Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

angry
Lëtzebuerg: De militäresche Schlag géint Syrien ass haut um Menü vum EU-Ausseministertreffen
Cry Neiegkeeten

Lëtzebuerg: De militäresche Schlag géint Syrien ass haut um Menü vum EU-Ausseministertreffen

D‘Loftschléi géint Syrien, déi um Weekend vun der Koalitioun USA-Groussbritannien-Frankräich

Okult N°1: Eng „Bio Blanche“ mat Häerz a Verstand
Cry Neiegkeeten

Okult N°1: Eng „Bio Blanche“ mat Häerz a Verstand

Haut ass et e Béier, op dee mir eis besonnesch

Grenzkontrollen an der EU stelle Schengen-Raum a Fro
Cry Neiegkeeten

Grenzkontrollen an der EU stelle Schengen-Raum a Fro

D‘Verlängerung vun de Grenzkontrollen innerhalb vun der EU ass noutwenneg,

crying

Vun den europäesche Gesondheetssystemer am Stach gelooss

Vun den europäesche Gesondheetssystemer am Stach gelooss

Um vergaangene Mëttwoch huet d‘ONG Doktere vun der Welt (MdM) e neie Rapport verëffentlecht, aus deem ervir geet, datt d‘Gesondheetssystemer an der EU déi vun der Gesellschaft benodeelegt schlecht oder guer net consideréiert.

De Rapport vun der ONG bezitt sech op seng Donnéeën an d‘Gespréicher, déi am Laf vun 2016 bei 43.286 Patienten aus de Programmer vu „Médecins du Monde“ a Partnerorganisatiounen, a 14 Länner erhuewe gi sinn.

Bei dëse Mënschen handelt et sech esouwuel ëm Leit aus dem Land, wéi och Migranten (EU an net EU). Och Flüchtlingen, haaptsächlech aus Syrien oder Afghanistan, mee u sech jiddereen, dee virum Konflikt, der Gewalt an der Diskriminatioun geflücht ass, sinn gelauschtert ginn.

25% vun de betreite Mënschen si Kanner ënner 18 Joer

Am Rapport vun MdM sinn och d‘Daten an d‘Temoignagen aus den Zentre vun Esch Uelzecht a Bouneweg enthalen. Villes vun deem wat Lëtzebuerg betrëfft ass schwéier verständlech, well net nozevollzéien, mee et ass eng Feststellung där ee muss Rechnung droen.

Vill vun de Patienten déi sech vun der ONG betreit ginn, hu gesondheetlech Problemer déi kierperlecher Natur sinn. Et muss een awer feststellen, datt – sécherlech bedéngt duerch d‘Mënschen déi aus Krichsgebidder kommen – ganz vill Patienten ënnert de Folge vun engem Trauma leiden.

Vun deenen déi sech un der Enquête bedeelegt hunn, huet iwwert d‘Hallschent vu Gewalt (51,8%) geschwat. A vun deenen déi uginn hunn mannerjäreg Kanner ze hunn, ware 60% vu wéinstens engem Deel „getrennt“. Eng bedréckend Majoritéit (89%) vun de Patienten huet net d‘Moyene fir déi fundamental Besoinen ze erfëllen heirënner och den Accès zur Medezin.

Ewechkucken ass net d‘Léisung

„Egal aus wat fir engem Land se kommen, eis Patienten hunn alleguerten extrem Liewenskonditiounen ze meeschteren“, esou den Dr. Françoise Sivignion, Presidentin vun MdM Frankräich.

„Wann si bei eis kommen, da well mir déi lescht Statioun sinn. Si hunn dann och ganz oft grouss gesondheetlech Problemer, an et kënnt net seele vir, datt d‘Liewe bedréit ass. A vu de Gesondheetssystemer ginn se iwwersinn“.

2016 huet MdM zesumme mat de Partner vill Patiente mat schlëmme gesondheetleche Problemer a chroneschen Erkrankunge behandelt. Iwwert d‘Hallschent heivunner hate keng Krankekeess a waren och net an der Lag d‘Behandlung ze bezuelen.

Zudeem ass festzehalen, datt vill vun dëse Leit sech net duerch dee ganzen administrativen Dschungel kënne schloen. D‘Grënn si villfälteg, mee oft ass et e Sproocheproblem deen eng Kommunikatioun onméiglech mécht, zu Diskriminatioun féiert a schliisslech de Refus vun der Behandlung bedeit.

Wann d‘Länner d‘Verantwortung ofginn

An Europa sollt et, gemooss un der Wäerter déi d‘Memberlänner ëmmer héich halen, längt eng universell Ofsécherung ginn. Bedauerlecherweis muss een e Réckgang feststellen, dat besonnesch op legislativem Niveau, wéi een et am Frankräich, Däitschland, Groussbritannien an Irland de Fall ass.

„Zu Lëtzebuerg empfeele mir en Accès zu de Soine fir all Mënsch, duerch d‘Aféiere vun engem méi inklusive System an der Generalisatioun vum Tiers Payant“, preziséiert den Dr., Jean Bottu, President vun MdM Lëtzebuerg.

Aus dem Rapport geet dann och ervir, datt vill Kanner net déi Impfunge kritt hunn déi se sollten. Och hei muss eng besser Gläichstellung gefuert ginn. Insgesamt besteet d‘ONG Doktere vun der Welt drop, den Zougang zu Medezin an all senge Formen a Beräicher ze garantéieren.

Ähnlech Sujeten Gesondheetssystemer, Medecins du Monde, Tiers Payant
Nächsten Artikel Virrechten Artikel