Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Eng Ofso un de globalisteschen UNO-Migratiounspakt!
International Neiegkeeten

common early dating mistakes

Ënnert der Leedung vun der Generalversammlung vun de Vereenten Natiounen,

paisley and davide celebs go dating
International Neiegkeeten

Katalounien brennt

Am Hannerland vu Katalounien, net wäit ewech vun Tarragona hunn

Stockcar: „Crazy Dog“ Pilot Alex Antony éiert d‘Veräinsfaarwen
International Neiegkeeten

Stockcar: „Crazy Dog“ Pilot Alex Antony éiert d‘Veräinsfaarwen

E Sonndeg ass zu Alzeng schonn déi virlescht Manche vun

D’Europäesch Ausseministere huelen sech der Verdeedegungsunioun un

Noen a mëttleren Osten, Nordkorea a Venezuela – dat si just e puer Theme mat deenen sech déi europäesch Ausseminister zou Tallin bei hirer informeller Reunioun “Gymnich” beschäftegt hunn. “Gymnich” gëtt den europäeschen Ausseminister Méiglechkeet, sech mat der europäescher awer och internationaler politescher Aktualitéit auserneen ze setzen. 

Zesumme mat de Verdeedegungsminister hunn d’Ausseminister iwwer een “Paquet de défense” diskutéiert, deen am Dezember 2016 vun der europäescher Kommissioun implementéiert ginn ass. Ganz konkret geet et hei em den Opbau vun enger europäescher Verdeedegungsunioun. Et ass eng global Verdeedegungsstrategie (Pesco) ausgeschafft ginn, bei der et em eng dauerhaft a strukturéiert Zesummenaarbecht tëscht deenen eenzele Memberstaaten geet.

Pesco als universal Léisung fir Europa

Staaten kënnen sech fräiwëlleg dozou verflichten, Projeten ëmzesetze fir déi gemeinsam Sécherheets- a Verdeedegungspolitik vun der EU (GSVP) virunzebréngen. Dozou gehéiert zum Beispill Weiderentwécklung vun den europäesche Kampftruppen. D’Wiel vum Donald Trump huet zum schnellen Opbau vun der Verdeedegungsunioun bäigedroen. Engersäits huet den amerikanesche President ee méi staarkt Engagement säitens der EU gefuerdert. Anerersäits wëllt d’EU militäresch manner ofhängeg vun den USA sinn. D’ Méiglechkeet fir de Pesco ze schafe besteet säit 2009, also säit dem Akraafttriede vum Lissabon Vertrag. Weider Sujeten déi ugeschwat goufe waren de “Plan d’action européen de la défense”  an d’ Zesummenaarbecht tëscht der EU an der Nato.

Noen Osten, Nordkorea a Venezuela

D’Europäesch Ausseminister hunn sech spéider mat der ugespaanter Situatioun am noen an am mëttler Oste beschäftegt. Des Weideren ass et ëm Nordkorea gaangen. Knapps ee Mount nodeems de UN-Sécherheetsrot Sanktioune géint Nordkorea verhaangen huet, huet déi nordkoreanesch Regierung eng Hydrogen-Bomm getest. De Venezuela steet kuerz virun engem Biergerkrich.  D’Land steet nach zousätzlech ënner Drock, well d’USA Sanktiounen géint d’Land verhaangen huet. Ausserdeem gëtt an Zesummenaarbecht mat den Ausseminister vun den EU-Bäitrëttskandidaten un engem Projet géint Extremismus geschafft.

Fotoen: MAEE/SIP

 

Ähnlech Sujeten EU, Lëtzebuerg, Nordkorea, USA, Venezuela
Nächsten Artikel Virrechten Artikel