Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

What the Fakt – de Weltdag vum Waasser
International Neiegkeeten

latest online dating site

Et geet viru mat den Aktiounsdeeg, déi ronderëm d’Thema Natur

dating guys 10 years younger
International Neiegkeeten

Brexit: De britescher Premierministesch flitt alles ëm d‘Oueren

432 Deputéiert hunn am House of Commons, géint dee vum

Gewerkschafte vum Banken- an Assurancësecteur hunn en Dissens
International Neiegkeeten

Gewerkschafte vum Banken- an Assurancësecteur hunn en Dissens

Déi lescht Woch waren d‘Gewerkschaften ALEBA, LCGB-SESF an OGBL-SBA sech

Europa-Wahl op der „Insel“

Wie bedeelegt sech un enger Wahl déi guer hätt solle stattfannen?

Europa-Wahl op der „Insel“

Et sinn Europa-Wahlen an entgéint allen Erwaardungen (an dësem Fall déi eegen) dierfen d‘Brite schonn haut hir Volleksvertrieder fir d‘EU-Parlament wielen. Eigentlech haten sech d‘Mënschen a Groussbritannien mëttels Referendum fir den Austrëtt aus der Unioun entscheet a sollten net méi derbäi sinn. Mee wéi et ausgesäit…

Wann se dann haut an de Wahlbüroen hir Stëmm ofginn, wäert en deene mannsten ëm de Projet „Europäesch Unioun“ goen. Déi meescht Brite wäerten dës Wahl notzen, fir den Tories an der Premierministesch d‘Rechnung fir dat ugeriichte politescht Chaos ze presentéieren. Ob Labour fir d‘Wieler eng Optioun sinn, oder méiglecherweis d‘Brexit-Partei mam Nigel Farage? Kee weess et.

Europa-Wahl

Fakt ass: d‘Theresa May huet an de leschte Méint net nëmmen d‘Vertraue vum Parlament a ville Parteimembere verluer, och vum Vollek gëtt d‘Premierministesch net méi wierklech ënnerstëtzt. Zudeem steet fest datt hir politesch Carrière mam Koméidistéck „Brexit“ op Enn geet. Nom Debat am House of Commons, gouf et gëschter Owend nach Spekulatiounen iwwert en direkte Récktrëtt.

Schlëmmer geet ëmmer

Un der Wahl selwer hätt en erzwongene Récktrëtt näischt méi geännert. Ënnert den Experten ass e sech eens: d‘Wieler wäerten de Konservativen haut eng zolidd Néierlag abréngen. Géif e sech op Sondage verloosse kënnen, wier et esouguer méiglech, datt d‘Tories „eestelleg“ bleiwen. Mee elo misst een emol wësse wien iwwerhaapt zu enger Wahl geet, déi et eigentlech net hätt dierfe ginn?

Et kann een an de Stroosse vu London froe wien ee wëll, et gëtt ofgewénkt. Wien eppes dozou ze soen huet mécht däitlech, datt d‘Leit es der Politik midd an iwwerdrësseg sinn. Anerer gesinn de Sënn vun dëser „Aktioun“ net an. En 20 järege Student stécht aus der Mass ervir a wëll wiele goen. Hien appelléiert dann och u déi gläichaltereg et him gläich ze maachen, net op e neits ze versoen…

 

Europa-Wahl

De Nigel Farage (Brexit-Partei) kéint an d‘Geschichtsbicher agoen. Sollt hien op e neits d‘Wahle gewannen, wier hien deen éischte Politiker dee mat zwou Parteien als „Gewënner“ d‘Europawahlen ad absurdum féiert. Hie wëll nämlech nëmmen an d‘EU-Parlament, fir Europa ofzeschafen… © David Radler

Woubäi dës Wahle méiglecherweis iwwerrasche kéinten. D‘Briten hunn eigentlech ni e grousst Interessi fir EU-Wahle gehat. Béi deene leschten huet d‘Bedeelegung bei schwaache 35% geleeën. Bei dëse Wahle geet et awer nëmmen indirekt ëm Europa, wien hei seng Stëmm ofgëtt huet déi national Politik am Bléck, firwat och deels vun engem „zweete Referendum“ rieds geet.

Populismus wierkt

Erënnere mir an dësem Kontext drun, datt 2014, déi europafeindlech UKIP mam Spëtzekandidat Nigel Farage als Gewënner ervir gaange waren. An den Nigel Farage trëtt elo op neits un. Dës Kéier als Spëtzekandidat vun der Brexit-Partei an hien huet zolidd Chancen alt nees d‘Wahlen ze gewannen. Domatter wier hien deen éischte Parteichef, dee mat zwou Parteie Wahle gewonnen hätt.

An hei sollt ee bedenken, datt opgrond dem politesche Chaos net nëmmen EU-Géigner fir de Nigel Farage an d‘Brexit-Partei wäerte stëmmen. De Populist huet ënnert den Hardliner bei den Tories vill Unhänger an esouguer Frënn. Hien ass eppes wéi den „nëtzlechen Idiot“ fir déi EU-kritesch Fraktioun bei de Konservativen. Wéi nëtzlech hinnen den Nigel Farage wäert sinn, ass net gewosst.

Europa-Wahl

Gewosst ass awer datt och déi sozialistesch Labour sech waarm muss undoen. Déi gréisste britesch Oppositiounspartei huet sech mam Brexit och net wierklech e Virdeel verschaaft. Besser opgestallt d‘Liberaldemokraten: déi stinn an de Sondagen op der zweeter Plaz, an triede ganz engagéiert fir e verbleif an der Unioun an. Mee wien tëscht Brexit-Partei a Liberaldemokrate mécht d‘Rennen?

Lescht Notiz

A Groussbritannien mussen d‘Wieler 73 EU-Deputéiert bestëmmen. D‘Austrëttsprozedur selwer ass net dovunner betraff, well d‘Scheedung awer nach net vollzunn ass a Bréissel de Brite bis zum 31. Oktober Zäit ginn huet sech dat mam Accord nach emol ze iwwerleeën, firwat Groussbritannien sech no europäesche Recht riichte muss, also EU-Deputéiert fir d‘EU-Parlament bestëmme muss.

Déi (aner) europäesch Staatscheffe sinn sech esouwäit eens, datt d‘Briten dës Zäit mat Beduecht notze sollen an der virleienden Accord – e bessere wäert et net méi ginn – entweder unhuelen oder ouni hirer Wee goe sollen. Ze grouss ass d‘Gefor, datt déi britesch „Vertrieder“ am EU-Parlament „politesch Sabotage“ bedreiwen, den politeschen Apparat quasi zum Stëllstand brénge kéinten.

mat indymedia/lon/bru

Illustratioun: De leschte Stand vun de Sondagë léisst näischt Gutts erwaarden. D‘Populiste stinn an der Gonscht vun den Ëmfroen, a Groussbritannien ass wuel wéinst dem Brexit e spezielle Fall, mee an der ganzer EU sinn d‘Populisten um Virmarsch a dierften zolidd u Gewiicht zouhuelen. © YouGov (ScrSh)

Ähnlech Sujeten Brexit Party, EU-Wahlen, Europawahlen 2019, Groussbritannien, Jeremy Corbyn, Labour, Libdems, Liberaldemokraten, Nigel Farage, Theresa May, Tories
Nächsten Artikel Virrechten Artikel