsstatioun, Vullenzuch, Zielen
Next post Previous post