Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Osteopathie: Ab 2018 endlech unerkannt
International Neiegkeeten

https://moien.lu/best-cleveland-dating-site/

Et ass e verkannte Beruff, a vill schwätze gäre vum

dating vs relationship meaning
International Neiegkeeten

Editorial: Chamberwahlen – Wat ass dat dann?

D’Chamberwahle sti virun der Dier. Schonn e Sonndeg muss ee

Hëtztwell 2019: Lëtzebuerg erwaart bis zu 38 Grad a méi!
International Neiegkeeten

Hëtztwell 2019: Lëtzebuerg erwaart bis zu 38 Grad a méi!

Wéi divers meteorologesch Déngschter mellen, ass an dëser Woch mat

Héich Zäit datt sech Europa emanzipéiert

Héich Zäit datt sech Europa emanzipéiert

An hirer Europa-Ried zu Berlin huet déi nei EU-Kommissiounspresidentin Ursula von der Leyen verschidden Initiativen annoncéiert, fuerdert vun de Memberlänner méi Zesummenaarbecht fir déi europäesch Interessen an der Welt besser ze vertrieden a setzt Prioritéiten.

Et war den éischte „groussen“ Optrëtt vun der fréierer däitscher Verdeedegungsministesch, déi elo d‘Nofolleg vum Jean-Claude Juncker un der Spëtzt vun der EU-Kommissioun untrëtt. An et gesäit alles duerno aus, wéi wann sech dës Damm eppes virgeholl huet. D‘Ukënnegung géintiwwer China en anere Kurs anzeschloen a massiv Investitioune fir de Klimaschutz, geet awer net wierklech duer.

Europa

Um Freidegowend huet si an hirer Europa-Ried betount: „D‘EU muss d‘Sproch vun der Muecht léieren. (…) Dat heescht och do eege Muskelen opzebauen, wou mir eis laang op anerer stäipe konnten“. Dat ass en däitlechen Hiweis drop, datt gewëssen Allianzen net méi dee gewënschte Bezéiungsstatus erfëllen. Et geet ëm d‘Verdeedegung, Wirtschaftswuesstem an de Klima…

Klima, Migratioun an Zesummenhalt

Nodeems déi europäesch Jugend entscheet huet keng Rou ze ginn, bis d‘Politik endlech hir Flichten erfëllt a statt iwwer Klima ze schwätzen, endlech neel mat Käpp mécht, gëtt zumindest versicht esou ze maachen, wéi wann et do Aussiichte géif ginn. D‘Ursula von der Leyen wëll eng Billioun Euro fir de Klimaschutz aktivéieren. Geld dat bis 2030 soll fléissen an d‘EU zum Virbild maachen.

Dofir brauch d‘EU-Kommissiounspresidentin awer nach den Accord vun alle Länner, wat éierlech gesot, eng ganz schwiereg Missioun dierft ginn. Mee et sollt een hei awer den Investitiounsplang ofwaarden, deen deemnächst soll presentéiert ginn. Interessant och de Gedanken, datt Deeler vun der BEI (Europäesch Investitiounsbank) an eng „Klimaschutz-Bank“ sollen ëmgewandelt ginn.

Europa

Och am Kontext vun der Migratioun muss et virugoen an hei soll schon am éischte Semester 2020, en neien Ulaf geholl ginn, fir en europäesche Migratiounspakt op d‘Been ze stellen. Si ass dann och zouversiichtlech, datt d‘Blockad géint e Verdeelerschlëssel kann opgehuewe ginn. Och déi Länner wou géint dëse Prinzip sinn, missten elo gemierkt hunn, datt ee Migratioun net verhënnere kann.

Den „haarde Kär“ vun den ugeschwate Länner bilden d‘Visegrad-Staaten. Polen, d‘Slowakei, Tschechien an Ungarn, wéilten zréck un de Verhandlungsdësch, sot d‘Ursula von der Leyen. Et wier elo och dëse Länner bewosst, datt all EU-Land e solidaresche Beitrag zur Léisung brénge muss. Ob a wéi d‘EU-Kommissiounspresidentin e Konsens hierstelle kann, gouf gëschter net verroden.

Europäesch denken, global handelen

An engem Punkt dierft d‘Ursula von der Leyen zu Berlin Recht behalen. Europa misst sech drop astellen, datt d‘Diplomatie nei ausgeriicht gëtt an a villen Hisiichte méi Standhaftegkeet gefrot ass. Mat der sougenannter „soft power“ kéint sech déi europäesch Unioun net méi an der Welt behaapten, firwat sech d‘EU natierlech eng eege Verdeedegungspolitik a -Strategie zouleeë muss.

D‘EU bréicht méi militäresch Fäegkeeten, esou d‘Ursula von der Leyen. Datt d‘Bundeswehr kaum Material huet dat een als „Asazfäeg“ dierft bezeechnen an den Emmanuel Macron d‘NATO als „Gehirdoud“ erkläert huet, loossen duerchblécken, datt et tatsächlech seriéis Problemer geet. Esou laang wéi d‘EU sech kee selbstännege Militärkomplex leescht, ass een awer op d‘NATO ugewisen.

Europa

Et muss sech dann och wirtschaftlech besser opgestallt ginn. Datt China e vun de wichtegsten Handelspartner vun der EU ass (wat ëmgekéiert genee esou wouer ass) an d‘Entreprisen aus der Volleksrepublik un ëffentlechen Ausschreiwunge kënnen deel huelen, dat sollt ee begréissen a gläichzäiteg och uecht dinn, datt sech déi un eis Sozial- an Ëmweltstandarden halen.

Interessant bei den europäesch-chinesesche Bezéiungen, d‘Bemierkung vum Ursula von der Leyen, déi vu staatlech subventionéierten Entreprisen „Akafs-Touren“ besser ze kontrolléieren a falls néideg ze beschränken. Dofir wieren d‘Bäitrëttsverhandlunge mat Albanien an Nordmazedonien ze wichteg. Déi ginn den Ament vun eise franséischen Nopere verhënnert a China weist Interessi.

Mee och den Amerikaner dierft een net alles duerchgoe loossen. D‘EU-Kommissiounspresidentin wäert sech dofir asetzen, datt d‘Entreprisen aus dem IT-Secteur zukünfteg an der EU Steieren an enger ugemoosser Héicht bezuelen. Wéi si dat, ugesiichts dem Fakt datt et Länner gëtt déi vu Google oder Facebook keng Steiere wëllen, ëmsetze wëll, dat muss awer nach gekläert ginn.

mat indymedia/ber

Foto: Europa kann hisichtlech senger Bevëlkerung méi al a manner ginn, mee Europa huet eppes vun onschätzbarem Wäert: Rechtsstaatlechkeet, Demokratie, Fräiheet an d‘Oppenheet fir vill Liewensprojeten. Esou eppes fannen déi jonk Mënsche weder a China nach a Russland“, esou déi nei EU-Kommissiounspresidentin Ursula von der Leyen. © EUCO

Ähnlech Sujeten Berlin, Emanzipatiounserklärung, Europa, Ried zur Lag vun Europa, Ursula von der Leyen
Nächsten Artikel Virrechten Artikel