Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Wéi gutt kenns du Superhelde-Filmer?
us dating sites free

Wéi gutt kenns du Superhelde-Filmer?

free online dating swindon
us dating sites free

li gong dating

Mam Slogan „D‘Alternativ fir Är Gemeng“ huet déi Alternativ Demokratesch

ADEM profitéiert vu gudder Konjunktur
us dating sites free

ADEM profitéiert vu gudder Konjunktur

No engem klenge Skandal deet et gutt sech nees mat

Europa „not amused“ iwwert Trump Besuch

Europa „not amused“ iwwert Trump Besuch

Et war net dee wäermsten Empfang, deen den Trump zu Bréissel gebuede kritt huet. Op der EU hu se him déi zwispälteg Haltung zu Russland an hiren Ierger iwwert d’Fuiten an den amerikanesche Medien nom Manchesterattentat zum Ausdrock bruecht. Bei der NATO allerdéngs huet sech den amerikanesche President duerchgesat, wëll se sech all Méi ginn hunn senge Fuerderungen ze entspriechen. Domadder ass dann elo festgeluecht, datt d’NATO déi international Koalitioun géint des islamesche Staat (IS) begleet an eppes weider géint den Terrorismus ënnerhëlt, mee och déi ugezielten 2% BIP an de Budget fir Verteidegung anzedroen.

Ech si mer net zu 100% sécher dat een haut kéint soen, datt de President an ech selwer eng gemeinsam Positioun hätten, eng gemeinsam Positioun betreffend Russland, sot den EU-Rotspresident Donald Tusk no der Entrevue mam Trump. De fréiere polnesche Premier, Partisan vun enger haarder Haltung géinteniwwer Moskau huet d’Divergenzen allerdéngs net am Detail virgeluecht. Et muss een awer wëssen, datt dem amerikanesche President seng Bewonnerung vum Vladimir Putin, an Ost-Europa fir Kappzerbrieches suergt.

Déi „fundamental Wäerter vum Okzident, wei de Fridden, d’Mënscherechter, de Respekt fir d’Nobless vun der Humanitéit“ verteidegend, huet den Donald Tusk gemengt datt „déi gréissten Aarbecht haut“ fir d’USA an Europa „d’Konsolidéierung vun der fräier Welt ronderëm dës Wäerter an net nëmmen Interessien ass.“ Nom Entretien sinn „verschidde Froen opstoe bliwwen, wéi de Klima an den Handel“ zwee Domänen an deenen sech den Trump kloer géint d’EU stellt, déi mat allen diplomatesche Mëttel de Paräisser Accord géint d’Äerderwiermung an den fräien Handel verteidegt, huet den Tusk insistéiert.

De franséischen Intermezzo

An der Mëttegpaus virum Sommet mat der NATO huet den Donald Trump den Emmanuel Macron an der amerikanescher Ambassade empfaangen. „Et ass fir mech eng grouss Éier mech mam neie franséische President ze treffen, deen eng ongleeflech Campagne gefouert huet an eng formidabel Victoire entscheet huet“, huet sech den Trump geäussert, hien dee sech bretzt d’Traditiounen an sämtlech Code gebrach ze hunn fir awer an d’Wäisst Haus anzezéien. „D’ganz Welt schwätzt dervun. Bravo. Gutt gespillt“, füügt hie bäi, ënnersträichend, datt d’Diskussiounspunkte villfälteg wäerte sinn an de Kampf géint den Terrorismus ee zentrale Punkt dovunner.

Den Emmanuel Macron sengersäits sot „Ech sinn fir mäin Deel och ganz glécklech mam Trump zesummen ze sinn“, an evoquéiert datt hien och nieft dem Terrorismus wäert, beim Aarbechtsiessen, de Klimawandel an d’Energie, uspriechen. „Ech si ganz frou, datt mer eis iwwert villes wäerte kënnen austauschen.“ Ee Rendez-vous deen awer och am Zeeche vum G7-Sommet a Sizilien stoung, wou d’Froen zum Klimawandel op héchstem Niveau zu engem vun den Haaptthemen dierft zielen.

