Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

dislike
De Stroumpräis geet zolidd an d‘Luucht
International Neiegkeeten WTF

De Stroumpräis geet zolidd an d‘Luucht

Laut der Matdeelung vum lëtzebuergesche Reguléierungsinstitut (ILR) sinn d‘Stroumpräisser nees

Fleegeversécherung: Wann et zur Reform vun der Reform kënnt
International Neiegkeeten WTF

Fleegeversécherung: Wann et zur Reform vun der Reform kënnt

Nodeems de Regierungsrot de leschte Freideg de Verbesserungen un der

E Wéckeldësch op allen ëffentlechen Toiletten? Déi Iddi ass net vu schlechten Elteren!
International Neiegkeeten WTF

E Wéckeldësch op allen ëffentlechen Toiletten? Déi Iddi ass net vu schlechten Elteren!

Virun e puer Méint hunn ech eng Story fir moien.lu

surprise

Europa muss sech den Erausfuerderunge vun der Migratioun stellen

Europa muss sech den Erausfuerderunge vun der Migratioun stellen

Staatscheffen aus siwen EU- Länner vu Südeuropa waren um Mëttwochowend zu Roum beméit, zesummen de Problemer vum ale Kontinent ze begéinen. D’Erausfuerderung déi d’Migratioun duerstellt, a vun där vill vun de Länner a Südeuropa betraff sinn, war hei den Haaptsujet.

De franséische President Emmanuel Macron, direkt vu sengem Besuch a China op Roum gereest, huet géintiwwer der Press déi gemeinsam Usiichte vun de südeuropäesche Länner ernimmt, vun der Zukunft fir d’EU bis zur Migratiounskris.

D’Staatscheffe vu Frankräich, Griicheland, Italien, Malta, Spuenien, Portugal an Zypern hunn no enger kuerzer Reunioun hire Wëllen, fir eng gemeinsam EU-Migratiounspolitik, an enger Deklaratioun verëffentlecht. Uschléissend ass et nach en Aarbechtsiesse ginn.

D’Länner – an éischter Linn Griicheland an Italien – bedaueren d’Haltung vu verschiddene Partnerlänner, sech der Opnam vu Migranten ze verweigeren. Besonnesch am Fokus: Polen, Ungarn an déi Tschechesch Republik.

„Mir mussen de Kampf zesummen ophuelen, an eng gemeinsam Migratiounspolitik schafen, déi gemeng ass mat enger Solidaritéit, besonnesch géintiwwer de Länner, déi sech de Migranten nach kaum erwiere kënnen“, ënnersträicht de griichesche Premierminister Alexis Tsipras.

An dësem Kontext fuerderen déi siwe Länner e resoluten Effort, fir e gemeinsamen Asyl-Regimm an der EU ze schafen, deen op der Basis vun der Solidaritéit soll opgebaut ginn. Bei der Pressekonferenz war een awer net op de Quotesystem agaangen, dee vu Bréissel festgeluecht gi war, a vun den osteuropäesche Länner zréckgewise ginn ass,

Réckleefeg Migratioun

2017 war fir Italien d’Joer vun de „Moossnamen“: d’Land ass vun enger massiver Migratioun am éischte Semester, zu enger „gewielter“ Migratioun iwwergaangen. De Präis heifir ass héich, ugesicht de kontroverséierten Accorde mat Libyen. Déi hunn d’Migratioun awer op 119.000 Mënsche begrenzt, wat 35% manner Migrante wéi nach 2016 bedeit.

A Spuenien huet sech d’Lag dann awer zougespëtzt. Algerier a Marokkaner hunn d’Zuelen an d’Luucht gedriwwen. Esou soll op de spuenesche Küsten d’Zuel vun de Migranten, vu 6.000 am Joer 2016 op 23.000 fir d’Joer 2017 geklomme sinn.

Den EU-Deal mat der Tierkei ass Griicheland entgéint komm. Hei sinn 2017 nach „just“ 28.800 Mënschen ukomm. Dat ass sechs mol manner wéi nach 2016.

Parallel heizou, ass och d’Zuel vun de Migranten, déi am Mëttelmier erdronk oder „verschwonne“ sinn, vu 5.000 am Joer 2016 op 3.116 am Joer 2017 zréckgaangen. Déi meescht Affer gi Libyen zougerechent, wou 1 vu 40 Migranten de „Risiko Mëttelmier“ mat sengem Liewe bezilt.

An den éischten Deeg vun 2018 ginn allerdéngs schonn erëm eng honnert Mënschen am Mëttelmier vermësst. Hir „Nossschuel“ wier onwäit de libescher Küst ënnergaangen, huet déi libesch Küstewaach en Dënschdeg matgedeelt.

Op eng besser „Verdeelung“ ugewisen

An dësem Kontext ass „Südeuropa“ beméit eng besser Verdeelung vun der Migratiounslaascht innerhalb der EU ze erreechen. Athen fuerdert reegelméisseg, datt d’Mënschen aus dem Irak an Afghanistan an d’Mesure zur Relokaliséierung opgeholl ginn.

Den italienesche Regierungschef Paolo Gentiloni huet nach betount, datt ee scho grouss Fortschrëtter gemaach hätt. Dat esouwuel wat de Migratiounsfloss betrëfft, wéi och am Kampf géint de Mënschenhandel. Hei misst een elo d’Efforten zesummeleeën.

Fir den Emmanuel Macron brauch et eng besser Gestioun vun der Solidaritéit innerhalb der EU. Et misst séier Äntwerten, op d’Inkoherenz vun der Dublin-Reegel fonnt ginn. Déi géif de Länner, wou d’Migranten ukommen, eng Verantwortung operleeën, déi se eleng net meeschter kéinten.

Mat engem „Rekord“ un Demande fir Asyl a Frankräich, dierft dëse Sujet nach Géigestand sinn, vu ville bilateralen Entrevuen, déi de Macron, dee säi „Besuch“ zu Roum verlängert, och mat Italien wäert hunn.

De nächste Migratiounssommet, dee vun de siwe genannte Länner als „Med7“ bezeechent gëtt, soll op Zypern ofgehale ginn. En Datum ass hei awer nach net festgeluecht ginn.

mam Fanny Carrier/AFP

Foto: (v.l.n.r.) Alexis Tsipras, Premierminister vu Griicheland; Mariano Rajoy, Premierminister vu Spuenien; Nicos Anastasiadis, President vun Zypern; Paolo Gentiloni, Premierminister vun Italien, Emmanuel Macron, President vu Frankräich; Joseph Muscat, Premierminister vu Malta; Antonio Costa, Premierminister vu Portugal. © Filippo Monteforte/AFP

Ähnlech Sujeten Europa, Med7, Migratioun
Nächsten Artikel Virrechten Artikel