Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

dislike
Fëmmen: Wat ännert sech den 1. August?
https://moien.lu/hookup-culture-and-consent/ https://moien.lu/drag-queen-dating-site/

https://moien.lu/best-dating-apps-for-trans-guys/

All Joer stierwen zu Lëtzebuerg 1.000 Leit un de Folge

students dating professors
https://moien.lu/hookup-culture-and-consent/ https://moien.lu/drag-queen-dating-site/

Wéi géifs du wielen, wann haut Wahle wieren?

Dëst Joer fanne Chamberwahle statt. D’Lëtzebuerger wielen, wéi eng 60

Nationale Sécherheetsberoder brauch en neie Job
https://moien.lu/hookup-culture-and-consent/ https://moien.lu/drag-queen-dating-site/

Nationale Sécherheetsberoder brauch en neie Job

A Bezuch op den Ëmgang mat sengem „Personal“ ass ee

Europa wëll mam Iran Tauschhandel dreiwen, Washington flippt aus

Europa wëll mam Iran Tauschhandel dreiwen, Washington flippt aus

D‘USA hunn en Dënschdeg fierchterlech op den europäesche Projet reagéiert, dee virgesäit mam Iran Tauschhandel ze bedreiwen. Eng Mesure déi vu Washington denoncéiert gëtt, well et derzou féiert, datt d‘US-Sanktiounen ëmgaange ginn. D‘USA warnen, datt jidderee vum Blëtz wäert getraff ginn, dee sech sollt dorunner bedeelegen.

„Mir wäerten et net zouloossen, datt eis Sanktiounen ëmgaange ginn. Duerch Europa oder soss en aneren“, warnt den US-Ausseminister Mike Pompeo. Hien huet ënnert anerem de SWIFT-System a Fro gestallt, deen all international Banktransaktiounen iwwerwaacht. Hei nach eng Warnung, géint all Zesummenaarbecht, mat dem wat hien als „Zentralbank vum Terrorismus“ betruecht.

E Méindeg hat d‘EU-Kommissärin fir auswäerteg Ugeleeënheeten, Frederica Mogherini, d‘Kreatioun vun engem besonnesche Gefier (SPV – Special Purpose Vehicle) geschwat, dee wéi eng „Bourse d‘Echange“ funktionéiert, an et esou dem Iran erméiglecht och weiderhi Pëtrol verkafen ze kënnen.

„Dat kann ee mat enger Kompensatiounskummer vergläichen. Wa mir Pëtrol aus dem Iran importéieren, gëtt d‘Geld dofir un den SPV iwwerwisen. Wann dann eng Entreprise eng Maschinn un den Iran verkeeft, kritt dës hir Rechnung vum SPV bezuelt“, esou déi diplomatesch Erklärung. „Pëtrol géint Gidder“, de Wonsch mam Iran Handelsbezéiungen ze féieren ass ongebrach.

Begrenzten Impakt

De Mike Pompeo huet „versprach“ dësen Dossier perséinlech am A ze behalen. Dat hënnert de Monni aus Amerika net dorunner sech an Ironie auszeprobéieren. Hie mengt datt „fir d‘Stonn dës Entitéit net existéiert, an datt och nach keng Echeance fir d‘Kreatioun annoncéiert ginn ass. D‘EU ass staark am Ëmgang mat der Rhetorik, mee schwaach an der Ausféierung“.

Dat et hei zum Dissens kënnt, ass allerdéngs eegens vun den USA verschëllt ginn. Si hunn eesäiteg d‘Atomofkommes mam Iran gekënnegt, an domatter déi aner Signataire mam Réck géint d‘Mauer gestallt. D‘Atomofkommes aus dem Joer 2015, soll verhënneren, datt sech déi islamesch Republik mat enger Atomwaff ausstafféiert. Als Géigeleeschtung sollten d‘Sanktiounen opgehuewe ginn.

Wéi den Donald Trump am Mee d‘Dier zougeklaakt huet, an déi fréier Sanktiounen net nëmmen nees agefouert, mee och nach verschäerft huet, war de Schued ugeriicht. Net eleng datt déi iranesch Wirtschaft zerstéiert gëtt, nee et sollen och all déi Entreprisen, déi et woe sollte weider mam Iran Handel ze bedreiwen, vun der US-Administratioun sanktionéiert ginn.

