Search

You may also like

dislike
De Puidgemont an Däitschland verhaft, Gewaltausbréch a Katalounien
International Neiegkeeten

De Puidgemont an Däitschland verhaft, Gewaltausbréch a Katalounien

De fréiere President vun der autonomer spuenescher Provënz Katalounien, Carles

D‘Villfältegkeet vun de Familljen entdecken
International Neiegkeeten

D‘Villfältegkeet vun de Familljen entdecken

Am Kader vum Dag vun der Diversitéit (15. Mee) organiséieren

Brauch Lëtzebuerg méi Gemengefusiounen?
International Neiegkeeten

Brauch Lëtzebuerg méi Gemengefusiounen?

Wann et dem Inneminister Dan Kersch (LSAP) nogeet: Jo! Esou

Europa leeft de Schweess an der „Aarschfuer“ zesummen, eng Bestandsopnam

Europa leeft de Schweess an der „Aarschfuer“ zesummen, eng Bestandsopnam

Mat der Hëtztwell déi Europa am Grëff huet, a firwat a Spuenien schonn dräi Affer ze bekloe sinn, versprécht den August weiderhi „waarm“ ze bleiwen. Vum déiwe Süde bis an den héijen Norden, op Tourist oder Awunner, virun engem Hëtzschlag muss sech jiddereen an uecht huelen.

Fir ze verdäitleche wéi fortgeschratt d‘Situatioun ass, hei eng Bestandsopnam:

Spuenien: dräi Doudeger

Offiziellen Informatiounen no, sinn a Spuenien bis ewell dräi Mënschen un engem Hëtzschlag verstuerwen. Zu Barcelona ass eng Persoun, vun där ugeholl gëtt datt si kee feste Wunnsëtz hat, an enger Strooss zesummegaangen. De Mann konnt nach an d‘Spidol gefouert ginn, wou hien engem Hëtzschlag erleeën ass. Esou de katalaneschen Zivilschutz an engem Communiqué.

Zwee Männer – e 40 järegen Aarbechter, den op enger Autobunn am Asaz war, an e Mann vun 78 Joer, dee am Gaart geschafft huet – si gläichfalls un engem Hëtzschlag verstuerwen. Spuenien, wou d‘Temperaturen e Freideg zu Badajoz (Regioun vun Extremadura, am Südweste vu Spuenien) 44°C erreecht hunn, leit ënnert der Hëtztwell. Och Madrid (40°C) a Sevilla (42°C) leiden ënnert den héijen Temperaturen.

Portugal: Temperaturrekord

Am wäermsten ass et aktuell a Portugal. Zu Alvega (150 Kilometer vu Lissabon ewech) si 45,2°C gemooss ginn. Dat ass en historesche Rekord. De Wiederdéngscht weist drop hin, datt bal am ganze Land den Thermometer iwwer 40°C ugewisen huet. Dëse Samschdeg gëtt als de kriteschsten Dag gemellt, an 11 Distrikter, vum Süde bis an den Norden, si bis e Sonndeg an Alarm versat ginn.

Um Freideg waren a bal allen Zeitunge Fotoe vun Touristen an Awunner ze gesinn, déi sech am Rio Douro zu Porto, oder am Tajo zu Lissabon gebued hunn. Zu Lissabon hunn d‘Leit fir sech ze erfrëschen, d‘Trappe vum „Cais das Colunas“ déi an de Floss féieren, besat.

Italien: Gratis Waasser Verdeelung

Och an Italien gesinn d‘Temperaturen net besser aus. Mat ëm déi 40°C vu Sardinien bis Norditalien, sinn och hei Grenzen iwwerschratt ginn. E Freideg hunn sech d‘Thermometer nees bei 35°C afonnt. Temperaturen déi „éischter geleefeg“ sinn, heescht et säitens dem Wiederdéngscht.

Zu Roum, wou ee sech schonn un den ëffentlecher Bure ka gratis erfrëschen, huet den Zivilschutz den Touristen awer nach gratis Waasserfläschen ugebueden.