NATO-Sommet: En Elefant am Parzeläinsbuttek

D’Iesse mam franséische President muss dem Trump gutt geschmaacht hunn, wëll um NATO-Sommet hat hie seng bekannte Form erëmfonnt an huet emol direkt fir unzefänken seng „Partner“ uerdentlech gerëselt. Hien affirméiert, datt déi „enorm Zomme schëllege géifen“ am Bezuch op d’Ongläichgewiicht vun de Militärbudgeten tëscht den USA an Europa. Den Trump huet sech dann och bewosst zeréckgehalen déi berouegend Wieder, déi all erwaart haten auszespriechen: eng kloer Ënnerstëtzung zum Artikel 5 vun der NATO, dee virgesäit dat déi Alliéiert ugeflu kéime wann ee vun hire Leit vu baussen ugegraff sollt ginn.

A gutt 70 Joer ass hien dann den éischten amerikanesche President deen esou een Engagement, deen awer am Washingtoner Accord festgeschriwwen ass, net zum Ausdrock bruecht huet; ënnersträicht den Thomas Wright, Chercheur am Brookings’s Institut. Op Twitter schreift de Chercheur „Dat ass ee grousse Schock fir d’Membere vun der NATO.“ De russesche President, mat deem d’NATO net grad a gudden Dicher stécht, mee deen dem Trump gutt ze gefale schéngt „wäert sech erfreet hunn, datt hien sech geweigert huet den Artikel 5 opzehuelen“, schreift den Thomas Wright.

Während der Zeremonie, wou den Trump ee Stéck vum World Trade Center als Erënnerung un d’Uschléi vum 11. September 2001 entbléisst huet – wat d’USA zum Ulass geholl hate fir eben dësen Artikel geltend ze maachen – hätt den Trump allerdéngs Geleeënheet derzou gehat. D’Diplomate waren da wei et schéngt och iwwerzeegt, datt den Donald Trump sech déi net géif entgoe loossen. Se hate wuel vergiess, datt den onberechenbaren Amerikaner, deen d’NATO laang als obsolet bezeechent hat, sech et anescht iwwerluecht huet a sech léiwer op seng finanziell Fuerderungen un d’Alliéiert besënnt.

Den Trump huet de Sommet awer och genotzt fir d’Memberen opzeruffen dem Terrorismus en Enn ze bereeden, nodeems hien eng Minutt Silenz fir d’Affer vu Manchester agefuerdert hat. „D’NATO vun der Zukunft muss sech op den Terrorismus an d’Immigratioun konzentréieren, esou wei op d’Bedreeung vu Russland an d’Grenzen am Osten a Süde vun der NATO“ insistéiert den amerikanesche President. „Mir mussen haart“ a „wuechtsam“ bei der Immigratioun sinn, betount den Trump, deen déi däitsch Kanzlerin béiss kritiséiert hat fir d’Refugiéë mat oppen Äerm empfaangen ze hunn. „Dausenden an Dausende Mënsche verbreeden sech an eise Länner, verstree sech an a ville Fäll wësse mer net wien se sinn“.

Eppes weider a senger Ried, wou hien sech allerdéngs méi u seng Wieler an Amerika geriicht huet, kënnt hien dann op de Punkt wou ëm d’Sue geet. „D’Membere vun der NATO mussen endlech op eng gerecht Manéier contribuéieren an hir finanziell Flichten erfëllen (…) Aktuell ass et ongerecht fir d’Leit an d’Steierzueler“, sot den Trump a behaapt, datt 23 vun 28 Memberlänner nach ëmmer net dat bezuele wat se eigentlech missten. Domadder viséiert hien déi Länner déi nach ëmmer net d’Ziel vun den 2% vum PIB erreecht hunn dee vir 2024 festgeluecht ginn ass. Den Immobiliemagnat konnt sech et dann och net verquëssen sech iwwert d’Baukäschte vum NATO-Siege (1,1 Milliarden Euro) lëschteg ze maachen „Ech hu ni gefrot wat dat kascht huet.

D’Europäer hunn sech dann domadder offonnt, datt d’NATO ganzheetlech Member vun der internationaler Koalitioun géint den IS a Syrien an am Irak gëtt, eppes wat Washington scho säit engem Joer fuerdert. Länner wei Frankräich, Däitschland oder Italien hu sech laang gewiert, och wëll se der Usiicht waren, datt dat der Positioun vun der Allianz an der arabescher Welt weider géif schueden, och wa verschidde Memberlänner eegestänneg un der Koalitioun deel huelen.

Mam Alix Rijckaert an Jérôme Cartillier (AFP)

Foto: (© Eric Fefferberg/AFP)

Ähnlech Sujeten Europa, NATO, Trump
Nächsten Artikel Virrechten Artikel