Search

You may also like

money
Laang Gesiichter am Lëtzebuerger Stolsecteur
Neiegkeeten

Laang Gesiichter am Lëtzebuerger Stolsecteur

Den indesch-lëtzebuergesche Stolkonzern ArcelorMittal stécht a schlechten Dicher. Wann een

D’Landwirtschaft 2019/2020: Vun Déifpräisser fir Schwéngsbaueren a Stabilitéit am Mëllechsecteur
Neiegkeeten

D’Landwirtschaft 2019/2020: Vun Déifpräisser fir Schwéngsbaueren a Stabilitéit am Mëllechsecteur

Gëschter huet de Romain Schneider, Minister fir Landwirtschaft, Wäibau a

E Buch vun a fir Iech: „Leo, de klenge Chameleon“
Neiegkeeten

E Buch vun a fir Iech: „Leo, de klenge Chameleon“

Houfreg presentéiert SO Graphiste säin neist Wierk „Leo, de klenge

Europadag: Wa Fridden a Fräiheet bedreet sinn

Europadag: Wa Fridden a Fräiheet bedreet sinn

Den haitegen 9. Mee soll ganz am Sënn vun der Europäescher Unioun stoen. De sougenannten Europadag, deen säit leschtem Joer zu Lëtzebuerg als offizielle Feierdag zielt, stellt dobäi d’Eenheet an de Fridde vun der Unioun an de Virdergrond. Dëse Gemeinschaftsgeescht gëtt awer grad wärend der Krisenzäit nees a Fro gestallt.

Grenzkontrollen sollten der Vergaangenheet ugehéieren. Duerch d’Moossnamen, déi an der Groussregioun ergraff gi sinn vir d’Verbreedung vum Covid-19 ze verhënneren, fille sech d’Bierger net nëmmen vum Stau genervt, mee och an hire Fräiheete bedreet. Wäerter wéi Zesummenhalt an europäesch Solidaritéit, sou wéi de Vertrauen an d’Unioun schéngen ze verblatzen.

D’Europäesch Unioun vereent iwwer 170 Nationalitéiten a verschidde Kulturen. Mam Video „Different Together“ beschreiwen d’BiergerInnen, wat d’Virdeeler vun der Unioun sinn. Befrot goufen déi zuelräich Participanten iwwert Video-Konferenzen, fir déi sanitär Moossname vum Confinement respektéieren z kënnen. Doduerch, datt verschidde Sproochen opgegraff ginn, gëtt de Multilinguismus zu Lëtzebuerg verdäitlecht.

70 Joer Deklaratioun Schuman

Um 9. Mee 1950 huet de franséischen Ausseminister Robert Schuman d’Deklaratioun ausgeschwat, déi zënterhier als Grënnertext vun der europäescher Konstruktioun gëllt. D’Approche vum Visionär ass pragmatesch an etappeweis ëmgesat ginn. „Europa schaaft sech net an engem Coup an och net duerch eng gemeinsam Konstruktioun: et entsteet duerch déi konkret Realisatioun, déi als éischt eng eeschthaft Solidaritéit opbaut“, sou de Robert Schumann kuerz nom Enn vum Zweete Weltkrich.

Beim europäesche Rot zu Mailand hunn d’Staatscheffen a Regierungen den 9. Mee 1985 zum Europadag erkläert. Mam Feiere vun dësem Dag kuckt een op ee laange gemeinsame Wee zeréck, mee och op Erausfuerderungen, déi opkomm sinn.

Europadag

Aktuell treffen eng sanitär, eng wirtschaftlech an eng sozial Kris openeen, vun där déi Europäesch Unioun besonnesch getraff gëtt.

„Et ass den europäesche Geescht deen op d’Prouf gestallt gëtt, soulaang d’Bannegrenzen zou sinn, d’Beweegungsfräiheet vu Persounen, Servicer a Gidder ageschränkt gëtt, wouduerch Oneenegkeet a Mësstrauen opkommen, déi Europa zënter Joerzéngten net méi erlieft huet. Et ass och d’Fundament selwer vun eiser Unioun, dat a Fro gestallt gëtt, wa Grenzen an eise Regiounen an an eise Geeschter nees opkommen“ sou de Minister Jean Asselborn.

Dës weideren ënnersträicht de Lëtzebuerger Baussen- an Europaminister, datt mir dréngend dem Konzept säi Sënn mussen zeréckginn an de System vum Schengener Ofkommes nees hierstellen. Finanziell Mëttel mussen bereet gestalt ginn, fir d’Wirtschaft an der Krisenzäit ze stäerken. Dës weideren muss een d’Kapassitéiten zum Handelen vun der EU iwwerdenken, sech géint d’Verstéiss vum Rechtsstaat wieren an déi fundamental Wäerter beschützen.

Et gëtt Zäit, datt de Fändel vun der Europäescher Unioun net méi just op Hallefmaascht, mee ganz héich steet, datt Grenzkontrollen een Enn hunn an datt d’Fräiheeten zeréck eruewert ginn.

Opmaacherbild: © Markus Spiske / Unsplash

Related topics Europadag, Europäesch Unioun, Fräiheet, Fridden, Grenzkontrollen, Handel, Jean Asselborn, Robert Schuman, Schuman Deklaratioun, Solidaritéit
Next post Previous post