Um landwirtschaftlechen Niveau, sinn et d‘Kéi déi am meeschten ënnert der Hëtzt ze leiden hunn. De nationale Landwirtschaftssyndikat (Coldiretti) mellt, datt d‘Mëllechproduktioun ëm 15% zréck gaangen ass. Parallel dozou huet de Glace-Konsum déi lescht Woch ëm 30% zougeholl.

Frankräich: Eng bedreelech Entwécklung

Bei eise franséischen Nopere sinn 67 vun de 95 Departementer an déi héchsten Alarmbereetschaft versat ginn. Domatter ass den traurege Rekord vun 2017 ausgeglach ginn. Um ganzen Territoire, mat Ausnam vum Nordwesten, leien d‘Temperaturen iwwer 30°C. Am Süde ginn aktuell bis zu 38°C gemooss. Laut Meteo-France war de Freideg de bis ewell wäermsten Dag vum Joer.

D‘Previsioune gesinn e liichten Temperaturréckgang fir ee Sonndeg vir. Et soll dofir e Méindeg an en Dënschdeg nach emol extrem ginn. De Previsionnist Stéven Testelin stellt awer fest, datt ee wäit ewech ass vun der Hëtztwell déi Frankräich 2003 iwwerrannt hat. De Summer 2003 bleift bis ewell dee wäermsten, deen zanter 1950 observéiert ginn ass.

Belsch: D‘Hëtzt beaflosst de Stroosseverkéier

Déi Belsch Verkéierssécherheet VIAS, mécht drop opmierksam, datt wéinst der Hëtztwell d‘Zuel vun den Stroossenaccidenter zougeholl huet. „Déi duerchschnëttlech Zuel vun Accidenter hëlt bei enger Hëtztwell ëm 15% zou“, erkläert de Spriecher vun der VIAS, Stef Williams.

Éisträich: D‘Päerd brauchen eng Paus

Wann an Éisträich den Temperaturrekord vun 2013 (40,5°C) nach net erreecht ginn ass, esou ass et aktuell awer waarm genuch, fir datt déi berühmt Fiaker vu Salzburg hiren Déngscht mussen astellen. An Éisträich ass et gesetzlech verbueden d‘Päerd bei Temperaturen iwwer 35°C schaffen ze doen.

Schweden: E Gletscher schmëlzt

Un anere Wupp vun Europa: Schweden. Dat skandinavescht Land huet dëst Joer säi wäermste Juli zanter 250 Joer opgezeechent. Et gesäit dann och net aus, wéi wann sech dat am August géif änneren. D‘Wiederprevisioune gi vun Temperaturen ëm déi 30°C aus, wat fir dëst Land ongewéinlech héich ass.

An d‘Hëtztwell huet dann och schonn zu enger erstaunlecher „geographescher Verännerung“ gefouert: Schweden huet säin héchste Punkt verluer. Dat war de Gletscher vun der vergletscherter Südspëtzt vum Bierg „Kebnekaise“, dee ronn 150 nërdlech vum Polarkrees geleeën ass.

De Gletscher huet eleng am Mount Juli, 14 Zentimeter pro Dag verluer, a läit elo ënnert dem Niveau vun der Nordspëtzt vum Kebnekaise, deen nëmmen aus Fiels besteet. D‘Nordspëtzt ass elo deen héchste Punkt a Schweden, mat 2.096,8 Meter.

Wéinst den héijen Temperaturen an der heiduerch entstanener Dréchent, war Schweden am Juli vu grousse Bëschbränn betraff. Déi hunn sech bis wäit hannert de Polarkrees ausgebreet. Säit Mee huet et a Schweden kaum Reen ginn, wat d‘Gefor vu Bëschbränn entspriechend erhéicht huet. Laut dem Wiederdéngscht soll et haut endlech Néierschlag ginn.

mat AFP

Related topics Europa, Hëtztwell
Next post Previous post