Ab dem 4. November triede weider Sanktiounen a Kraaft. Sanktiounen déi sech direkt op den Export vu Pëtrol, a Banktransaktioune mam Iran auswierken. Washington wëll erreechen, datt den Iran vun den internationale Finanzmaart ofgeschnidde gëtt. De franséische President Emmanuel Macron huet dann och gemengt, datt den SPV den Impakt vun den US-Sanktiounen net verhënnert.

„Déi Mesure kënnen d‘Entscheedung vu groussen Entreprisen a Konzerner, déi an den USA aktiv sinn, net korrigéieren oder änneren“, esou de franséische President. Ënnert dem Drock vun den USA, hunn sech all déi „Grouss“ (TOTAL, Daimler…) aus dem Iran zréckgezunn. D‘Angscht virun den amerikanesche Sanktiounen ass reell, grad ewéi d‘Bedreeung.

Handel oder Chaos?

Europa wëll awer esouwuel um Atomofkommes, wéi och un den Handelsbezéiunge mam Iran festhalen. Bréissel ass beméit Teheran e Minimum u Benefice zouzesécheren, an esou den Iran ze iwwerzeegen, sech weider un den Accord vu Wien ze halen. Zerrappt och den Iran den Accord, kéint et zu engem „Rennen“ ëm d‘Atommuecht an der Regioun kommen.

Bréissel ass dann och besuergt, datt den iranesche President Hassan Rohani politesch geschwächt gëtt. Deen hält fir den Ament nach um Accord fest. En Accord, esouvill muss och gesot ginn, deen net gehalen huet wat e versprach hat. Déi wirtschaftlech Entwécklung an Zesummenaarbecht huet ni wierklech stattfonnt, an dat spillt de Fundamentalisten an d‘Kaarten.

„Wa sech d‘Fronte verhäerten, gëtt näischt besser, näischt méi einfach. Alles gëtt komplizéiert a geféierlech. Dëse Wee ass eng Sakgaass a muss zu enger Eskalatioun an der Regioun féieren“, esou d‘Meenung vum däitschen Ausseminister Heiko Maas. Interessant Siicht, wann ee bedenkt, datt Berlin grad déi Länner mat Waffe beliwwert, déi erkläert „Feinde“ vum Iran sinn.

An de Milliardär aus dem Wäissen Haus ass iwwerzeegt déi islamesch Republik an d‘Knéien ze zwéngen. Den Donald Trump, eng diplomatesch Koryphee, wëll den Drock op den Iran esou laang erhéijen, bis Teheran ugekroch kënnt, an sech „fräiwëlleg“ engem vill méi restriktiven Accord ënnerwerft. An dësem soll festgehale ginn, datt den Iran och seng ballistesch Aktivitéiten opgëtt.

„Mir kënnen net zouloossen, datt déi gréisst Ënnerstëtzung fir den internationalen Terrorismus, och déi geféierlechst Waffe besëtzt, an d‘USA oder Israel bedreet“, esou den US-President, deen d‘Welt opgeruff huet sech hannert d‘USA ze stellen an den iranesche Regimm ze isoléieren. Haut wëll hien den UN-Sécherheetsrot iwwerzeegen sech unzeschléissen, mee Russland a China ginn do net mat.

mam Valérie Leroux an Shaun Tandon/AFP

Foto: Den US-President Donald Trump hält eng Ried am Kader vun der UN-Generalversammlung. Offizielle Quellen no, wéilt hien oder wéinstens den Ausseminister Mike Pompeo mam Hassan Rohani eng Entrevue hunn. Den iranesche President huet, aus verständleche Grënn, wéineg bis guer kee Gespréichsbedarf. © John Moore/Getty Images/AFP

Ähnlech Sujeten Atomofkommes, Donald Trump, EU, Europa, Iran, Tauschhandel, US-Sanktiounen, Washington
Nächsten Artikel Virrechten Artikel