Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Piraten: den Accord ass dat eent, en ëmsetzen dat anert
International Neiegkeeten Stories

Piraten: den Accord ass dat eent, en ëmsetzen dat anert

Fir de President vun de Piraten, Sven Clement, kann een

Ee Fakelzuch fir d’Mënscherechter
International Neiegkeeten Stories

Ee Fakelzuch fir d’Mënscherechter

Den 10. Dezember gëtt nees den Internationalen Dag vun de

D‘CGFP fuerdert eng Entrevue mam Premierminister
International Neiegkeeten Stories

D‘CGFP fuerdert eng Entrevue mam Premierminister

Den Daachverband vun de Gewerkschafte vun der Fonction Publique (CGFP)

Europa: Eng onerwaarten Entscheedung!

Bréissel kläert Personalfroen a fir d‘éischt a senger Geschicht soll eng Fra d‘EU-Kommissioun presidéieren

Europa: Eng onerwaarten Entscheedung!

Si hunn sech d‘Deeg an d‘Nuechten ëm d‘Ouere geschloen an et soll sech deels hefteg gestridde gi sinn. Elo hunn d‘Staats- a Regierungscheffe sech op véier Kandidate gëeenegt kritt an dat sinn net déi, mat deenen d‘Bierger déi am Mäerz zur Wahl gaange sinn, sech dierften erwaart oder erhofft hunn.

Déi 28 hunn sech no laangem Hin an Hir vun de „Spëtzekandidaten“ distanzéiert an hunn domadder zugläich en éiweg währende Prinzip ad acta geluecht. Woubäi de Choix sech fir Persounen, déi net emol Kandidate bei der EU-Wahl waren, ze entscheeden, no Erklärunge jäizt. D‘Favoritten hunn awer net alles verluer. Si sollten zimlech sécher ee vun de Vizepresidente-Mandater erhalen.

Fir de Poste vum EU-Kommissiounspresident hunn déi 28 déi däitsch Verdeedegungsministerin Ursula vun der Leyen nominéiert, de belsche Premierminister Charles Michel soll dann de Poste vum EU-Rotspresident zougeschoustert kréien an de spueneschen Ausseminister Josep Borell wier den neie Kommissär fir Aussenugeleeënheete ginn. D‘Martine Lagarde iwwerhëlt d‘EZB…

D‘Propositioun war vum amtéierende Rotspresident Donald Tusk virgeluecht ginn, deem et dann awer gelongen ass, esou eppes wéi e Konsens am Krabbekuerf hierzestellen. Stellt sech d‘Fro, ob d‘EU-Parlament – dat sech haut zur konstituéirender Sëtzung afënnt – mat dëse Kandidaten „aus der zweeter Rei“ kann ufrënne. Stellt sech och d‘Fro ob de Wieler säi Vott respektéiert gesäit.

Politeschen Zündstoff

Sollt awer elo och zu Stroossbuerg de Choix vun den 28 Staats- a Regierungscheffe matgedroe ginn, da wier déi däitsch Politikerin an déi éischt Fra an der Geschicht vun der Unioun, déi den héchste Poste géif zougestane kréien. Zudeem wier et no 60 Joer déi éischte Kéier datt Däitschland dëst Mandat géif iwwerhuelen. Dat wier awer och mam ëmstriddene Manfred Weber esou gewiescht.

Beim Vott hat sech d‘Bundeskanzlerin Angela Merkel enthalen a begrënnt dat mam Dissens bannent der GroKo (Grouss Koalitioun). Dat huet méi Ursaachen. Zum enge steet d‘Ursula vun der Leyen – déi schonn esou munch Ministère geleet huet – wéinst hirer Verdeedegung- a Rëschtungspolitik an der Kritik, zum anere kennt kaum en Europäer déi 61 järeg Mamm vu 7 Kanner aus Hannover.

An zu Berlin zéien däischter Wolleken iwwert der grousser Koalitioun op. Do sinn zum engen dem Manfred Weber seng CSU-Parteikollegen, déi kee Versteesdemech opbrénge kënnen. Endlech hat e stramm konservativ agestallte Politiker aus Bayern, d‘Interesse vun der däitscher Wirtschaft an der Unioun stäerken a sech och fir eng strikt Reguléierung vun der Migratioun abrénge kënnen.

Den anere Koalitiounspartner, d‘SPD, huet seng Zoustëmmung carrement verweigert. Déi dräi „temporär“ SPD-Parteipresidenten (Malu Dreyer, Manuela Schwesig an Thorsten Schäfer-Gümbel) hunn dat erkläert: „Datt hei eng Politikerin nominéiert gëtt, déi iwwerhaapt net zur Wahl gestanen hat, kann net iwwerzeegen. Domatter gëtt de Versuch d‘EU ze demokratiséieren ad absurdum gefouert“.

