Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Wéi gutt kenns du Superhelde-Filmer?
International Neiegkeeten

Wéi gutt kenns du Superhelde-Filmer?

Aarbechtsinspektioun am Rekrutementsmodus
International Neiegkeeten

Aarbechtsinspektioun am Rekrutementsmodus

Wéi den Direkter vun der Aarbechtsinspektioun (ITM) am Dezember 2015

Wéi gutt kenns du Wäisswampech?
International Neiegkeeten

Wéi gutt kenns du Wäisswampech?

Dës Kéier geet et wäit bis an den Norde vum

EuroBirdwatch Day – Déi fléiend Faszinatioun um 5. a 6. Oktober

EuroBirdwatch Day – Déi fléiend Faszinatioun um 5. a 6. Oktober

Den EuroBirdwatch Day (Internationalen Dag vum Vullenzuch) gëtt zënter 26 Joer organiséiert. Haaptzil ass et, der breeder Ëffentlechkeet d’Faszinatioun vum Vullenzuch méi no ze bréngen an iwwert d’Geforen ze informéieren, déi wärend der Rees op d’Zuchvigel waarden.

Um éischte Weekend vum Oktober ginn a ganz Europa op de verschiddenste Plazen d’Zuchvigel observéiert. Schliisslech mussen déi fléiend Gesellen op hirem Wee bei dat jeeweilegt Iwwerwanterungsgebitt och deelweis iwwer Lëtzebuerg fléien.

Den EuroBirdwatch Day ass vu BirdLife International, enger internationaler Vugelschutzorganisatioun, bei der natur&ëmwelt déi offiziell Partnerorganisatioun zu Lëtzebuerg ass, an d’Liewe geruff ginn.

EuroBirdwatch Day

Fuerschung duerch Beringung

D’Geheimnis vum Vugelzuch ass duerch déi sougenannt Beringung opgedeckt ginn. Dobäi kréien d’Villercher Réng mat individuelle Markéierungen ugeluecht a kënnen esou zeréck erkannt ginn. An de leschten 100 Joer ass et duerch dës Method méiglech ginn. D’Route vun den Zuchvillercher ze erfuerschen. Modern Methoden, wéi beispillsweis den Asaz vu Satellitesenderen um Réck vun de Vulle liwweren eis donieft ëmmer weider Erkenntnisser a vervollstännegen eist Wëssen. D’Membere vun der Aarbechtsgrupp Beringung vun natur&ëmwelt leeën all Joer ronn 20.000 Villercher ee Rank un an droe soumat zur Recherche bäi.

Wisou si d’Rees op sech huelen a wouhinner et d’Vullen zitt, kann ee wärend den EuroBirdwatch Days 2019 gewuer ginn, jo souguer live materliewen. Organiséiert gëtt um kommende Samschdeg, de 5. Oktober, eng Beobachtung vum Vullenzuch an d’Beringung vun de Villercher um Haff Réimech. Een Dag méi spéit, um 6. Oktober, kann een d’Beringungsstatioun Schlammwiss bei Uewersyren besichen.

An dësem Kader sollt gesot sinn, datt Fiichtgebidder wichteg Tankstelle fir vill Zuchvullenaarte sinn. Si sinn op esou „Rastplazen“ ugewisen, wëll si hei nei Energie tanken. De Klenge Jäizert (Acrocephalus scirpaceus) kann, duerch den Openthalt vun enger Woch an de Schilfgebidder, säi Gewiicht ëm bis zu 40% duerch Insekte steigeren.

An de leschte Joren hunn natur&ëmwelt a Partnerorganisatiounen iwwert 500 Hektar vun esou Fiichtgebidder geséchert. Ouni dëst Raschtplazen hätten d’Zuchvulle keng Chance hiert Iwwerwanterungsgebitt ze erreechen.

Wéi, wat, wou?

Den EuroBirdwatch Day fënnt zu Lëtzebuerg de 5. a 6. Oktober 2019 statt. Um Programm vun natur&ëmwelt stinn ënnert anerem guidéiert Touren, Informatiounsstatiounen, Kanneraktivitéiten, ee lokale Maart a Konscht am Biodiversum. Fir Iessen a Gedrénks ass vum Kaffi bis zum Mëttegiessen an eppes Séissem am Nomëtteg gesuergt. De ganze Programm mat allen Detailer kënnt Dir HEI eroflueden.

Ähnlech Sujeten Beringung, Biodiversum, EuroBirdwatch Day, Haff Réimech, natur&ëmwelt, Observatioun, Schlammwiss, Vull, Zuchvullen
Nächsten Artikel Virrechten Artikel