Search

You may also like

What the Fakt – 30. Doudesdag vum Salvador Dali
International Neiegkeeten

What the Fakt – 30. Doudesdag vum Salvador Dali

Mir all kennen den exzentresche Kënschtler duerch seng schmëlzend Aueren,

Cargolux: Santiago de Chile kënnt an d’Netzwierk dobäi!
International Neiegkeeten

Cargolux: Santiago de Chile kënnt an d’Netzwierk dobäi!

Um vergaangene Freideg huet Cargolux Airlines, bei senger Route iwwer Süd-Amerika, nees

Virun allem d’LSAP verléiert bei eiser Ëmfro u Stëmmen
International Neiegkeeten

Virun allem d’LSAP verléiert bei eiser Ëmfro u Stëmmen

Iert mer zu de Resultater vun eiser klenger Ëmfro kommen,

Eurogrupp op der Sich no neiem Leader

De Mario Centeno huet keng Loscht méi a wëll keen zweet Mandat, en Nofolger ass net a Siicht

Eurogrupp op der Sich no neiem Leader

2004 gouf den Eurogrupp gegrënnt well et ëmmer nees Kaméidi wéinst de Staatsscholde ginn huet. Wien dëse Grupp féiere wollt, war op seng Qualitéiten als Coordinateur ugewisen an huet zudeem eng zolidd Portioun Duerchsetzungsverméige misse matbréngen. De Portugis Mario Centeno war den drëtte Chef vum Eurogrupp, a gëtt elo zum 13. Juli de Virsëtz of. Den 9. Juli soll gewielt ginn.

De Virsëtz vun der Eurogrupp leeft eigentlech iwwer den Zäitraum vun zweeanenhalleft Joer an een deen dëse Virsëtz gepräägt huet, dat war de fréiere Lëtzebuerger Premier an spéidere President vun der EU-Kommissioun: de Jean-Claude Juncker. Ee Vollblutteuropäer mat masseg Erfarung an ee vun de Pappe vun eiser gemeinsamer Wärung. Hien huet dëse Poste bal 10 Joer laang gehalen.

Et war allerdéngs kee Kaffiskränzchen. D‘Finanzkris, d‘Eurokris, d‘Faillitte vu Griicheland an dann ëmmer och d‘Suerg, datt den Euro kéint d‘Bach agoen… Dat alles ass net Spurlos um konservative Politiker erlaanscht gaangen, an datt hien um Enn keng Loscht hat, huet hien an engem memorabele Saz veréiwegt:

Eurogrupp

Keen huet bis haut de Virsëtz vum Eurogrupp esou gepräägt wéi de Jean-Claude Juncker. Et war wuel net ëmmer perfekt, mee hie konnt mat der Kritik ëmgoen an huet d‘Weichen ëmmer am Sënn vun der europäescher Unioun a senge Bierger geluecht. Wien a senge Fousstrëtt wandere wëll, dee brauch eng entspriechend Haltung. (Archiv)

[blockquote author=”” style=”1″]„Ech weess net, ob dat eleiten ee Geckenhaus ass, mee ech si frou aus dësem Haus erauszekommen. Ech hu sechs Méint laang geruff: huelt mech hei eraus.“[/blockquote]

Dobäi hat sech de Lëtzebuerger op dem Poste bewäert. Hien huet d‘Haus propper an d‘Famill zesummegehalen. Ënnert senger Leedung hu sech esouguer weider véier Länner ugeschloss. Hien huet ni ee Blat virun de Mond geholl, kontrovers an/oder schwieregen Diskussiounen ass hien ni aus de Féiss gaangen. Hien huet d‘Jalone gesat a seng Nofolger haten ni esou ee Réckgrat.

