Search

You may also like

Wéi géifs du wielen, wann haut Wahle wieren?
Meenung Neiegkeeten

Wéi géifs du wielen, wann haut Wahle wieren?

[megapoll id="10"] Dëst Joer fanne Chamberwahle statt. D’Lëtzebuerger wielen, wéi

Cargolux: No intensive Verhandlunge kommen nei Kollektivverträg
Meenung Neiegkeeten

Cargolux: No intensive Verhandlunge kommen nei Kollektivverträg

No méi wéi engem Joer un intensive Verhandlungen huet de

LuxLeaks: De juristesche Volet ass fir den Antoine Deltour ofgeschloss
Meenung Neiegkeeten

LuxLeaks: De juristesche Volet ass fir den Antoine Deltour ofgeschloss

Wéi den Antoine Deltour gëschter d‘Geriicht um Helleggeeschtplateau verlooss huet,

Europa ass nach ëmmer Géigewaart!

Europa ass nach ëmmer Géigewaart!

Zum 70. Joresdag vum Studentestuerm op d’Grenzstatioun bei St. Germanshof-Wissembourg, erneieren déi europäesch Federalisten aus der Groussregioun an der Uewerrhein-Regioun hir Fuerderungen no engem vereenten Europa ouni Grenzen.

Viru 70 Joer, um 6. August 1950, hu ronn 300 jonk Europäerinnen an Europäer un der däitsch-franséischer Grenz tëscht Wissembourg/Weiler (Elsass) a St. Germanshof (Pfälzerwald/Nordvogesen) fir ee vereent Europa ouni Grenzen demonstréiert.

Am Laf vun der Aktioun hu Studenten, Akademiker a Politiker aus 9 verschidden europäesche Länner d’Barrièren zerseet a verbrannt, hu sech ëmäerbelt, de Fändel vun der europäescher Beweegung gehisst a Schëlter mat der Opschrëft „Europa ass Géigewaart“ opgestallt esou och den Titel vun der Erklärung, déi bei der Demonstratioun virgelies gouf.

Fir eng éischt Kéier an der Geschicht sinn d’Europäer net bei d’Grenze marschéiert fir sech géigesäiteg ëmzebréngen, mee fir d’Ofschafung vun de Grenzen ze fuerderen.

70 Joer méi spéit, um 6. August 2020, sinn d’Fuerderunge vun de fréieren europäesche Federalisten an e puer Fäll Realitéit ginn. Mir hunn en Europäescht Parlament, e gemeinsame Maart, eng gemeinsam Wärung, eng gemeinsam Nationalitéit, Fräiheeten dank der Ofschafung vu feste Grenzkontrolle mam Akraafttrieden vum Schengener Ofkommes viru 25 Joer a virun allem e Fridden, deen zënter 75 Joer undauert.

Mat der Corona-Pandemie duerchlieft Europa aktuell awer seng gréisst Kris säit dem Krichsenn. Leider hunn déi national Reflexer net laang op sech waarde gelooss. A ganz kuerzer Zäit hu sech verschidde Staaten an engem Versuch ouni Erfolleg sech géint d’Epidemie ze schützen, onkoordinéiert Grenzschléissunge virgeholl.

A bemol schéngt déi geféierlech Deelung vun Europa nees einfach a Kaf geholl ginn ze sinn: Vun haut op muer goufen laanscht d’Grenze Barrièren opgestallt, déi gemeinsam Liewensraim ofgeschnidden an domat kilometerlaang Stauen, laang Ëmweeër fir d’Grenzpendler, Stéierungen beim Commerce, Aschränkungen bei den EU-Biergerrechter an Trennung vu Familljen provozéiert hunn. Dat géigesäitegt Vertrauen, dat iwwert Joerzéngten an de Grenzraim opgebaut gouf, ass domat genee esou beschiedegt ginn, wéi zum Deel den europäesche Projet.

70 Joer no der Demonstratioun vu Wissembourg – St. Germanshof schwätze sech d’Federalisten nees géint d’Grenzbarrièren aus an erënneren dorun, datt Europa ëmmer Géigewaart muss sinn! D’Fräiheet ass e Grondrecht vum europäesche Bierger. Et dierf also keng national Elenggäng vun de Memberstaate méi ginn!

Wa begrenzt Aschränkunge vu Rechter a Fräiheeten zum Schutz virun der Epidemie als temporär noutwenneg ugesi kënne ginn, musse si a Form vu koordinéierten europäesche Moossnamen ëmgesat ginn. Grenziwwerschreidend Initiativen zur Preventioun oder Andämmung vun der Pandemie musse Prioritéit hunn. Virun allem braucht d’EU endlech Kompetenzen an der Gesondheetspolitik, besonnesch fir en europäescht Gesetz zum Schutz virun Infektiounskrankheeten op de Wee bréngen ze kënnen.

Kloer ass och, datt d’Reegelen vum Schengener Ofkommes iwwerschafft musse ginn: Grenzschléissungen oder Areesbeschränkunge mussen déi absolut Ausnam bleiwen an zäitlech streng begrenzt sinn. Doriwwer hannenaus musse si notifiéiert ginn a mussen zwangsleefeg zu verbindlechen Accorden tëscht de Schengener Partner iwwert den Zäitpunkt vun der Recuperatioun vum fräie Persounen- a Wuereverkéier féieren.

Schliisslech muss d’Kommissioun hir Roll als Wiechter vun de Verträg wierksam wouerhuelen a Verstéiss géint d’Schengener Prinzipien méi streng iwwerwaachen. De groussen Erausfuerderunge vun der Globaliséierung kënne mir just mat engem wierksame Federalismus begéinen. Déi federal Entwécklung vum europäesche Projet ass déi eenzeg Optioun fir d’Zukunft.

D’Fuerderung vun der „éischter europäescher Generatioun“ vu viru 70 Joer no enger gewielter europäescher Regierung ass dofir nach ëmmer valabel. Mat Courage, Zouversiicht, Wëllen, Solidaritéit a Kreativitéit setze mir eis dofir an, datt de Projet vun engem vereenten Europa endlech konkret Gestalt unhëlt.

„Lang lebe das Europa ohne Grenzen, laang lebe das Europa der BürgeriInnen!“

Ënnerzeechent vun

  • Europa-Union Baden-Württemberg
  • Europa-Union Luxemburg
  • Europa-Union Saar
  • Europa-Union Rheinland-Pfalz
  • UEF Belgium
  • UEF France
  • UEF Grand-Est
  • UEF Luxembourg

Opmacherbild © Matthieu Joannon / Unsplash

Related topics 6. August 1950, 70 Joer, Covid-19, Elsass, Europa, Federalisten, Fräiheet, Franséisch-däitsch Grenz, Grenzschléissung, Grenzstuerm, Oppe Grenzen, Pandemie, Schengener Ofkommes, St Germanshof
Next post Previous post