Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

De Knuedler ass erëm op Äis geluecht
International Kultur Neiegkeeten Stories

De Knuedler ass erëm op Äis geluecht

Um Mëttwoch kuerz vru Mëtteg, huet de Stater Schäfferot, zesumme

Numeresch Innovatioun: Lëtzebuerg a Monaco wëllen e Partenariat
International Kultur Neiegkeeten Stories

Numeresch Innovatioun: Lëtzebuerg a Monaco wëllen e Partenariat

En Donneschdeg hunn de Premierminister Xavier Bettel an de Staatsminister

geek
Editorial: Ka Linux den Desktop erueweren?
International Kultur Neiegkeeten Stories

Editorial: Ka Linux den Desktop erueweren?

Et ass awer heiansdo fir d‘Flemm ze kréien. Wéi kann

Europadag: Sinn d‘Lëtzebuerger Beispillhaft?

D‘Majoritéit ënnert eis gesäit sech als europäesch Bierger mat Lëtzebuerger wuerzelen

Europadag: Sinn d‘Lëtzebuerger Beispillhaft?

Et kann ee schwéierlech behaapten, datt den Europadag um 9. Mee och de Seege vun „uewe“ gehat hätt. Et war batter kal a naass, an et huet scho missten en iwwerzeegten Europäer sinn, fir bei esou engem Wieder vrun d‘Dier ze goen. Mee et waren erstaunlech vill leit op de Been…

Europadag

© Martine de Lagardère/moien.lu

Op an der Stad op der Plëss, oder zu Schengen – dat Lëtzebuerger Duerf dat europäesch Geschicht geschriwwen huet – den Zousproch fir Europa ass ongebrach grouss. Et kéint natierlech och mat de Wahle fir d‘Europaparlament zesummenhänken, schliisslech gouf et keng Partei déi net an der Stad mat engem Stand op hir Kandidaten opmierksam gemaach hätt. Zu Schengen war dat méi gemälleg.

Esou huet sech de Public an der Stad an éischter Linn dem kulturellen a gastronomesche Programm zougewennt. Um Stand wou et eng Medail zu éiere vum Jean-Claude Juncker gouf, war masseg Undrang, mee wéi et heescht hätt jiddereen deen eng wollt och eng kritt. Leedeglech eppes Gedold a Geld war néideg fir zu sengem Gléck ze kommen. Iwwer Sënn an Zweck sollt een net nodenken.

Europadag

© Martine de Lagardère/moien.lu

Wéi de groussen „Europa-Kuch“ ugeschnidde ginn ass, war keen duerchkomme méi, jidderee wollt et Maufel. Dat kann net eleng um Event geleeën hunn, a mir hunn de liichte Verdacht, datt et dem Bäcker Gerard vun Uewerkuer – seng Renommée geet wäit iwwert d‘Landesgrenzen eraus – a senger „Konscht“ geschëlt ass. Hien hat jo och net manner wéi 95 Stonnen Aarbecht dra gestach.

Schengen: en Duerf op Aenhéicht mat europäesche Groussstied

Gutt Ambiance a vill – wierklech vill – Leit huet et zu Schengen ginn. Et waren erstaunlech vill jonk Mënschen a Teenager op der Plaz. Dat ass eng ganz erfreelech Feststellung, well et ass hir Zukunft déi an Europa gestalt gëtt. Déi sinn dann och gutt beroden sech un dëser „Gestaltung“ ze bedeelegen. Mee net déi nëmmen déi Jonk sollten um Projet Europa matschaffen…

Europadag

© Martine de Lagardère/moien.lu

Am Géigesaz zur Stad, huet et zu Schengen keng Stänn vun de Parteie ginn, wat allgemeng vun de Leit begréisst ginn ass. Europa zelebréieren ouni dorausser eng politesch Veranstaltung ze maache war d‘Zilsetzung, an dee Challenge hunn se mat Bravour gemeeschtert kritt. Et waren trotzdem vill Lokalpolitiker a Regierungsvertrieder op der Plaz. Si hunn hiert Engagement fir Europa bewisen.

Et war dann och scho bal erstaunlech, vun de Leit – mat deenen een esou an d‘Gespréich komm ass – war am allgemengen ze héieren, datt et ganz agreabel ass, sech emol mat senger Siicht op d‘Welt an Europa mat engem Minister direkt kënnen ze ënnerhalen. Dofir ass et net noutwenneg „enger Meenung“ ze sinn, an et ass gewosst datt konstruktiv Kritik der Saach nëmmen hëllefe kann.

Europadag

© Martine de Lagardère/moien.lu

Den éischten offizielle „Feierdag“ vun a fir Europa kann een als erfollegräich bezeechnen. Ganz vill leit hunn sech duerch hir Participatioun fir Europa ausgeschwat. Dat soll net bedeiten, datt een alles wat Bréissel esou dreift gutt fënnt, mee een um Enn awer schéngt iwwerzeegt ze sinn, datt Europa méi Virdeeler wéi Nodeeler mat sech bréngt. Wéi dat sech bei de Walen néierschléit? Emol kucken.

Fotoen: © Martine de Lagardère/moien.lu

Ähnlech Sujeten Carole Dieschbourg, Claude Turmes, Europadag, Feierdag, Schengen
Nächsten Artikel Virrechten Artikel