Si verweisen zudeem op de Koalitiounsaccord: „Am Accord haten sech déi dräi Koalitiounspartner drop gëeenegt, datt mir en Europa vun der Demokratie mat engem gestäerkten EU-Parlament wëllen. Europa sollt méi biergerno a méi transparent ginn“. Ähnlech gesäit dat och den CSU-Chef Markus Söder, deen d‘Entscheedung als „Néierlag fir d‘Demokratie an Europa“ bezeechent huet.

„De Manfred Weber wier de legitimme Kommissiounspresident gewiescht an dat wier och den demokratesche Wee gewiescht. Et ass batter datt d‘Demokratie verluer an d‘Hannerzëmmer gewonnen huet“, esou de staarke Mann aus Bayern. Seng Ausso huet allerdéngs kee Wäert, well d‘CSU natierlech d‘Nominéierung vum Ursula vun der Leyen als Cheffin vun der EU ënnerstëtzt.

Oppositioun liicht saierlech

Déi liberal am däitsche Bundestag, déi schonn esou munches duerchgoe gelooss hunn, verstinn dës Entscheedung net. Den MdB Marco Buschmann: „Et kann een de Bierger dach net bei der Wahl bestëmmte Politiker virstellen, an no der Wahl ganz aner Kandidaten nominéieren“. Deem kann een net widderspriechen. Si haten sech d‘Margrethe Vestager als Kommissiounspresidentin gewënscht.

Eng interessant, well ausnamsweis propper formuléiert Kritik, och aus de Reie vun der AfD. De Parteichef Jörg Meuthen – deen eigentlech d‘EU mat enger konstruktiver Oppositiounsaarbecht ofschafe wëll – huet gemengt: „Fréier war et Usus, wann een sech onbeléifte Minister entleedege wollt, deenen en Job bei der EU ze verschafen. Et schéngt, et gëtt nees op al Muster zréckgegraff“.

De Jörg Meuthen geet nach e Schratt méi wäit a gëtt dem EU-Parlament indirekt e gutt gemengte Rot: „Als Aarbechtsministerin war si eng Feelbesetzung an als Verdeedegungsministerin huet si de katastrophalen Zoustand vun der Bundeswehr ze veräntwerten“. Stëmmt esou net ganz, mee an der Essenz léisst et sech och net vun der Hand weisen. Mee den Ament ass d‘Fra och just nominéiert.

Déi aner Schlësselpositiounen

Wann dann elo d‘Nofolleg vum Jean-Claude Juncker – zumindest op héchstem politeschen Niveau – gekläert wier, esou gëtt et nach aner Kandidaten. Fir d‘Mandat vum Rotspresident, also d‘Nofolleg vum Donald Tusk, hunn sech déi 28 op de Charles Michel gëeenegt. An dee schéngt ganz frou datt him dëst Mandat zougetraut gëtt. Et ass richteg datt hien d‘Konscht vum Kompromëss beherrscht.

Nodeems d‘Entscheedung gefall war, huet sech de belsche Premierminister zum Choix geäussert: „Fir mech ass et eng grouss Éier, e Privileg an eng Verantwortung, auserwielt ze sinn, d‘Presidence vum Europarot ze iwwerhuelen. (…) Ech si mir dem d‘Gewiicht vun dëser Verantwortung bewosst an d‘Richtung déi muss ageschloe ginn, fir ze federéieren. D‘Erausfuerderunge sinn enorm“.

Datt et beim Choix vun de Kandidaten eppes u „geographescher Diversitéit“ mangelt, dat ass fir de Charles Michel kee Problem: „Ech wäert staark beusprocht ginn, fir all d‘Länner an hir Vertrieder ronderëm den europäesche Projet ze federéieren. D‘Diversitéit dierf keng Schwächt, mee muss eng Kraaft sinn“. Interessant, wann ee bedenkt datt hie keng Regierung zesummegestallt kritt huet…

Wéi et derzou komm ass, datt déi 28 Staats- a Regierungscheffen d‘Christine Lagarde, aktuell Direktesch vum Weltwährungsfong (IMF) als zukünfteg Cheffin vun der europäescher Zentralbank nominéiert hunn, dat ass net gewosst. Vläicht kann et dru geleeën hunn, datt d‘lescht Joer de Magazin „Forbes“ d‘Christine Lagarde als „drëttstäerkst“ Fra op der Welt bezeechent huet.

