Search

You may also like

Pyongyang: De klenge Sommet
Neiegkeeten

Pyongyang: De klenge Sommet

An der nordkoreanescher Haaptstad gesinn sech de chinesesche President, Xi

De Kierchbierg um Wee vun der Urbanisatioun
Neiegkeeten

De Kierchbierg um Wee vun der Urbanisatioun

D‘Virstellung vum Bilan vum „Fonds Kirchberg“ dëse Méindeg, ass eng

Trump bestätegt Dout vum al-Baghdadi
Neiegkeeten

Trump bestätegt Dout vum al-Baghdadi

Schonn um Sonndegmueren hat e vun offizieller Säit aus „Fuitte“

EUROFOIL fuerdert de Sozialkonflikt eraus

Direktioun zerrappt Kollektivvertrag a wëll de Beschäftegten hir sozial Errongenschafte sträichen

Naass a kal war et dësen Dënschdeg, mee de Protestpiquet bei der EUROFOIL an der Industriezon Riedgen zu Diddeleng war pünktlech um 5 Auer virun der Zoufaart zur Entreprise opgestallt ginn. E Kaffi an ee Stéck Kuch war vum OGBL virgesi ginn, an et gouf rapid enk ënnert den „Zelter“, déi zum Schutz géint dat onséilegt Hierschtwieder opgestallt goufen.

Vill op der Plaz beschäftegt, an esou direkt vun der Decisioun betraffen, mee och Sympathisanten, hunn sech virun der Entrée gehéier verschaaft. Eng Aktioun, déi ganz kloer a sécherlech och ganz bewosst vun der Direktioun esou provozéiert ginn ass. EUROFOIL, ee vun de gréisseren Acteuren am Secteur vum Aluminium, ass viru gutt zéng Joer an d‘Hänn vun enger US-Holding geroden.

Zanter Jore gëtt dann och kee Cent méi an de Produktiounsstanduert Diddeleng gestach, wat mat sech bruecht huet, datt d‘Qualitéit eng bei d‘Läffele kritt huet. D‘Coronaviruskris huet der Saach elo natierlech och net gehollef an et goufe schonn Aarbechtsplazen ofgebaut. Elo huet EUROFOIL dann och nach den 3. September annoncéiert, datt et dëst Joer wäert en zolitten Defizit hunn.

EurofoilDat eleiten ass eng diskriminatoresch Propos. Et ass eng Propos déi d‘Personal spléckt. Et ass eng asozial Propos. Léif Kolleegen, wat d‘Direktioun hei verlaangt, ass d‘Enn vum Kollektivvertrag fir jiddereen. Dat ass inakzeptabel!“, esou de Patrick Freichel, Zentralsekretär vum Syndikat Metallveraabechtend Industrie. © Martine de Lagardère / moien.lu

Nieft enger Reduktioun vun den Effektiver, déi sech eenzel iwwert déi lescht Méint verdeelte Kënnegungen, mee och d‘Annulatioun vun den Interim-Verträg, huet d‘Direktioun elo och de Kollektivvertrag gekënnegt a verlaangt allen Eeschtes dësen an hirem (wirtschaftleche) Sënn nei ze verhandelen. Dobäi huet d‘Direktioun vun EUROFOIL ganz kloer Virstellungen an Absichten.

Esou sollen déi Beschäftegt nach just 26 Deeg Congé – dat ass de gesetzlechen Taux – kréien, wien nei an d‘Entreprise kënnt soll nëmme méi soziale Mindestloun erhalen, d‘Aarbechtszäit soll nees vu 7,5 op 8 Stonnen eropgesat ginn an och d‘Zoulage fir Feierdagsaarbecht solle reduzéiert ginn. Dat ass onverkennbar eng „Krichserklärung“ un d‘Personaldelegatioun an d‘Gewerkschaften.

