Search

You may also like

Kim Jong-Nam Attentat: éischte Geriichtsoptrëtt vun de Verdächtegen
Neiegkeeten

Kim Jong-Nam Attentat: éischte Geriichtsoptrëtt vun de Verdächtegen

Begleet vun enger schwéier bewaffenter Eskort a selwer mat kugelsécherer

Liewensmëttel-Sécherheet zitt Soja-Zooss aus dem Handel
Neiegkeeten

Liewensmëttel-Sécherheet zitt Soja-Zooss aus dem Handel

Direkt véier Produkter vun der Mark „Suzi-Wan“ mussen aus dem

Kranaarbechten an der Hollerecher Strooss (05.07.2020)
Neiegkeeten

Kranaarbechten an der Hollerecher Strooss (05.07.2020)

D’Stad Lëtzebuerg informéiert, datt e Sonndeg, de 5. Juli 2020

D‘Eurogrupp op der sich no engem neie Chef

D‘Eurogrupp op der sich no engem neie Chef

D‘Eurogrupp, domatter sinn d‘Finanzminister vun Euro-Zon gemengt, mussen sech am Dezember zesummendoen an sech entscheeden, wien dann ab Januar de Jeroen Dijsselbloem soll ersetzen.

De President vun dësem Veräin, deen sech ëmmer nëmmen „informell“ virun all Ecofin-Meeting trëfft, gesäit scho bis un d‘Enn vu sengem Mandat. Den Hollänner kritt net méi den Job als Finanzminister vun Holland. Dem Jean-Claude Juncker säin Nofolger muss also d‘Blat botzen.

An et gëtt der genuch déi schénge schaarf op de Posten ze sinn. E prestigiéise Posten egal wéi „informell“ d‘Entrevuen an d‘Deklaratiounen hei kënne sinn. Héich am Kurs leien do beispillsweis de Fransous Bruno Lemaire, mee och de Spuenier Luis de Guindos wier interesséiert, an de Slowak Peter Kazimir géif sech freeën.

E Kandidat mat Konsens ass gesicht

Jo gutt, mee do ass nach een deen den Usproch erhieft an sech schonn emol a Positioun bréngt. Et ass rieds vu kengem anere wéi dem Pierre Gramegna, Finanzminister vun der Koalitiounsregierung. Deen ass dann allerdéngs och der Usicht, datt et sech net géif passen seng Kandidatur op den Dësch ze leeën. Hien zitt et fir, datt de Kandidat am Konsens muss ernimmt ginn.

A wann de Gramegna dann dee vum „Konsens“ sollt sinn, wier hien och bereet d‘Verantwortung ze iwwerhuelen. Seng Chancë stinn dann och esou schlecht emol net. Dee liberalen aus Lëtzebuerg géif zudeem, fir de Fall datt en auserwielt géif ginn, och mat enger Bréisseler Ongerechtegkeet Schluss maachen.

Wann et elo sécher richteg ass, datt vill „liberaler“ als Staatscheffe bannent der EU täteg sinn, esou ass awer och richteg, datt déi liberal keng Schlësselpositioun zu Bréissel bekleeden. Da muss och ervirgehuewe ginn, datt de Pierre Gramegna bei Froen zum Euro nach eng Rei aner Virdeeler huet. Dorënner de Fait datt hien als „moderat“ betruecht gëtt. Hie kéint a Sträitfäll idealerweis d‘Roll vum Mediateur iwwerhuelen.

Ee Lëtzebuerger vu villen

Géint de Gramegna schwätzt awer och d‘Tatsaach, datt zu Bréissel schonn eng ganz Rëtsch Lëtzebuerger op héije Poste sëtzen. Ze vill wann een deem engen oder aneren nolauschtert, an dat kéint sech fatal op den Usproch vum Finanzminister auswierken. Zudeem, mam Jean-Claude Juncker als EU-Kommissiounspresident, ass den Asaz als Chef vum Eurogrupp fir de Gramegna kompromettéiert.

Mee de Finanzminister hätt den Job gären. An einfach emol ugeholl hie géif en zougeschwat kréien. Fir en ze behale brauch et dann e gudden Optimismus. Wëll domatter gesot hunn, datt den aktuelle Finanzminister vu Lëtzebuerg, och dee vun „no de Chamberwahlen 2018“ muss sinn. An op déi aktuell Regierung vum Wieler nach eng Kéier bestätegt gëtt, jo dat, dat steet nach an de Stären.

Foto: (Archivbild) De Pierre Gramegna als nächste President vun der Eurogrupp? Méiglech mee net probabel, wëll och fir hie kann et no de Chamberwahlen 2018 och nees schnell eriwwer sinn. © Martine de Lagardère/moien.lu

Related topics EU-Kommissioun, Eurogrupp, Jeroen Dijsselbloem, Pierre Gramegna
Next post Previous post