Search

You may also like

Eva-Stories: Wann et am Holocaust Instagram ginn hätt!
International Meenung Money Neiegkeeten

Eva-Stories: Wann et am Holocaust Instagram ginn hätt!

Iwwert 1,2 Milliounen Abonnenten huet den Instagram-Account eva.stories schonn. Dobäi

Den ACL informéiert
International Meenung Money Neiegkeeten

Den ACL informéiert

Wéi den Automobil Club Lëtzebuerg (ACL) et matgedeelt huet, kann

Bolivien am Ausnamezoustand
International Meenung Money Neiegkeeten

Bolivien am Ausnamezoustand

Bei de jéngste Protestaktioune géint déi ëmstridde Presidentschaftswahl a Bolivien,

money

Europa: Feindschaft statt Partenariat (Analys)

Déi sanitär Kris, ausgeléist duerch de Coronavirus Covid19, stellt d‘EU grondsätzlech a Fro

Europa: Feindschaft statt Partenariat (Analys)

Europa, esou déi traureg Bestätegung vun engem laange Verdacht, ass ee Sammelsurium vu Länner déi, esou zumindest déi ursprénglech Iddi hannert dem Projet „Europäesch Unioun“, als gläichberechtegt Partner politesch a wirtschaftlech Hand an Hand zesummeschaffe sollten. Et huet scho virun der Pandemie, Unzeeche ginn datt „Solidaritéit“ fir déi meescht ee Friemwuert ass.

An elo, matten an der sanitärer Kris – op déi eng nach schlëmmer Wirtschaftskris folge wäert – briechen déi Grief nees op: den Norde géint de Süden. Schonn eleng de Fait, datt déi europäesch Länner am „Süden“, alleguerten héich verschëlt, vun de „besser gestallte“ Länner am Norde méi finanziell Solidaritéit fuerdere mussen, ass en eenzegt Aarmutszeugnis, mee och Erausfuerderung.

No dëser Kris, sollt een d‘EU net nëmme kritesch hannerfroen, mee sech iwwerleeën op de Projet a senger aktueller Versioun iwwerhaapt nach Sënn mécht, an et faktesch net besser wier, nees datt ganzt zréck op de Niveau vun der Wirtschaftsunioun zréckzefueren. Solidaritéit gëtt e wuel tëscht eenzele Partner, mee och dat ëmmer nëmmen am Verbond mat nationalen Interessen.

EuropaDat beschte Beispill liwwert d‘Kausa Italien. Wéi d‘Pandemie sech hei explosiounsaarteg verbreet huet, d‘Leit wéi d‘Mécke stierwen a medezinescht Personal muss entscheeden: wien e Recht op Liewen huet an wien ee ganz bewosst iwwer de Jordan goe léisst, gouf et keng Hëllef aus Bréissel. Woubäi d‘Ursula von der Leyen hei keng Schold trëfft, si hat déi richteg Fuerderunge gestallt…

Et ass kee besser wéi deen aneren

Roum huet massiv a scho bal am Stonnentakt ëm „Hëllef“ gebiedelt, mee d‘EU-Kommissioun an d‘Länner hu just gebraddelt, statt déi Solidaritéit, déi eigentlech ënner „Partner“ selbstverständlech sollt sinn an net emol enger „Demande“ benéidegen dierft, aktiv opzebréngen. Hëllef huet Italien dann awer kritt: Schutzausrëschtung aus China a Russland, medezinescht Personal aus Kuba…

Elo huet esouguer de selbsternannte „Krichspresident aus Amerika 100 Milliounen US-Dollar Direkthëllef ugebueden. Datt verflicht d‘Italiener zum „Dank“, well och wa China a Russland hei eng wichteg humanitär Hëllef leeschten, iergendwann wäert ee sech op Géigeleeschtunge verstännege mussen. Zumindest sollt deem nom Motto „eng Hand wäscht déi aner“ esou sinn.

Europa

An d‘EU-Kommissiounspresidentin huet scho misse gewalteg Drock op d‘Memberlänner ausüben, fir den absolutte Minimum u Solidaritéit aus dësen erauszepressen. Italien feelt et nämlech net nëmmen u Schutzausrëschtung an Ënnerstëtzung bei der Behandlung vun um Covid19 erkrankte Mënschen, mee och d‘Geld geet dem Land aus. Ass d‘Rezessioun an Italien also beabsichtegt?

Et ass jo awer – och wann déi meescht ënnert eis virun esou eppes d‘Aen nëmmen all ze gäre verschléissen – gewosst, datt bannent der EU Italien mat 2.439 Milliarden Euro, direkt no eise franséischen Noperen (2.415 Milliarden Euro), déi héchste Scholden huet, wat net och zu gudder Lescht un der Finanzpolitik vun de Länner geleeën ass. Dat gëllt och fir d‘Migratiounskris.

