Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Am Kampf géint Fake News feelt et u Kohärenz a Koordinatioun
https://moien.lu/recommended-gay-dating-apps/ Neiegkeeten

after 2 months of dating

Den Internet a sozial Medien huelen an eisem deeglechem Liewen

oasis co uk free dating 75
https://moien.lu/recommended-gay-dating-apps/ Neiegkeeten

CGFP: „D‘Zousazofkommes am ëffentlechen Déngscht muss integral ëmgesat ginn!“

A senger leschter Sëtzung virun der Summerpaus, hat e Méindeg

Vëlkermord am Jemen: D‘Roll vun de Vereenten Natiounen (erkläert)
https://moien.lu/recommended-gay-dating-apps/ Neiegkeeten

Vëlkermord am Jemen: D‘Roll vun de Vereenten Natiounen (erkläert)

Wann et zoutrëfft datt kee Mënsch fräi ass vu Feeler,

Europa: Méi Majoritéit woen an der Steierpolitik

Europa: Méi Majoritéit woen an der Steierpolitik

Déi europäesch Kommissioun huet de vergaangenen Dënschdeg e Virschlag virgeluecht, fir Steierfroe mat enger qualifizéierter Majoritéit ze entscheeden. Bis elo huet de Prinzip vun der Eestëmmegkeet gegollt, dat Entscheedunge blockéiert.

Wichteg Initiative fir eng europäesch Reaktioun op Steierskandaler, hänken zanter Joren am Rot fest. Dorënner déi gemeinsam konsolidéiert Kierperschaftsbemiessungsgrondlag (GKKB), d‘Digitalsteier, d‘Reform vun dem Ëmsazsteier an d‘Sanktioune géint Steieroasen. D‘EU Kommissioun wëll dofir déi sougenannten „Passerell-Klausel“ am EU-Vertrag notzen.

Dat ass méi liicht gesot wéi gemaach, wëll den Asaz vun der Passerell-Klausel esou wéi am EU-Vertrag virgesinn, muss jo och emol fir unzefänken, eestëmmeg ugeholl ginn. Esou eng éischt Kloerstellung vun der Europadeputéiert Tilly Metz (déi gréng), déi nach drop hiweist, datt et an der EU-Kommissioun éischter kee politesche Wëlle gëtt den Artikel 166 an- an ëmzesetzen.

Am Artikel 116 vum Vertrag zur Aarbechtsweis vun der europäescher Unioun, ass festgehalen, datt eng Ofstëmmung vun der Majoritéit, also ouni Eestëmmegkeet, méiglech ass, wann d‘EU-Kommissioun eng Verzerrung vun der Kompetitivitéit am Bannemaart feststellt. Genau dat hat de Jean-Claude Juncker den 30. Mee 2017 an enger ëffentlecher Unhéierung versprach.

D‘Tilly Metz kommentéiert

„Fir Funktiounsfäegkeet vun der Unioun ze verbesseren, musse mir a méiglechst vill politescher Beräicher eraus aus dem Prinzip vun der Eestëmmegkeet bei den Ofstëmmungen am Rot. Dat gëllt esouwuel fir d‘Aussen- wéi fir d‘Sécherheetspolitik, wéi och fir d‘Steierpolitik. Mir mussen als Europäer an dëse Beräicher einfach kollektiv besser ginn, an nei Weeër goen, ouni stänneg op national Egoissem Récksiicht ze huelen. Bis dohinner begréissen ech de Virstouss vun der Unioun.

Leider stellt dem EU-Kommissiounspresident Jean-Claude Juncker säi Virschlag vum 15. Januar nëmmen en Oflenkungsmanöver duer. Wat ausgesäit wéi e sënnvolle Schrëtt zur Iwwerwannung vun der Blockad a Steierfroen, entpuppt sech bei mee geneeëm hikucken als Eendaagsméck: D‘EU-Kommissioun wëll d‘Blockad duerch Eestëmmegkeet, mat engem eestëmmege Beschloss vun de Memberlänner iwwerwannen. Dat ass Absurd an huet offensichtlech keng Erfollegsperspektiv.

Wann d‘EU-Kommissioun e sënnvolle Virschlag maache wëll, da muss si beispillsweis bei der gemeinsamer Kierperschaftsbemiessungsgrondlag an der Digitalsteier iwwer den Artikel 116 an d‘Majoritéitsverfahre wiesselen“.

Ähnlech Sujeten Eestëmmegkeet, EU-Kommissioun, EU-Parlament, EU-Steierpolitik, Jean-Claude Juncker, Tilly Metz
Nächsten Artikel Virrechten Artikel