Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Rotondes: Den offizielle Programm bis den 19. Januar 2020
Fail International high school dating app

dating sites monaco

Vu Kultur, Musek a Konscht, iwwert Konferenzen, Workshops an Atelieren

https://moien.lu/we-hook-up-meaning/
Fail International high school dating app

Twitter verwiert sech der saudescher Propaganda

De Sécherheetsdepartement vun Twitter huet eegenen Informatiounen no 88.000 Accounts

Net a mengem Numm! Nee zu der Sklaverei !
Fail International high school dating app

Net a mengem Numm! Nee zu der Sklaverei !

Um Mëttwoch hat d‘KPL zu enger Manifestatioun op der Clairefontaine-Plaz

dislike

Ze vill Bürokratie an ze oppen: de Macron wëll Europa reforméieren

Ze vill Bürokratie an ze oppen: de Macron wëll Europa reforméieren

Haut stellt den Emmanuel Macron seng Virschléi fir Europa ze reforméiere vir. Dat mat emblematesche Mesuren a Reformchantieren, deenen sech seng europäesch Partner missten uschléissen. D‘Angela Merkel dierft awer no der „komplizéierter“ Wal am Ament aner Suergen hunn.

Haut de Mëtteg also um 15:00 Auer, an dat am groussen Amphitheater vun der Sorbonne, sollen déi säit Wochen erwaarte Propositiounen ëffentlech gemaach ginn. Ausser de Medien, muss de President allerdéngs och d‘Studenten iwwerzeegen, déi him solle Froe stellen dierfen.

D‘UNEF (Union vun de Studenten a Frankräich) eigentlech eng Studentegewerkschaft, huet d‘Geleeënheet genotzt fir eng Versammlung virun der Sorbonne ze organiséieren. Si wëllen de President op d‘Konditiounen an den Accès zum Universitéitsstudium opmierksam maachen.

D‘Maschinn Europa ukuerbelen

De franséische President wëll d‘Maschinn Europa nees ukuerbelen. Déi wier, esou seng Usicht, zanter Jore geschwächt, datt wéinst senger onbeduechter Ëffnung zur Mondialisatioun. Och wier Europa an der Bürokratie versackt, an enger Iwwerreguléierung gefaangen a vun der Eestëmmegkeet gelähmt.

De Brexit, mee besonnesch d‘Opkomme vum anti-europäesche Populismus, an natierlech seng Wal op der Basis vun engem pro-europäesche Programm, géifen et néideg maachen, Europa grondleeënd ze reforméieren. Engem Gedanken deem sech d‘Memberlänner sollten uschléissen.

Den Emmanuel Macron wëll eng Aarbechtsmethod detailléieren, fir op fënnef prioritär Chantieren endlech Fortschrëtter ze maachen. Dat sinn: d‘Digitaliséierung, de Klima, d‘Sécherheet an d‘Verdeedegung, d‘Migratioun an all déi ekonomesch a wirtschaftlech Froe. Eppes wat sollt ze kläre sinn, ouni Eestëmmegkeet an ouni sech op de klengsten Nenner ze beruffen.

Volontaristesch statt erzwongen

Paräis wëll also, datt déi Länner déi sech eens sinn, an all Dossier vill méi wäit solle kënne goen. Déi aner kéinte jo dëse „Pionéier“ méi spéit nokommen, esou wéi bei den Accorde vu Schengen. Esou géifen déi Länner déi net „wëllen“ déi wou „kënnen“ net drun hënnere virunzekommen.

Dat ass dann awer en Europa a veschidde Formater, eent wat vu Fall zu Fall, mat ënnerschiddlechen Acteuren agéiert.

Dat ass dann awer en Europa a veschidde Formater, eent wat vu Fall zu Fall, mat ënnerschiddlechen Acteuren agéiert. Esou zum Beispill Polen, géint eng Reform vun der Direktiv iwwert d‘Entsendegesetz, wëll awer bei engem Europa vun der Verdeedegung viru kommen.

D‘Zil vum Emmanuel Macron ass also eng global „Feuille de Route“ zum Summer 2018. Laangfristeg op 2024 ausgeluecht, e méi integréiert Europa, souverän an eng Protektioun géint d‘Welt vu baussen. An den Terrain ass gutt virbereet, ëmmerhin huet sech de franséische President scho mat 22 vun de 27 Staatscheffe ënnerhalen.

Mécht Däitschland mat?

Verrode wëll den Emmanuel Macron och seng emblematesch Mesuren, konkreter, déi de Bierger nees un Europa gleewe loossen, wéi en erweiderten Erasmus oder eng europäesch Agence fir d‘Innovatioun. Mat dran och e System fir d‘Gigante vum Numereschen ze besteieren. Eppes wat och zu Tallin um „numereschen“ EU-Sommet op der Dagesuerdnung steet.

Gefuerdert gëtt och ee Finanzminister an ee spezifesche Budget fir déi 19 Länner vun der Euro-Zon. Dee soll vun engem Parlament vun der Euro-Zon kontrolléiert ginn, deen sech aus dem EU-Parlament zesummebrénge léisst. Dat e Gedanken dee verständlech mécht, datt de President d‘Wahlen an Däitschland ofgewaart huet fir de Projet virzeleeën. Ouni d‘Ënnerstëtzung vum Angela Merkel kann de Macron keng Reform ukuerbelen.

Den Ausgang vun der Wal an Däitschland dierft awer dem franséische President net gefall hunn. Mat enger „Jamaika-Koalitioun“ dierft et schwéier sinn e groussen Deel vun de Reformen iwwerhaapt virzeschloen.

Déi liberal vum Christian Lindner (FDP) hunn et scho kloer gemaach: „Mir wëlle keng nei Budgete fir finanziell Transferten an Europa. E Budget fir d‘Eurozon (…) wou d‘Geld am Frankräich géif lande fir déi ëffentlech Ausgaben ze finanzéieren oder an Italien wou d‘Geld benotzt géif fir dem Berlusconi seng Feeler ze bezuelen“.

Schwiereg Situatioun fir d‘Merkel

D‘Angela Merkel muss dann och ugesicht der eegener Situatioun méi virsiichteg géintiwwer de Virschléi vum Macron sinn.

D‘Angela Merkel muss dann och ugesicht der eegener Situatioun méi virsiichteg géintiwwer de Virschléi vum Macron sinn. „Et ass net de Vokabulär eleng – europäesche Finanzminister, Budget vun er Euro-Zon – dee wichteg ass, mee och alles wat se derhannert verstoppt. An op dësem Punkt stinn ech mam franséische President am Gespréich“, esou d‘Bundeskanzlerin um Méindeg.

E weidert Warnzeeche stellt déi rietsradikal AfD duer. D‘Populiste stinn dem Euro besonnesch skeptesch géinteniwwer, konnten sech awer mat ganzen 12,6% als drëtt Kraaft an de Bundestag erabréngen. Och ënnerlech zerstridden, sinn d‘Vertrieder vun der AfD eng Gefor fir d‘Demokratie al éischt an Däitschland an duerno an Europa.

mam Laurence Benhamou/AFP

Foto: Sinn et déi Zwee wou iwwert d‘Zukunft vun Europa Entscheeden? Mat der Bundestagswahl vun e Sonndeg ass déi Fro esou net méi ze beäntwerten. Den Emmanuel Macron hält awer dru fest, d‘Angela Merkel üübt sech am Zréckhalen. © Ludovic Marin/AFP

Ähnlech Sujeten Angela Merkel, Däitschland, Emmanuel Macron, EU, Europa, Frankräich
Nächsten Artikel Virrechten Artikel