Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Dammefussball 1/8 Final Coupe de Luxembourg: SC Beetebuerg erziilt paradisescht Resultat
Cool Neiegkeeten

Dammefussball 1/8 Final Coupe de Luxembourg: SC Beetebuerg erziilt paradisescht Resultat

Bei engem Wieder wou een eigentlech keen Hond hannert dem

dislikesurprise
USA: „Recht hunn“ a „Recht kréien“ sinn en ënnerschiddlecht puer Schong
Cool Neiegkeeten

USA: „Recht hunn“ a „Recht kréien“ sinn en ënnerschiddlecht puer Schong

E franséischen US-Resident huet de franséische Staat verklot, well hien

love
48 Refugiéen aus Italien sinn op Lëtzebuerg komm
Cool Neiegkeeten

48 Refugiéen aus Italien sinn op Lëtzebuerg komm

Am September 2015 huet de Conseil  “Justice et affaires intérieures” (JAI)

cool

D’Innovatiounskraaft vu Lëtzebuerg soll eis de Sëtz vun EuroHPC abréngen

D’Innovatiounskraaft vu Lëtzebuerg soll eis de Sëtz vun EuroHPC abréngen

Wéi et de Wirtschaftsministère déi lescht Woch bekannt ginn huet, soll am Kader vum strategeschen Interessi de Projet „high performance computing“ (HPC) de Sëtz vun EuroHPC zu Lëtzebuerg installéiert ginn. Dës Struktur soll sech ëm déi juristesch a finanziell Operatioune këmmeren.

Sënn an Zweck vun EuroHPC ass et, eng Pan-europäesch Infrastruktur vu Supercomputer an Europa op- an auszebauen. D‘Initiativ EuroHPC ass déi logesch Konsequenz vun der am Mäerz 2017 zu Roum ënnerschriwwen Deklaratioun. Déi éischt déi hei „mat ënnerschriwwen“ hate waren: Däitschland, Frankräich, Holland, Italien a Portugal. Am Laf vum Joer hunn sech dann och nach d‘Belsch, Bulgarien, Griicheland, Kroatien, d‘Schwäiz a Slowenien ugeschloss.

Konkret soll de Sëtz vun EuroHPC am zweete Semester vun dësem Joer installéiert ginn. Déi operationell Struktur vun EuroHPC ënnerstëtzt dann och e Fuerschungs- an Innovatiounsprogramm, fir d‘Technologien an d‘Informatikmaterial, mee och d‘Software ze entwéckelen, déi op dëse Supercomputer – déi e puer Milliarde Rechnungen an der Sekonn kënnen duerchféieren – „lafe“ kann.

Eng Milliard gëtt investéiert

D‘Initiativ soll also genuch Rechekapassitéite fräistellen fir d‘Kompetitivitéit vun der EU sécherzestellen.

Bis 2020 solle bis zu enger Milliard Euro u Steiergelder an d‘Initiativ EuroHPC gestach ginn. 486 Milliounen Euro kommen hei aus Bréissel, de Rescht mussen d‘Länner déi sech dem Projet ugeschloss hunn opbréngen. Si sinn dann och mat der EU-Kommissioun d‘Aktionäre vun EuroHPC.

Déi Supercomputer solle genotzt gi fir numeresch Simulatiounen a verschiddene Beräicher, wéi der Industrie, Wëssenschaft oder Medezin, duerchzeféieren. „Rechenaufgaben“, déi därmoosse Ressource verlaangen, datt dofir „gewéinlech“ Computer net duer ginn. D‘Initiativ soll also genuch Rechekapassitéite fräistellen, déi d‘Entreprisen, Fuerschungszenteren an Universitéite brauchen, fir d‘Kompetitivitéit vun der EU, am Kader vun der digitaler Wirtschaft, sécherzestellen.

Den Atout „Lëtzebuerg“ ass d‘Attraktivitéit

Fir de Premierminister Xavier Bettel wier dann och erwisen, datt de Virschlag vun der EU-Kommissioun, de Sëtz vun EuroHPC zu Lëtzebuerg ze etabléieren, d‘Attraktivitéit vum Grand-Duché als Innovatiounsland ënnersträicht. Ugesicht de Mëttel déi zu Lëtzebuerg agesat ginn  wier Lëtzebuerg och bereet eng konstruktiv a participativ Pionéierroll bei der numerescher Strategie fir Europa ze iwwerhuelen. Dëst geschitt och am Kader vun der Initiativ „Digital Lëtzebuerg“.

Dat gesäit de Vizepremier a Wirtschaftsminister Etienne Schneider ähnlech: „De Virschlag, zu Lëtzebuerg déi Struktur ze etabléieren, déi fir d‘Ausbreede vun der europäescher Infrastruktur vu Supercomputer mat globalem Ausmooss verantwortlech ass, bestätegt d‘Renommée vun eisem Land als ‚smart Nation‘. Duerch den HPC erlabe mir et all de lokalen ekonomeschen Acteuren, a notamment den Innovatiounsbetriber, Zougang zu staarke Rechekapassitéiten ze hunn. Net ze vergiessen, datt den HPC och ee wichtegt Instrument am Kader vun der Rifkin-Strategie ass“.

mam SIP/Meco

Ähnlech Sujeten Etienne Schneider, EU-Kommissioun, EuroHPC, Wirtschaftsministère, Xavier Bettel
Nächsten Artikel Virrechten Artikel