Gemeinsam Scholden ophuele wier eng Optioun

Wann den italienesche Premierminister Giuseppe Conte vun den „Euro-Länner“ fuerdert, datt ee sech iwwert den Ëmwee vu sougenannte „Corona-Bonds“ (an Uleenung un d‘Krich-Bonds) quasi gemeinsam verschëlt, dann ass hien net deen eenzegen. 9 Länner vun der Eurozon, dorënner och déi aner den Ament am schlëmmste betraffe Länner Frankräich a Spuenien, hu sech u Bréissel gewannt.

An engem Bréif un de belsche Rotspresident Charles Michel – vun deem behaapt gëtt, datt hien de Mann vum Konsens ass, obwuel hien ni eng Regierung op d‘Bee kritt huet – ginn esou Instrumenter gefuert, fir d‘Folge vun der sanitärer Kris an déi sech uschléissend Wirtschaftskris, solidaresch a gemeinsam ze bewältegen. Datt et iwwerhaapt esou Fuerderung muss ginn ass der EU net wierdeg.

EuropaDobäi sollten d‘Länner aus dem Süden sech un den Dissens an der „Eurokris“ (2008) an feelende Konsens am Kontext vun der Flüchtling-/Migratiounskris (2105/16) erënneren. Schon deemools hunn sech Däitschland, Finnland, Holland an Norwegen enger Vergemeinschaftung vun de Scholde widdersat. D‘Südlänner hu sech missen zu Wucherzënse Goss léinen a goufen nach méi Aarm.

Eng „Opportunitéit“ fir déi räich Länner aus dem Norden. Konnten si dach opgrond der Schold, dëse Länner eng Austeritéitspolitik opzwéngen, aus deenen „hir „ Entreprisen an Staatskeesen de maximale Profit geschloen hunn. Stéchwuert: Privatisatioun vun de rentabele Staatsbetriber. Dat ass net nëmme schänterlech, mee verdäitlecht datt ee weder Partner nach eng Solidargemeinschaft ass.

Dat Offensichtlecht aus Egoismus ausblennen

Et kann ee sécherlech ënnerschiddlech Usiichten hunn, ob déi sougenannte „Corona-Bonds“ oder „Euro-Bonds“ der Wäisheet leschte Schluss ass, mee de Prinzip u sech ass richteg. Deen nämlech baséiert dorobber, datt d‘Euro-Länner zu niddregen Zënsen Obligatiounen erausginn. Dat heescht datt d‘Länner iwwert dëse Wee solidaresch fir d‘Scholde vun engem Land bierge géifen.

EuropaAn dat wier grad fir esou héich verschëlte Länner wichteg, wëll si dat benéidegt Geld zu engem niddregen Zënssaz kréi kënnen. Däitschland an Éisträich verweisen awer drop, datt de Risk besteet hir Steierzueler misste fir dären hir Scholden opkommen, an déi dat als Aluedung kéinte verstoen, Reformen an der Budgetspolitik ausser Uecht ze loossen. Droleg Opfaassung vu „Solidaritéit“…

D‘Ursula von der Leyen ass vun der eesäiteger Argumentatioun vun de genannte Länner net ganz iwwerzeegt, a gesäit an dësen Obligatioun ee realistescht Instrument, fir eng Wirtschaftskris net ausaarten ze loossen. Mee, wéi gesot, en Europa an deem dat méiglech wier, gëtt et aktuell net a wäert et esou och ni ginn. Et wäert een also nees op den Schutzmechanissem ESM zréckgräifen.

An dësem huet et den Ament eng „Reserv“ vu 410 Milliarden Euro, déi iwwert besonnesch Kreditlinnen alle Länner zur Verfügung gestallt kënne ginn. Geld kritt awer just deen, wou sech eng stramm Austeritéitspolitik operleet an ongeheierlech Oplagen zouléisst. A Griicheland ass iwwert dëse Wee de Gesondheetssystem, deen elo benéidegt gëtt, vollstänneg bei d‘Sau gekéiert ginn.

EuropaWann et also net séier an de Länner – Bréissel stellt déi richteg Fuerderunge kann se awer net imposéieren – d‘Politik sech besënnt, da wier et besser d‘EU direkt opzeléisen. A mat esou Länner wéi beispillsweis Ungarn, déi all Decisioun blockéiere kann, oder Däitschland dat d‘Wirtschaft der Solidaritéit virzitt, ass eng Léisung vu vireran ausgeschloss. Dat kann d‘EU net iwwerliewen…

mat indymedia/rom/bru/ber/vie/par/mad/ath

Related topics Austeritéitspolitik, Coronavirus, Covid19, ESM, EU, Eurobonds, Obligatiounen, Solidaritiet
Next post Previous post