Search

You may also like

Bausecteur: Laang kann dat net méi gutt goen
International Neiegkeeten

Bausecteur: Laang kann dat net méi gutt goen

Um spéiden Donneschdegnomëtte war zu Esch-Uelzecht eng méi Lass. An

Wéi gutt kenns du d’Herrscher vu Lëtzebuerg?
International Neiegkeeten

Wéi gutt kenns du d’Herrscher vu Lëtzebuerg?

[onionbuzz quiz-id=170][/onionbuzz] Lëtzebuerg huet a senger laanger Geschicht als Grofschaft,

Ankara beklot de Broch vum Flüchtlingspakt
International Neiegkeeten

Ankara beklot de Broch vum Flüchtlingspakt

Kuerz virum Besuch vun der Bundeskanzlerin Angela Merkel, sinn d‘Osmanen

Fir den Nawalny: Europa sanktionéiert Russland

Och de leschten Diktator vun Europa, Alexander Lukaschenko, soll elo sanktionéiert ginn

Fir den Nawalny: Europa sanktionéiert Russland

Beim Ausseministertreffen um Kierchbierg soll sech op nei Sanktioune géint Russland verstännegt gi sinn. D‘Helde vun der Diplomatie hätten de Plang, dee vun Däitschland a Frankräich virgeluecht gouf, ugeholl.

Däitschland a Frankräich hate jo – wéinst der Vergëftung vum russeschen Oppositionellen, Alexej Nawalny – gemeinsam EU-Strofmoossname virgeschloen. De Schratt, Sanktioune géint Moskau ze verhänken, gouf vum Argument gedroen, datt d‘Russen der Opfuerderung, dës Dot vollstänneg opzeklären, bis ewell net nokomm wier. Ob si sech ee Muster vum Nervekampfstoff erhofft haten?

Gutt et ass sécher richteg, datt Russland zur Stonn keng valabel Erklärung betreffend den Asaz vun engem Nervegëft (Nowitschok) an dem – aus däitscher Siicht – Mordversuch um Alexej Nawalny ofginn huet, mee vu do aus drop ze schléissen: „datt et keng aner Erklärung vir d‘Vergëftung vum Här Nawalny gëtt, wéi eng russesch Bedeelegung a Verantwortung“, bleift eng gewoten Thees.

Laut de Pläng – déi der Ëffentlechkeet den Ament nach virenthale bleiwen – sollen d‘Sanktiounen sech géint Eenzelpersoune riichten „déi opgrond hirer offizieller Funktioun als verantwortlech, fir dëst Verbriechen an de Broch vun internationale Rechtsnorme gelten, esou wéi eng Ariichtung, déi an den Nowitschok-Programm a gebonnen ass“. An d‘Russe waren net déi eenzeg Zilscheif…

Wäissrussland a säin Diktator

Well den Alexander Lukaschenko, deen als leschten Diktator vun Europa gëllt, et am August bei de Walen zolidd mam Gefuddels iwwerdriwwen huet, an domadder en Opstand am eegene Land quasi provozéiert huet, huet Bréissel scho Sanktioune verhaangen. Déi sollen elo däitlech ausgewäit ginn. Am Beschloss vun den Ausseminister, geet et dann elo och ëm Sanktioune géint d‘Staatsféierung.

Den EU-Kommissär fir Baussenzeg Ugeleeënheeten, Josep Borrell huet den Ausseminister gesot, datt et net esou ka weider goen. Nieft „ranghéije“ Membere vun der Regierung, soll den Diktator Alexander Lukaschenko héchstperséinlech op der Sanktiounslëscht landen. Eng Mesure vun där ee bis ewell Ofstand geholl hat, well ee gefaart hat, datt dat méiglech Gespréicher kéint behënneren.

RusslandDe Jean Asselborn am Gespréich mam italieneschen Ausseminister Luigi di Maio an dem letteschen Ausseminister Edgars Rinkevics. © European Union

Et ass keen anere wéi den däitschen Ausseminister Heiko Maas, deen de neie Pak u Sanktioune proposéiert huet. Säin Argument: „D‘Gewalt déi vum Lukaschenko-Regime ausgeüübt gëtt, geet weider. (…) Et kënnt nach ëmmer zur Verhaftung vu friddlechen Demonstranten. (…) an zu de Persounen, déi da sanktionéiert ginn, soll och de Lukaschenko gehéieren“, esou de Sozialist…

Hei sollt een net iwwersinn, datt et besonnesch déi ëstlech EU-Länner – déi een allerdéngs och net wierklech als „demokratesch Beispillhaft“ bezeechne kann – waren, déi den haarde Kurs gefuerdert hunn. Déi bemängelen, datt de Lukaschenko net mat der Biergerrechtsbeweegung iwwer Neiwahlen an den demokrateschen Iwwergang schwätze wëll. Et dierft wesentlech méi derhannert stiechen.

Foto: Ee Méindeg hunn sech d‘Ausseminister vun der Europäescher Unioun um Kierchbierg op nei Sanktioune géint Russland a Wäissrussland verstännegt. © European Union

Related topics Alexander Lukaschenko, Alexej Nawalny, EU-Ausseminsitersommet, EU-Sanktiounen, Kierchbierg, Russland, Wäissrussland
Next post Previous post