Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Bicherwoch am Biodiversum
International Money Neiegkeeten WTF

Bicherwoch am Biodiversum

Vum 16. bis de 24. Februar gëtt zu Rëmerschen un

US-President wëll d‘Arméi mobiliséieren
International Money Neiegkeeten WTF

US-President wëll d‘Arméi mobiliséieren

U Feindbiller feelt et dem Donald Trump net an obwuel

Editorial: Eppes hin an hir gerappt
International Money Neiegkeeten WTF

Editorial: Eppes hin an hir gerappt

Meng Positioun zu „Klimawandel“ an „Äerderwiermung“ dierft dem opmierksame Lieser

moneysurprise

Eurogroupe: véier Kandidate fir de Posten als President

Eurogroupe: véier Kandidate fir de Posten als President

Haut de Mëtteg gëtt am informelle Krees vun de 19 Finanzminister – aus de Länner déi den Euro Ugeholl hunn – déi sech eemol de Mount gesinn, de Nofolger vum Hollänner Jeroen Dijsselbloem un der Spëtzt vum Eurogroupe gewielt.

Ënnert dëse véier Kandidaten ass och de Pierre Gramegna, fréiere Patron vun der Handelskummer, an Tëschenzäit Finanzminister. Eng gutt Geleeënheet sech d‘Kandidaten eppes méi genee unzekucken.

Mario Centeno, 50 Joer (Portugal)

E politeschen Debutant wéi hien 2015 an déi sozialistesch Regierung opgeholl ginn ass, dierf een dësen Ekonomie-Professer, deen de 9. Dezember säin 51. Gebuertsdag feiert, als Gesiicht vum wirtschaftlechen Erfolleg vu Portugal bezeechnen. E Land dat bis dohinner wirtschaftlech betruecht net „op der Héicht“ war.

Ouni fest politesch Zougehéieregkeet, war an ass de Mario Centeno de meeschte Portugisen onbekannt. Am Milieu vun den Ekonomisten ass hien dann och als e Liberalen oder en Zentrist beschriwwe ginn. Wat och u senge Positioune geleeën huet, déi ëmmer an der Faveur vu méi Flexibilitéit vum Aarbechtsmaart sinn.

Jovial an entgéint kommend huet dësen onscheinbare Personnage et fäerdeg bruecht, de Portugisen en Deel vun der, während der Kris verluerer Kafkraaft zréck ze ginn. Dat dierf awer net driwwer ewech täuschen, datt de Mario Centeno en erkläerte Frënd vum Patronat ass.

Pierre Gramegna, 59 Joer (Lëtzebuerg)

E Karrierist an der Diplomatie, Ambassadeur a Südkorea a Japan, esou huet de liberale Pierre Gramegna en 2013 beim „Regierungswiessel“ d‘Koalitioun als Finanzminister gestäerkt. A senger „Bewerbung“, déi der AFP virläit, seet sech de Pierre Gramegna „bereet a gewëllt déi néideg Zäit an Energie opzebréngen, fir déi schwéier Zäiten ze meeschteren déi eis erwaarden“.

„Eis Fäegkeet als Eurogroupe eng verstäerkte Wirtschafts- a Währungsunioun (UEM) ze schafen, wäert decisiv sinn, fir aner Memberen an d‘EURO-Zon unzezéien. Dat wier dann och dat ambitiéist ekonomescht Objektiv zanter dem Erschafe vun der europäescher Unioun“, esou eise liberale Regierungsvertrieder.

Leider schwätzt net alles fir de Pierre Gramegna. Esou seng Oppositioun zu méi Integratioun am fiskale Beräich, och wann dat kee Sujet ass deen direkt an der Eurogroupe behandelt gëtt. Laut ënnerschiddlecher Quellen, wier och den EU-Kommissiounspresident Jean-Claude Juncker, deen och scho President vum Eurogroupe war, net vum „Kandidat“ iwwerzeegt.

Peter Kazimir, 49 (Slowakei)

De Slowak huet vill Joren am industriellen Immobiliësecteur an der „Restrukturatioun“ vun Entreprisë geschafft, iert hien iwwert verschidden Aufgaben am Bankesecteur an d‘‘Regierung beruff ginn ass. Hei gëtt de Peter Kazimir 2012 zum Finanzminister ernannt.

Hie huet déi europäesch Unioun op der internationaler Zeen vertrueden, wéi säi Land am 2. Semester 2016 d‘Presidence vun der EU hat. Eng Aufgab déi hie gutt gemeeschtert huet, och wann hien net ëmmer a vun alle Säite gelueft ginn ass.

Den Dag vu senger Kandidatur huet hien erkläert: „ech gesinn d‘EURO-Zon als Moteur vun der europäescher Integratioun. Meng Ambitioun ass et, eis ganz Communautéit ze integréieren, déi wou schonn den EURO als Währung hunn, an déi wou den EURO nach ëmmer net hunn“.

Et muss een him gutt halen, datt seng Verbindung zu Länner am Osten, déi den EURO nach net hunn, duerchaus als „Virdeel ze betruechten ass. Géint de Peter Kazimir schwätzt säi schlecht Englesch a seng „orthodox“ Positioune géintiwwer Griicheland.

Dana Reizniece-Ozola, 36 (Litauen)

Si ass net nëmmen eng Fra, mee déi jéngste Kandidatin. No zwee Joer un der Spëtzt vum Wirtschaftsministère ass d‘Dana Reizniece-Ozola am Februar 2016 als Finanzministesch ernannt ginn. Zu Bréissel wéineg bekannt, mee a Litauen beléift, gehéiert si zu enger klenger Partei aus dem „Mëtt-Riets“ Spektrum, där eng Allianz mat de „Populiste“ vun „Gréng a Baueren Allianz“ zougeschwat gëtt.

D‘Dana Reizniece-Ozola hat géint d‘Aféierung vum Euro an sengem Land ausgeschwat. Si war der Usicht, datt den EURO säi Land géif enger Kris aussetzen. Mëttlerweil ass si dem EURO awer zougedoen. Schachspillerin op héchstem Niveau, dréit si den Titel „grousse Meeschter“ säit hirem 16. Liewensjoer. 2016 huet d‘Dana Reizniece-Ozola d‘Weltmeeschterin vum „Troun“ gestouss.

„Meng Aarbecht als Finanzministesch ass eng Beschäftegung déi vill Energie verlaangt, während ech déi beim Schachspill ophuelen. Wann ee politesch op esou engem Niveau aktiv ass, ass et ganz wichteg eppes ze hunn fir d‘Zäit ze verdreiwen, fir net säi Gläichgewiicht ze verléieren“, esou déi staark Fra am dach männlech gepräägte Krees vun de Finanzminister.

mat AFP

Foto: Den aktuelle President vum Eurogroupe, Jeroen Dijsselbloem, war aus der „Däischtert“ ausgetrueden, fir e knallhaart Verhandlungstalent virzeleeën. Hien huet mat sengem „Geschéck“ Europa duerch déi schlëmmste Period vun der Griicheland-Kris gefouert. © John Thys/AFP

Ähnlech Sujeten Dana Reizniece-Ozola, Eurogroupe, Jeroen Dijsselbloem, Mario Centeno, Peter Kazimir, Pierre Gramegna
Nächsten Artikel Virrechten Artikel