Search

You may also like

Ried vum LCGB-Nationalpresident Patrick Dury zum 1. Mee
Sport

Ried vum LCGB-Nationalpresident Patrick Dury zum 1. Mee

Well et opgrond de Restriktiounen, ervirgeruff duerch d‘Covid19-Pandemie dëst Joer

Weltdag vum Diabetis: Wéi virbeugen, behandelen an domat ëmgoen?
Sport

Weltdag vum Diabetis: Wéi virbeugen, behandelen an domat ëmgoen?

Fir gréisser Komplikatiounen a Risiken ze verhënneren, ass Virsuerg an

Een Hommage un d’Édith Piaf um 23. Januar zu Steesel
Sport

Een Hommage un d’Édith Piaf um 23. Januar zu Steesel

Fir den 23. Januar 2020 invitéiert Iech d’Gemeng Steesel op

Europacup Volleyball 2018: De gudde Wëllen eleng geet net duer

Europacup Volleyball 2018: De gudde Wëllen eleng geet net duer

Um Mëttwoch stoungen sech an der Sportshal vu Stroossen, d‘Männer vum Volleyball Club Stroossen (VCS) an d‘Team Levski Sofia, aus Bulgarien am Europacup géinteniwwer. An eigentlech hätt ee sech geduecht, datt hei eppes méi sollt dra gewiescht sinn.

Levski Sofia, déi aktuell op der néngter Plaz an hirem Championnat steet, huet mat senger „opgefrëschter“ Equipp nach net d‘Form vu fréieren Zäiten erëmfonnt. Do huet een, ugesicht dem Palmarès vun de Stroossener (Champion 2016 a 2017, Coupe-Gewënner 2016) dann déi gewëssen „Hoffnung“ mat op de Match geholl.

Volleyball

Levski Sofia, ëmmer eng Grëtz „driwwer“ © Martine de Lagardère/moien.lu

Et sollt een dann awer zimlech schnell feststellen, datt de Volleyball zu Lëtzebuerg wäit hannert de berechtegten Erwaardunge vum Public läit. Stroossen huet d‘Partie zwar wierklech ganz iwwerzeegend gestart, an och den éischte Saz mat 25-22 ganz verdéngt fir sech konnten entscheeden.

De Bulgaren, deen dëse „Feeltrëtt“ elo net wierklech an d‘Konzept gepasst huet, a sech séier op d‘Spill vun de Stroossener agestallt hunn, waren dann och an de folgenden dräi Sätz méi sécher a spillfreedeg ënnerwee. Mat 25-16 am zweete Saz hu se däitlech gemaach wien um Spillfeld d‘Heft an der Hand huet. An och den drëtten a véierte Saz hunn se jeeweils mat 25-20 ganz kloer fir sech entscheet.

Volleyball

De VCS mat vill Risikobereetschaft awer erkennbarem Spillopbau © Martine de Lagardère/moien.lu

Erklärungen änneren um Enn näischt um Resultat. Festzehalen ass dann awer, datt d‘Bulgare mat hirer jonker Equippe einfach dat méi kohärent Spill, bei wuel iwwerluechtem Risiko, op den Terrain bruecht hunn. Schnell a mat groussem taktesche Geschéck, huet Levski Sofia de Männer vu Stroossen hir Grenzen opgewisen.

De VCS, dee gutt am Block stoung an och seng „Attacke“ iwwerzeegend ausgefouert huet, huet fir lëtzebuergesch Verhältnisser eng gutt Leeschtung erbruecht. Deels ass ze vill riskéiert ginn an och e sëllechen individuell Feeler, muss een einfach erwähnen. Dat léisst sech zu gudder Lescht dann och net mat „et sinn Amateure“ ofdoen. Dem sportlechen Defizit ass mat Engagement an Éiergäiz ze begéinen.

Volleyball

An der leschter Konsequenz net wierklech konkurrenzfäeg © Martine de Lagardère/moien.lu

Trainerstëmmen:

Nom Spill huet den Trainer vu Levski Sofia, de Radoslav Bakhardzhiev, awer och Defiziter bei senger Mannschaft erkannt. Dat si den éischte Saz esou däitlech ofginn hunn, war net no sengem „Geschmaach“ och wann hie senge Jongen zougesteet, op een hinne ganz onbekannte Géigner gefall ze sinn. Zudeem hätt de VCS jo näischt ze verléiere gehat, wat et schwéier gemaach huet se anzeschätzen.

Volleyball

Team Levski Sofia © Martine de Lagardère/moien.lu

„Se hunn ze vill riskéiert, wat eis ganz entgéint komm ass. Hiert Spill war dann och lieserlech an ech konnt meng Jonge kuerzfristeg astellen. Am zweete Saz war eis da kloer, datt dës, jo awer och fir si wichteg Partie, gewonne wier“, esou den Trainer vu Levski. Hie freet sech elo op d‘Hollänner. Wann se déi sollte packen, an et schwätzt näischt dergéint, da gëtt et allerdéngs richteg haart. Da stinn se de Russe géinteniwwer. Déi hu ronn 15 mol hire „Budget“ an et „brauch ee scho Bäistand vu ganz uewen, fir do ze bestoen“.

Vir den Ulf Quel, Trainer vum VCS, war dës Renconter dann trotz Néierlag vu senger Equipp dann awer e gelongenen Optrëtt an eng schéi Reklamm fir de Lëtzebuerger Volleyball. „Ech sinn optimistesch fir d‘Zukunft, d‘Jongen hu phaseweis ganz gudde Volleyball gespillt“, esou den Ulf Quel direkt nom Match.

Foto: Team Levski Sofia huet trotz enger aktuell „schlechter“ Heemsaison dem VC Stroossen net déi geréngste Chance gelooss. © Martine de Lagardère/moien.lu

Related topics CS Strossen, Europacup, Levski Sofia, Volleyball
Next post Previous post