Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

D‘Duettiste vun der Nuecht: de Mound an de Mars
Fail Neiegkeeten

D‘Duettiste vun der Nuecht: de Mound an de Mars

Et gëtt déi längste Mounddäischtert vum 21. Joerhonnert, an eise

Ankara huet en neit Drockmëttel entdeckt
Fail Neiegkeeten

Ankara huet en neit Drockmëttel entdeckt

Et wier ee keen Hotel fir IS-Kämpfer, huet gëschter den

Ass Luxtram politesch en Erfolleg mee sozial betruecht e Suergekand?
Fail Neiegkeeten

Ass Luxtram politesch en Erfolleg mee sozial betruecht e Suergekand?

Fir d‘Gewerkschaften OGBL an FNCTTFEL ass et laut Communiqué erfreelech,

dislike

Europa-Tournée fir den Donald Trump

Den US-President huet vill Rendez-Vousen

Europa-Tournée fir den Donald Trump

Haut geet dem amerikanesche President säin Tour duerch Europa lass. Véier Deeg wou hien ënnert anerem och beim G20-Sommet zu Hamburg erwaart gëtt. An eng wichteg d’Begéinung mam Vladimir Putin déi net ganz onëmstridden ass.

Dem Trump säin éischten Halt ass Warschau iert et weider op de G20-Sommet geet. Hei dierft hien eescht Gespréicher mat dem russeschen a chineseschem President ze féieren hunn. Och laanscht eng Ënnerriedung mat der Kanzlerin Merkel wäert hien net kommen.

Wéinst dem leschte ballisteschen Test vun enger Rakéit dierft och Nordkorea zur Prioritéit bei dëse Gespréicher ginn. Fir den Trump huet dat kommunistescht Land eng rout Linn iwwerschratt, déi seng Gedold op Enn bruecht huet. Seng Rivale wëllen elo ofwaarden op et just Wieder sinn oder tatsächlech Dote follegen.

E Freideg kënnt dann och nach ee Gespréich mam Putin, dat en Impakt op d’US-Bannepolitik kéint hunn. De „russeschen Dossier“, deen dem Trump um Mo läit, ass nach net vum Dësch. D’US-Geheimdéngschter behaapten nach ëmmer, datt Russland an d’Wahlcampagne agegraff hätt. Esou ka schonn een einfachen Handschlag mam russesche President Undeitungen ausléisen.

Rattrapage

Déi éischt Europa-Visite vum Trump kéint zudeem och als „Rattrapage“ verstane ginn. A Polen gëtt den amerikanesche President vum Andrej Duda empfaangen. De polnesche President verfollegt eng ähnlech konservativ Politik wéi den Trump a béid Männer sollten sech gutt verstoen.

Fir de Piotr Buras, Analyst vum Europa-Rot, kéint den Trump d’Chance ergräifen, no sengem schappegen Optrëtt zu Bréissel an Taormina (G7-Sommet) säin Image am eegene Land opbesseren. Ëffentlech stinn d’Dirigente vun den europäesche Länner zu den USA, mee am private sinn sech déiselwecht net sécher op déi gutt Relatioune véier, oder esouguer aacht Joer, mam Trump am Wäissen haus iwwerstinn.

Och d’Kausa „Klimawandel“ an de Paräisser Accord dierften ee Sujet am Courant vum Trump senger Europa-Rees sinn. Sécher ass, datt dee Sujet beim G20-Sommet net wäert ausgelooss ginn. Och déi sëlleche Froe betreffend den Irak an déi läscht Otemzich vum islamesche Staat sollten beim Donald Trump op der Agenda uewe stoen.

mam Andrew Beatty/AFP

Foto: Aktiviste vum Netzwierk „Attac“ droe Maske vun den Haaptdiriegenten déi sech ee Freideg zu Hamburg um G20-Sommet wäerte begéinen. Den Donald Trump ass hei eng vun den zentrale Figuren an och net wierklech wëllkomm (© Daniel Reinhard/dpa/AFP)

Ähnlech Sujeten Angela Merkel, Donald Trump, Europa, G20, USA, Vladimir Putin
Nächsten Artikel Virrechten Artikel