Mat 63 Joer, sportlech an erkläert Vegetarierin, huet d‘Christine Lagarde awer och Opweises. Nom Sex-Skandal vum Dominique Strauss-Kahn, war et hir gelongen nees Rou an de Weltwährungsfong ze bréngen an et gëtt hir esouguer nogesot, si hätt dem IMF eppes wéi „Humanitéit“ zougedroen. Si huet dann och hiert IMF-Mandat, bis zur Entscheedung vum EU-Parlament, virleefeg ausgesat.

De leschten am Bond deen nominéiert ginn ass: den aktuelle spueneschen Ausseminister Josep Borell. Hie soll d‘Nofolleg vum Frederica Mogherini iwwerhuelen a géif gläichzäiteg ee vun de Vizepresidente vun der EU-Kommissioun ginn. An Europa kennt kaum een de Mann, an och hie war net Kandidat bei den Europawahlen. Dat dierft zu Stroossbuerg eng Roll spillen.

Eng spannend konstituéierend Sëtzung?

Datt sech déi 28 Staats- a Regierungscheffen elo op véier Kandidaten eenege konnten, an dobäi a Kaf huelen, datt dës vu kengem Bierger – zumindest net vun deenen déi et fir sënnvoll fonnt hunn iwwerhaapt wielen ze goen – gewielt konnte ginn, kann een net als „demokratesch“ bezeechnen, an et dierft zimleche Widderstand am Europaparlament ginn. Si dierften awer „duerchgeboxt“ ginn.

Iert et awer zum Vott vun dëse Kandidate kënnt, muss sech d‘EU-Parlament emol fir unzefänken e President ginn. De Fraktiounschef vun der EPP, Manfred Weber, huet senge Membere geroden, engem „sozialistesche“ Kandidat zouzestëmmen. Als méigleche Favorit ass den Italiener David-Maria Sassoli genannt ginn. Woubäi hien net dat ganzt Mandat zougestane soll kréien…

Tatsächlech huet den Donald Tusk de Virschlag ënnerbreet, d‘Mandat vu fënnef Joer ze splécken. Zweeanenhalleft Joer soll d‘S&D d‘Presidence hunn, déi aner Period soll vun engem EPP-Kandidat iwwerholl ginn. Et gëtt näischt onversicht gelooss, den Deputéierte virzehalen, datt ee gewëllt ass den demokratesche Prozess oprecht ze erhalen, wat jo beim Management net geklappt huet.

Datt sech d‘EU-Deputéiert op dësen Deal aloossen ass net sécher. Zum enge ginn d‘Stëmme vun EPP an S&D net duer, an déi Liberal hunn sech scho vill ze vill Konzessiounen ofrénge gelooss. Net ze vergiessen, datt déi gréng an d‘Lénkspartei och jeeweils eng Kandidatin fir d‘Presidence vum Europaparlament an d‘Renne schécken. EPP an S&D wäerten do awer net matmaachen.

D‘Ska Keller als Kandidatin vun deene Grénge wier aus Siicht vun de Wieler méiglecherweis de bessere Choix. Si huet zumindest de Virdeel eng kloer Linn ze hunn, sech och wierklech mat der Klimakris am Europaparlament ausenanerzesetzen a gehéiert net zu de Lounempfänger vun der Industrie a Finanzwirtschaft. Anescht ausgedréckt: déi Fra wier e Liichtbléck fir d‘EU-Politik.

Och d‘Spuenierin Sira Rego, déi vun der Lénkspartei virgeschloe gëtt, ass eng gutt Kandidatin. Déi huet awer net genuch Supporter. D‘Fraktioun vun de Krätzbéck – eigentlech nëmmen EU-Skeptiker a politesch Saboteuren – dat ass d‘ECR (European Conservatives and Reformists) huet den Tschech Jan Tahradil als Kandidat nominéiert. Dee ka keen Demokrat wierklech wëllen, oder?

Hale mir nach fest, datt laut de Reegele vum Europaparlament, e Kandidat an den éischten dräi Ofstëmmungen déi absolut Majoritéit vun de gültege Stëmme muss hunn. Ass dat net de Fall, dann trieden am 4. Duerchgang déi zwee bescht placéiert Kandidaten zur Stéchwahl un. Haut ginn och déi 14 Vizepresidente vum EU-Parlament gewielt. An da kann iwwert de Management entscheet ginn.

mat indymedia/bru/ber/par/mad

Foto: Kuck net esou, mech huet dat elo och iwwerrascht (Pixabay)

Ähnlech Sujeten EU-Kommissär fir Aussenugeleeënheeten, EU-Kommissioun, EU-Parlament, EU-Rot, EZB
Nächsten Artikel Virrechten Artikel