OGBL an LCGB beim Versuch et zesummen unzegoen

An der Mëttegstonn hunn sech déi d‘Gewerkschaftssekretäre vum OGBL an dem LCGB un hir Kolleegen an d‘Medie gewannt. Si hunn däitlech gemaach, datt si d‘Direktioun – déi sech och virwerfe loosse muss eng katastrophal Gestioun um Bockel vun de Lounofhängegen auszedroen – domadder net wäerten duerchkomme loossen. Si hunn de Kolleegen déi eege Fuerderunge genannt.

Et war dunn un der Zäit fir d‘Reunioun mat der Direktioun, déi aus gudde Grënn keng Presse bei dësem Gespréich wollt derbäi hunn. No enger Véierelsstonn war d‘Bier geschielt an fir et emol frëndlech ze resuméieren: si huet d‘Fuerderunge vun de Gewerkschaften entgéint geholl an och nach ugedeit vu sech aus eng nei „Offer“ auszeschaffen. Dat heescht, datt si näischt ze soen hunn.

D‘Gewerkschaften interpretéieren dat eppes anescht. Esou ass de Patrick Freichel, Zentralsekretär vum Syndikat Metallveraabechtend Industrie am OGBL, der Meenung, datt d‘Kauzekäpp wuel de Message net verstanen hunn. Si hätten sech „ganz erstaunt gewisen“, esou de Gewerkschaftler. Elo gehéiert awer EUROFOIL eng er amerikanescher Holding, an d‘Direktioun huet kee Pouvoir.

Eurofoil„De Redressement vun der finanzieller Situatioun kann an dierf net iwwert den Ëmwee vun der sozialer Demontage passéieren. Dat sollt am gemeinsamen Interessi vum Aktionariat an dem Personal sinn. Sech un enger destruktiver Positioun festzehalen, féiert um direkte Wee zu engem Sozialkonflikt“, esou de Marc Kirchen, LCGB-Gewerkschaftssekretär. © Martine de Lagardère / moien.lu

Anescht ausgedréckt: hei sténken d‘Lompe gewalteg. Et geet dann och iwwer wäit méi wéi de Verloscht vu bis zu 8 Congésdeeg, et geet ëm de Loun an méi generell, déi sozial Errongenschafte fir déi vill a laang gekämpft ginn ass. Scho beim aktuelle Kollektivvertrag hat d‘Direktioun zolidd op der Brems gestanen. Elo soll dat alles och nach emol vollstänneg a Fro gestallt ginn?

Mat de Gewerkschafte wäert dat net ze maache sinn, jiddefalls net mam OGBL. Déi ass wuel drun interesséiert de Sozialdialog bäizebehalen a mécht eng onerwaarte Propos: „Mir ginn hinnen elo d‘Geleeënheet dat Ganzt op null zeréckzesetzen an nach emol dat alles vun Ufank un opzehuelen. Ginn si drop an, da kann ee sech un der Verhandlungsdësch setzen an iwwert alles schwätzen“.

Och den Zentralsekretär vum LCGB, Marc Kirchen, huet en änlechen Discours gehalen, weist dann awer nach drop hin, si den 3. September bei der Direktioun no den Ursaache vum Defizit nogefrot hunn, a wéi héich do den Undeel vun der schlechter Gestioun ass. Et gouf och nogefrot, wéi eng Investitiounen an de leschte Jore gemaach goufen. Eng Äntwert kruten si natierlech net.

Foto: Ganz esou vereent, wéi si hei opgetruede sinn, si béid Gewerkschaften net. Mee si wäerten sech am Interessi vun de bei EUROFOIL beschäftegte musse verdroen. Hei brennt de Kueder an wierklech Zäit fir sech ze streiden hu weder OGBL an LCGB net. Zudeem ass EUROFOIL jo elo net deen eenzege Problem deen dem Land an der Groussregioun vum Grousskapital verursaacht gëtt. © Martine de Lagardère / moien.lu

Related topics EUROFOIL, Kollektivvertrag, LCGB, Marc Kirchen, OGBL, Patrick Freichel, Protestpiquet, Sozialdialog, Sozialkonflikt
Next post Previous post