Search

You may also like

Dës Studentin wëll an engem Mount e ganze Roman schreiwen – an ass bei wäitem net eleng
International Neiegkeeten Stories

Dës Studentin wëll an engem Mount e ganze Roman schreiwen – an ass bei wäitem net eleng

D’Kiara Roth huet sech vill fir de November virgeholl: D’Studentin

D’Reunioun zur nuklearer Sécherheet Nr. 17!
International Neiegkeeten Stories

D’Reunioun zur nuklearer Sécherheet Nr. 17!

Déi franséisch-lëtzebuergesch Kommissioun zur nuklearer Sécherheet huet um 4. Abrëll

E Standuert fir de CIS Beetebuerg/Diddeleng
International Neiegkeeten Stories

E Standuert fir de CIS Beetebuerg/Diddeleng

Den 20. Mee hat den DP-Deputéierte Gusty Graas bei der

Europa an d‘Rechtsstaatlechkeet (Analys)

Vum EU-Haushalt iwwert den „New Green Deal“ bis zum Covid19-Wirtschaftsrettungsprogramm, tëscht Bréissel a Stroossbuerg ass et och schonn emol méi schlecht gelaf…

Europa an d‘Rechtsstaatlechkeet (Analys)

Wa sech déi europäesch Staats- a Regierungscheffe schonn am Summer op e faule Kompromëss agelooss hunn – wou et am Fong geholl just drëms gaangen ass, d‘Ausbezuele vu Subventiounen an/oder Hëllefspäck mam anhale vu rechtsstaatleche Prinzippien ze verknäppen – well Polen an och Ungarn mam „Veto“ gedreet hunn, bleift et derbäi: de klengste gemeinsamen Nenner zielt!

Fir den nationalistesche Polen an de faschisteschen Ungarn „entgéint“ ze kommen, koum et zu onduerchsiichtege Formuléierungen an nach méi komplizéierten Ofstëmmungsverfaren. Méiglech mécht dat virun allem déi konservativ EPP (Europäesch Vollekspartei), déi ouni d‘Stëmme vun de rietskonservativen hir Muechtuspréch missten iwwerdenken. An d‘Rechtsstaatlechkeet?

Ma an der EU-Kommissioun wéi an der EPP (hei ass d‘CSV Member) huet een et a Kaf geholl, datt et zu Ierger a Gestreits an de Memberlänner komm ass. Et waren d‘Technokraten déi eng Léisung hu fanne missen, déi dann am Trilog tëscht EU-Kommissioun, EU-Rot an EU-Parlament berode goufen, iert dat Ganzt a rechtsgülteg Texter konnt ëmgewandelt ginn. An et ass besser wéi gefaart…

Duerchsetzungsverméigen

Kuckt ee sech dat Ganzt duerch de Brëll vun den EU-Deputéierten un, da kann een, ouni hei ze iwwerdreiwen, vun engem historeschen Duerchsetzungsverméige schwätzen, well et ass dach der Verhandlungsdelegatioun tatsächlech gelongen, déi allermeeschte Fuerderunge géintiwwer de Memberlänner duerchzesetzen. An Polen wei an Ungarn, ass dat politesch guer net gutt ukomm.

Dat huet e Grond: Et ass elo – fir déi éischte Kéier an der Geschicht vun der Unioun – méiglech am Fall vu Mëssuechtung vu grondleeënden (europäesche) Wäerter, Memberlänner iwwert den Ëmwee vu finanzielle „Sanktiounen“ nees op de Wee vun der Dugend zeréckzeféieren. Eng wichteg an och weeweisend Decisioun, déi allerdéngs ënnert gréisstem Widderstand zustane komm ass.

Laut dem éischten Entworf, hätt et beschtefalls zu „Kierzunge“ vun den EU-Finanzhëllefe komme kënnen, wann et bei direkt ausbezueltem Geld zur Verontreiung komme géif. Am Kompromëss, op dee se sech verstännegt hunn, kann et zu Kierzunge kommen, wa „grondsätzlech géint Grondrechter verstouss gëtt“. Eng onofhängeg Justiz a Pressefräiheet, gehéieren zu dëse Grondrechter.

Net laang diskutéieren

Well et mat der Juristerei och ëmmer iergendwéi drëms geet Zäit ze schënnen, muss begréisst ginn, datt d‘EU-Parlament et fäerdegbruecht huet kloer Fristen anzebréngen, déi och vun alle Gremie mussen agehale ginn. Ee gutt an hoffentlech wierksaamt Instrument, fir ze verhënneren, datt nees Sanktiounen op Mokuchsdag verluecht kéinte ginn. Och dat, wann et ze halen ass, eng gutt Saach.

Laut dem Text ass et elo faktesch méiglech, ee Memberstaat schonn néng Méint no der Feststellung vum Verstouss, ze „bestrofen“. Woubäi heimat natierlech d‘Kierzung vun de Finanze gemengt ass. Flott ass dann och, datt EU-Länner am Fall vu Steierbedruch/Steierhannerzéiung vu physesche Persounen oder Entreprisen, kënnen zur Verantwortung gezu ginn. Eng Fuerderung vum EuGH.

A well et esou schéin ass: d‘EU-Parlament huet ee Mechanissem duerchgesat kritt, dee garantéiere soll, datt bei Verstéiss, net déi eigentlech Beneficiaire bestrooft ginn. Wéi beispillsweis Studenten oder Landwirt, déi op d‘EU-Subventiounen ugewise sinn. Anescht ausgedréckt, et sollen hei net d‘Beneficiaire fir d‘Feeler/Verbrieche vun hire respektive Regierunge bestrooft ginn.

Wéini geet et lass?

Iwwer Nuecht léisst sech esou eppes verständlecherweis net ëmsetzen. Geséchert awer schonn emol datt eenzel Länner, dëse Beschloss net méi blockéiere kënnen. Polen an Ungarn kënnen sech also hei hiert Veto-Recht anzwousch histieche wou d‘Sonn éischter Seelen duerchdréngt. Trotzdeem muss een nach eppes Gedold hunn, well esou richteg ofgeschloss ass d‘Prozedur elo och nach net.

Dëse „Kompromëss“ muss vum EU-Rot an dem EU-Parlament nach gezeechent ginn. Dat dierft net wéi a villen anere Fäll eng „Formalitéit“ sinn, woubäi se streng geholl, keng Wiel méi hunn. An déi wierklech beschte Feststellung déi engem iwwreg bleift, d‘EU-Bierger kënnen sech tatsächlech och emol eng Kéier doriwwer freeën, datt hir „Vertrieder“ esou eppes wéi gutt Aarbecht geleescht hunn.

Subventioune gëtt et nëmmen nach fir déi wou sech un demokratesch Reegelen halen. Dat dierft dem Viktor Orban (Ungarn – Faschist) a sengem Kolleeg Mateusz Morawiecki (Polen – reliéise Fundamentalist net passen. Datt d‘EU-Parlament esou standhaft bliwwen ass, sollt den Europäer awer Hoffnung maachen, och wann d‘Staats- a Regierungscheffe hir eegen Interesse verdeedegen.

mat indymedia/bru/ber/lon

Illustratioun: © Markus Spiske / unsplash

Related topics EU-Kommissioun, EU-Parlament, EU-Rot, Europa, Kompromëss, Rechtsstaatlechkeet
Next post Previous post