Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

AiLaike Handmade Iced Tea – Frësche Wand fir d’Geschmacksknospen!
funny online dating puns Neiegkeeten

black dragon dating advice

Am Joer 2011 war et den Nils Beierlein aus Mainz,

chloe sutton dating
funny online dating puns Neiegkeeten

Jonk Lëtzebuerger Fuerscherinnen brilléieren international

Wéi mer vun der Fondatioun Jonk Fuerscher matgedeelt krute, war

Kenns du d’Sauer gutt genuch, fir op mannst 10 Froe richteg ze beäntweren?
funny online dating puns Neiegkeeten

Kenns du d’Sauer gutt genuch, fir op mannst 10 Froe richteg ze beäntweren?

D’Sauer gehéiert zu eisen Haaptwaasserleef. Mee wéi gutt kenns du

Europa ass e Gedicht!

Eng poetesch Performance fir Europa

Europa ass e Gedicht!

Eng entflaamt a mat Witz gewierzte „Poetry-Performance“ fir Europa presentéieren de Büro vum Europäesche Parlament zu Lëtzebuerg, den Thüringer Literaturrot an den Institut Pierre Werner, dësen 28. Mäerz um 19 Auer an der Abtei Neimënster.

Dichter wéi de Guy Helminger (L), Geert van Istendael (B), Manza (B) an Daniela Danz (D) wäerten zwee Méint virun der Europawahl a matzäite virum vermeintleche Brexit-Datum, Ausschnëtter aus dem „europäesche Grondgesetz a Versen“ virféieren. Mat „Europa ass e Gedicht!“ kënnen interesséiert Leit en Owend erliewen, deen, wéi de Mëtteldäitsche Radio geuerteelt huet „mat Europa versöhnt an zum klénge bréngt, wat dat Matenaner eigentlech ausmécht“.

Den Entrée ass gratis, mee fir kucken ze dierfe muss ee sech umellen. Dat geet ganz einfach via e-Mail un epluxembourg@ep.europa.eu, oder engem Uruff op den 43 00 22 597.

Hannergrond:

„Dat politescht Europa zuckelt vun enger Kris an déi nächst a stierzt d‘Bierger an Angscht a Verwirrung“, dës Diagnos huet virun enger Rei Jore schonn de „Bréisseler Dichterkollektiv“ gestalt an ass zur Therapie iwwergaangen: Iwwer 50 renomméiert europäesch Dichter(innen) hunn an iwwer 40 Sproochen „Dat europäescht Grondgesetz a Versen“ geschriwwen.

Mat Fantasie a Roserei, Humor a Gefill, hu si e lëschtegen, heiansdo och bëssege Géigenentworf zu monstréise Waasserkapp Europa geschriwwen. E Bekenntnis zu de Mënschen an Europa, vum finnesche Fléisser Paavo aus Lappeenranta, bis zum Melissa aus der Bar Iphigenia zu Thessaloniki. „Mir, Vollek vun Europa, Herrscher vun eegener Gnod“, heescht an der Preambel.

Et geet ëm d‘Recht, vun den Eurokraten net op dem Aarm geholl ze ginn. Sech weder vun haidegen Nationalisten nach vun de krichsräicher Vergaangenheet iwwerwältege loossen – an och net vun triebhafter Reguléierungswut. Et geet ëm d‘Erhale vu Villfalt, Liewensfreed, Reesfräiheet, Denkfräiheet, Reliounsfräiheet, ëm d‘Recht op Äppelbeem an Iessloscht an en Daach iwwert dem Kapp; an och d‘Kand am Mënsch muss grondrechtlech geschützt sinn, esou d‘Dichter. „Wann d‘Politik net méi weider weess, hëlleft nëmmen nach d‘Poesie!“.

Déi méisproocheg Bühneversioun bréngt an enger temporäicher Performance all d‘Texter och an däitscher Fassung. Et ass en eenzegaartege Projet, dee schonn zu Berlin a Bréissel, wéi och an aneren europäesche Stied virgestallt ginn ass. Elo also och zu Lëtzebuerg, een Dag virum Brexit…

Ähnlech Sujeten Abtei Neumünster, Europa, Gedicht, Poesie, Theater
Nächsten Artikel Virrechten Artikel