Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

money
ULC… de Fiels an der Brandung
International Neiegkeeten

ULC… de Fiels an der Brandung

E Freideg huet de Konsumenteschutz ULC säi „Bilan“ presentéiert. Wann

Rotondes: Den offizielle Programm bis de 26. Januar 2020
International Neiegkeeten

Rotondes: Den offizielle Programm bis de 26. Januar 2020

Vu Kultur, Musek a Konscht, iwwert Konferenzen, Workshops an Atelieren

Hënt gëtt nees un der Auer gedréint!
International Neiegkeeten

Hënt gëtt nees un der Auer gedréint!

Stress puer oder Seegen? Dat „Gedréits“ un der Auer spléckt

Europa… eng Situatiounsiwwersiicht mat der Patronne

Bei der traditioneller Ried zur Lag vun Europa ass et ënnert anerem ëm Klimaschutz an Asylpolitik gaangen

Europa… eng Situatiounsiwwersiicht mat der Patronne

Et war dem Ursula von der Leyen hir éischt Ried zur Lag vun Europa, zanter si den Zepter vum Jott-zé-Jott iwwerholl huet. Si huet de Bou grouss gespaant an et goung vum Zesummenhalt bis hin zur Roll vun der EU an der Welt. 26 Säite voll gefëllt mat Ambitiounen a Prioritéiten…

De Einfachheet hallwer gi mir déi wichtegst Punkten an alphabetescher Reiefolleg duerch, weisen allerdéngs dro hin, datt zu de Prioritéiten d‘Bewältegung vun der Coronavirus-Kris, de Green Deal an eng seriéis Asylpolitik gehéieren. An datt ass der EU-Kommissiounspresidentin hir Lëscht, déi vun de Staats- a Regierungscheffe vun der Europäescher Unioun, dierften anescht Zortéiert sinn.

Asylpolitik

Beim Thema Asyl- an/oder Migratiounspolitik ginn d‘Meenungen an d‘Usiichte bannent der EU diametral ausenaner, mee de Sujet muss nach emol de Leescht geholl ginn. D‘Cheffin huet dann elo och annoncéiert, datt hir Administratioun schonn déi nächst Woch nei Reformvirschléi wäert virleeën. Mat dëse Virschléi sollt ee Konsens tëscht de verbridderten Natiounen elo méiglech sinn.

„Wa mir alleguerten zu Kompromësser bereet sinn – ouni eis Prinzipien opzeginn – da kënne mir eng Léisung fannen“, esou d‘Ursula von der Leyen, déi sech bei hiren Ausféierungen op de rezente Virfall op der griichescher Insel Lesbos bezunn huet. Et bréicht en neie Migratiounspakt, Schleiser solle besser bekämpft an déi europäesch Baussegrenze besser geschützt ginn. Leider gouf et hei net een eenzegt Wuert dozou, datt een och d‘Fluchtursaache bekämpfe sollt.

Brexit

Wat de geuerdente Brexit, also quasi déi propper Scheedung mat de Britte betrëfft, esou schéngt och d‘Patronne net méi wierklech iwwerzeegt dovunner ze sinn, datt et hei nach zu engem gudden Enn komme kann. Mat all Dag dee vergeet, dinn d‘Chance méi kleng, datt mir hei nach am Delai zu engem Ofschloss komme kënnen, mengt d‘Ursula von der Leyen. Mee et fänkt un ze presséieren

Gesondheet

A punkto Gesondheet, fuerdert d‘Ursula von der Leyen eng besser gemeinsam Opstellung, bezunn op zukünfteg Krisen: „Fir mech läit et kloer op der Hand. Mir brauchen eng méi staark europäesch Gesondheetsunioun“, esou d‘Cheffin. Si geséich et gären, wann een eng nei EU-Agence schafe géif, déi sech mat biomedezinescher Fuerschung an Entwécklunge beschäftege soll. Si huet nach emol bekräftegt, datt d‘Unioun am Verlaf vun der Coronaviruskris de wäert vun de Gemeinsamkeeten nei entdeckt huet. U wat si dat festmécht, war elo netz op den éischte Bléck ersiichtlech.

Klimawandel

Datt de Klimawandel eng wäitaus gréisser Gefor wéi d‘Covid19-Pandemie duerstellt, datt schéngt nach net iwwerall ukomm ze sinn. Fir d‘EU-Kommissiounspresidentin allerdéngs gëtt et keng Zäit ze verléieren a si géif nawell ganz gären déi europäesch Klimaziler verschäerfen. Si fuerdert dann och, datt bi 2030, d‘Wäerter vun den Zäregaser op mindestens 55% ënnert de Wäert vun 1990 musse bruecht ginn. Interessant hei: bis ewell huet dat offiziellt Zil bei minus 40% geleeën.

Si muss elo dës nei Ambitioun nach mat de Staats- a Regierungscheffe klären, wat sécherlech net esou einfach dierft ginn. Zudeem weess si datt et do Länner gëtt, déi net nëmmen eng ganz aner Siicht op de Klimawandel hunn, mee och nach ganz eegen national a perséinlech politesch Ziler verfollegen. Besonnesch déi Länner dären hir Wirtschaft op fossil Energien opgebaut ginn ass.

Laut dem Ursula von der Leyen wier awer dës nei Virgab gutt fir déi Europäesch Unioun, an se wier realisabel. Si géif et begréissen, wann ee virun allem a Projete mat gréisstméiglecher Effizienz bei minimaler Notzung vu Ressource géif investéieren. Zu dëse gehéieren héich modern Projeten déi op Waasserstoff baséieren. Eng besser energetesch Effizienz soll et och bei den Haiser ginn, an den Ausbau vum Opluetstatiounsnetzwierk fir elektresch Gefierer an der Unioun virugedriwwe ginn.

Russland

No der scheinbar erwisener Vergëftung vum russeschen Oppositiounspolitiker Alexej Nawalny, hätt ee sech en Ament erwaart, datt d‘EU-Kommissiounspresidentin de Bau-Stopp vun der Gaspipeline NordStream2 géif guttheeschen. D‘Stellungnam vum Ursula von der Leyen sinn dann awer net ganz esou „däitlech“ wéi sech dat vun ënnerschiddleche Säiten erwaart a wuel och erhofft gi war.

„Deenen déi sech méi enk Bezéiunge mat Russland wënsche soen ech: d‘Vergëftung vum Alexej Nawalny mat engem héich entwéckelte Kampfstoff ass keen Eenzelfall. Datselwecht Muster hätt een an der Ukrain, a Georgien an zu Salisbury gesinn. Dëst Muster ännert sech net – a keng Pipeline wäert eppes dorunner änneren“, esou d‘Patronne. Zu méigleche Sanktioune gouf och näischt gesot.

mat indymedia/bru

© European Commission

Ähnlech Sujeten EU-Kommissiounspresidentin, Europa, Ried zur Lag vun Europa, Ursula von der Leyen
Nächsten Artikel Virrechten Artikel