Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

What the Fakt – Internationalen Dag vun der Frankophonie!
fresh water rv hook up matchmaking services in usa

https://moien.lu/dating-chinese-culture/

Scho säit 1995 feiert Frankräich seng Sprooch mam internationalen Dag

drake and nicki dating 2017
fresh water rv hook up matchmaking services in usa

Algerien wiert sech géint e fënneft Mandat vum President Bouteflika

Datt sech den 82 järegen Abdelaziz Bouteflika, deen zanter engem

No Planet B: Mobiliséierung vum lëtzebuergesche Finanzsecteur fir de Klimaschutz
fresh water rv hook up matchmaking services in usa

No Planet B: Mobiliséierung vum lëtzebuergesche Finanzsecteur fir de Klimaschutz

Greenpeace Lëtzebuerg huet um 18. September 2018 säin éischte Klimaschutzbüro

Europa: Nach ëmmer keen Nofolger fir de Jott-zé-Jott

Eng laang Nuecht fir e Konsens deen sech einfach net fanne léisst

Europa: Nach ëmmer keen Nofolger fir de Jott-zé-Jott

De „Management-Problem“ vun der Institutioun „Europa“ wëll sech net léise loossen. De Problem besteet an éischter Linn doranner, datt sech d‘Staats- a Regierungscheffen op hir national Politik konzentréieren, ënnert sech éischter zerstridden si wéi datt si sech leide kéinten. Dozou kommen och déi rietspopulistesch an ultrakonservativ Klatzkäpp, déi d‘EU partout zerstéiere wëllen.

Ënnert dësen Ëmstänn déi véier Mandater vun den EU-Institutiounen (Kommissiounspresident, Rotspresident, Kommissär fir Aussenugeleeënheeten an EZB-President) ze verdeelen, ass alles wéi eben net grad einfach. An domadder net genuch. Och wann sech d‘Staats- a Regierungscheffen elo géifen eens ginn, da mussen hir „Kandidaten“ och nach vum EU-Parlament „ofgeseent“ ginn.

Nofolger

Um Sonndegowend also de politeschen Nuetsmarathon. Datt dëse géif „ustrengend“ ginn, hat sech scho beim G20-Sommet annoncéiert. Do war de Favorit fir d‘Nofolleg vum Jean-Claude Juncker, de Manfred Weber vun der Bayern-CSU quasi „ecartéiert“ ginn, an de Sozialist aus Holland, Frans Timmermans als méiglech Alternativ genannt ginn. Och hien ass e sougenannte „Spëtzekandidat“

Dat koum bei der europäescher Vollekspartei (EPP) net gutt un, an hei gëtt dann och entspriechend an d‘Flilleke geklappt. D‘Sëtzung déi um 19 Auer sollt ufänken, ass da verluecht ginn, well den amtéierende Rotspresident Donald Tusk – deen eigentlech de Frans Timmermans beim Meeting proposéiere wollt – nach emol eng Rei Eenzelgespréicher zur Klärung huet féiere missen.

En Trauerspill sonnergläichen

Beim Sommet vum 21. Juni, war den däitsche Kandidat vun der EPP, déi Fraktioun déi sech als de Gewënner vun den EU-Wahle bezeechent, net nëmme méi Spëtzekandidat mee eigentlech schonn den designéierten Nofolger vum Jott-zé-Jott. Eppes kuerzsiichteg fir eng Vollekspartei, ëmmerhi woussten si, datt hire Kandidat och d‘Ënnerstëtzung vun de Sozialisten a Liberale misst erhalen.

Et ass sech mat Sécherheet doriwwer ënnerhale ginn, dem Weber d‘Kommissioun ze iwwerloossen an am „Tosch“ dem Timmermans den EU-Rot ze iwwerdroen. Wahrscheinlech sollt dann e liberale Kandidat d‘Mandat vum Kommissär fir Aussenugeleeënheeten zougeschanzt kréien. Eigentlech ganz einfach, och wann d‘EU-Parlament muss zoustëmmen. Mee esouguer dat kréien se net gebak.

Nofolger

An elo ass dann datt, wat de Bierger an Europa als „Accord vun Osaka“ virgehale gëtt, eng prächteg Nullnummer ginn. Net een eenzegen EPP-Member hätt sech bereet erkläert dësem „Deal“ och nëmmen déi geréngste Bedeitung zouzemoossen an esou ass den Numm vum Manfred Weber als méiglechen Nofolger vum Jean-Claude Juncker nach ëmmer am Rennen. Och dat ass EU-Politik.

De Kroat Andrej Plenkovic (EPP), stellt dréche fest: „D‘EPP huet d‘Wahle gewonnen, an als solches muss si d‘Presidence vun der EU-Kommissioun zougeschwat kréien. (…) ech ginn net dovunner aus, datt sech haut eng Léisung erbäiféiere léisst“. An de Mann sollt Recht behalen. Woubäi dat de Problem net besser mécht, mee beweist, datt hir Interessen net dem Bierger gëllen.

Mir gi belunn a bedrunn

Wa kuerz ernimmt ginn ass, datt et schonn de 15. Juli zu engem neie Sommet vun de Egoisten an Ligener kënnt – anescht kann een déi Band net méi bezeechnen – esou kann een dat schonn ausschléissen. Zudeem muss een dierfen drop hiweisen, datt d‘Membere vum sougenannte „Visegrad-Grupp“ (dat sinn Éisträich, Polen, Slowakei, Tschechien a Polen) de Frans Timmermans net wëllen hunn.

Hier „Aversioun“ géint den Hollänner berout dorobber, datt deen engersäits Rechtsmëttel géint Polen an Ungarn ageluecht huet – dat allerdéngs absolut zu Recht – well béid Länner hir ganz eege Virstellung dovunner hunn, wéi een europäesch Wäerter interpretéiert, an anersäits eben e Sozialdemokrat ass. De Faschist Viktor Orban brauch de Manfred Weber wierklech dréngend.

Nofolger

Faktesch mussen sech 3 politesch Familljen eens ginn: déi Chrëschtlech-Konservativ (mat brongem Touch) déi dank de Populisten am Veräin déi stäerkste Fraktioun stellen; d‘Sozialdemokraten déi a Wierklechkeet weder dat eent (Sozial) nach dat anert (Demokrat) sinn; an déi Liberal, zu gudder lescht déi eenzeg déi sech zur hirer Politik bekennen, an d‘Interesse vum Kapital vertrieden.

An déi wou sech do „streiden“ sinn déiselwecht, wou eis ëmmer nees erkläre wéi wichteg d‘EU fir de Fridden, den Handel an déi sozial Kohäsioun ass; fir dann awer an den eegene Länner ëmmer nees d‘EU virzeféieren, als déi Institutioun, déi alles géif bestëmmen an d‘Souveränitéit vun de Memberlänner géif beschneiden. Firwat? Well se wéi Dabo um Prinzip „Spëtzekandidat“ festhalen.

mat indymedia/bru

Foto: De Lëtzebuerger Premier (r) mat (v.l.n.r.) dem belsche Premierminister Charles Michel, dem hollännesche Premierminister Mark Rutte an dem franséische President Emmanuel Macron virun der Sëtzung vun de Staats- a Regierungscheffen. © Thierry Monasse/SIP

Ähnlech Sujeten EU-Sommet, Frans Timmermans, Jean-Claude Juncker, Manfred Weber, Spëtzekandidat
Nächsten Artikel Virrechten Artikel