Woubäi deen éischten, den Hollänner Jeroen Dijsselbloem, deen 2013 als eenzege Kandidat d‘Amt quasi verierft krut, seng Aufgab eescht geholl an u sech och gutt gemaach huet. Hien ass wuel ni verbal esou däitlech virgaange wéi de Jean-Claude Juncker, mee huet et op seng Aart a Weis ëmmer verstanen de Fanger an d‘Wonn ze leeën an der Kommissioun d‘Schwäche virun Aen ze féieren.

Virun dräi Joer, d‘Finanzkris war iwwerwonnen, hat hie kloer zum Ausdrock bruecht, datt esou wéi d‘Unioun opgestallt ass, et nëmme wéineg Moyene géif ginn, sech enger zukünfteger Kris entgéintzestellen. Wann een do net géif dergéint steieren, wier een net gerëscht fir alles wat engem an noer Zukunft kann op d‘Féiss falen. Haut kéint ee bal mengen, hien hätt d‘Pandemie geahnt…

Ouni Zesummenhalt net ze maachen

De Jeroen Dijsselbloem hat dann och keng Loscht op e weidert Mandat, firwat dunn de Portugis Mario Centeno d‘Amt iwwerholl huet. Um virleefegen Héichpunkt vun der Covis19-Pandemie huet dëse festgestallt: „Mir brauchen en europäesche Plang. Dat fir de Schwächsten ze hëllefen an eise Bannemaart ze schützen“. Ee Saz deen hie sënngeméiss ëmmer nees widderholl huet…

Schued datt hien net dat Duerchsetzungsverméige vum Juncker an déi rhetoresch Gewandheet vum Dijsselbloem hat. Vill Observateuren hunn an him dann och méi ee „Gerant“ wéi ee Leader gesinn. Et hunn him déi fir dëse Job noutwenneg Attributer gefeelt, firwat et net verwonnert, datt de Mario Centeno den Eurogruppechef mat der kierzester Lafzäit war. D‘Mandat ass nu emol keen dankbaart.

Stellt sech elo d‘Fro wien de véierten Eurogruppechef oder -cheffin ka ginn. Wierklech vill Auswiel gëtt et net. Wien dëse Poste besetzt mécht sech net beléift, zumindest dann net, wann een dat Mandat am Sënn vun engem Jean-Claude Juncker wëll ausfëllen. Zudeem setzt dëst Mandat viraus, datt een d‘Prioritéiten net aus „nationaler“ Siicht setzt. An dat ass wuel den eigentleche Problem.

Un a fir sech, wier déi spuenesch Wirtschaftsministesch Nadia Calvino sécherlech qualifizéiert fir dëst Mandat. Mee et schwätzt esou Munches dergéint. Zum engen de Fait, datt dann op en Neits ee Member vun enger nationaler Regierung wier déi den Job géif iwwerhuelen. Zum aneren ass Si net fräi vun den Interessen déi hiert Land verfollegt. An der Eurogrupp awer geet et ëm EU-Interessen.

Am Europaparlament ass de Wonsch grouss, datt sech d‘Eurogrupp ee Vollzäit-Virsëtzende wielt. Ob eng Fra oder ee Mann ass onerhieflech. Gutt wier eng Persoun, déi d‘Virzich vun engem Jean-Claude Juncker a Jeroen Dijsselbloem géif a sech vereenen. Esou eppes huet et den Ament net an awer presséiert et. D‘Urgence bezitt sech op déi sech der Pandemie uschléissend Wirtschaftskris…

mat indymedia/bru

Foto: De portugisesche Finanzminister Mario Centeno hat et Méindeg via Twitter matgedeelt: „Mäi Mandat als President vun der Eurogrupp leeft den 13. Juli aus a ech wäert um Dënschdeg de Kolleege meng Entscheedung, keen zweet Mandat unzestriewe virleeën. De 15. Juni trieden ech als Finanzminister zréck“. D‘Wahl fir d‘Nofolleg soll schon den 9. Juli stattfannen. © Eurogroup (File)

Related topics Changement, EU-Kommissioun, Eurogrupp, Mario Centeno
Next post Previous post