Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Editorial: D’digital Zukunft suergt fir Bauchwéi
Meenung Neiegkeeten

Editorial: D’digital Zukunft suergt fir Bauchwéi

Lëtzebuerg deet sech mat der Digitaliséierung schwéier. Sou vill ass

Wat ass lass, Europa?
Meenung Neiegkeeten

Wat ass lass, Europa?

Fir de President vun der Studentenorganisatioun ACEL, Sven Bettendorf, ass

YFCL: Aktiv fir de Klimaschutz, och wärend der Coronakris
Meenung Neiegkeeten

YFCL: Aktiv fir de Klimaschutz, och wärend der Coronakris

Trotz der grousser Opmierksamkeet op déi aktuell Pandemie huet d’Klimakris

Europäesch denken, Grenzkontrollen ofschafen

Europäesch denken, Grenzkontrollen ofschafen

An der Groussregioun gëtt Europa scho laang gelieft. D’Staaten a Regiounen déi si bilden, ware Pionéier bei der europäescher Eenegung a gehéieren zu den éischten, déi de Schengener Ofkommes mam Ewechfale vun de Grenzkontrollen ëmgesat hunn. Grenziwwerschreidend Zesummenaarbecht gouf zur Selbstverständlechkeet an territorial Grenzen existéiere just nach um Pabeier.

Säit e puer Wochen hu sech dës verännert. Mir erliewen am Zuch vun der Covid-19-Pandemie ee Réckfall an al Denkmuster, wou Grenzkontrollen nees zum Alldag vu ville GrenzgänerInnen gehéieren. Als vermeintlecht Mëttel zur Bekämpfung vun der Pandemie gëtt d’Liewe vu GrenzgängerInnen duerch Kontrollen a stonnelaang Stauen erschwéiert.

Och den Europäesche Bannemaart leit, doduerch datt d’Liwwerketten staark beanträchtegt ass. D’Konsequenzen: D’Vertraue vun de Mënschen an d’EU an an d’Schengener Ofkommes hëlt mat steigender Dauer vun den zouene Grenzen of. An Zäite vu radikalnationalistesche Stréimungen ass et awer ëmsou méi wichteg, sech zu Europa a sengen oppene Grenzen ze bekennen – och a Krisenzäiten!

Eis jonkt Memberen kenne Grenzkontrolle just aus Berichter vun hiren Elteren a Grousselteren. Mir sinn net bereet ze akzeptéieren, datt dës wichteg Errongenschaft vun der Europäescher Unioun liichtfäerteg an ouni plausibele Grond op d’Spill gesat gëtt. déi jonk gréng an déi gréng solidariséiere sech dofir zum Europadag mat alle Mënschen, deenen hire gewéinlechen Alldag duerch d’Grenzkontrollen ageschränkt gëtt. Mir fuerderen déi dofir verantwortlech PolitikerInnen dozou op, dës direkt opzehiewen.

Déi grouss Erausfuerderungen vun eiser Zäit, wéi beispillsweis d’Bekämpfung vun der Klimakris, d’Verkéierswend, d’Digitaliséierung oder d’Sécherstellung vun enger adequater Gesondheetsversuergung, kënne just duerch solidarescht a grenziwwerschreidend Handelen bewältegt ginn. Mir fuerderen dofir d’Regierung an d’Groussregioun dozou op, zum nächstméiglechen Zäitpunkt ee Sommet vun der Groussregioun anzeruffen.

Hei gëllt et d’Bewältegung vun der Covid-19-Kris ze evaluéieren, zesumme festzeleeën, wéi eng Schlussfolgerungen dorausser gezu musse ginn a wéi eng politesch Moossnamen zur Verbesserung vun der grenziwwerschreidender Zesummenaarbecht gebraucht ginn.

Matgedeelt vun déi jonk gréng

Ähnlech Sujeten déi gréng, déi jonk gréng, Europadag, Europäesch Unioun, Grenzkontrollen, Groussregioun, Oppe Grenzen, Schengener Ofkommes, Solidaritéit
Nächsten Artikel Virrechten Artikel