Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Solidaritéitscampagne vum Kierchbierg Shopping Zenter
International Neiegkeeten

Solidaritéitscampagne vum Kierchbierg Shopping Zenter

Mat der „Mauer fir de Merci“ wëll d‘Ekipp vum Kierchbierg

Washington bezichtegt d‘Ajatollahen der atomarer Erpressung
International Neiegkeeten

Washington bezichtegt d‘Ajatollahen der atomarer Erpressung

D‘USA hunn déi vum Iran ugekënnegt Auswäitung vun der Uranuräicherung

KPL: d’Arméi muss ofgeschaaft ginn!
International Neiegkeeten

KPL: d’Arméi muss ofgeschaaft ginn!

Haut de Moien huet d’Kommunistesch Partei KPL d’Protestaktioun „Ofrëschten, amplaz

Eng pickeg Saach – T’ass europäesch Impfwoch

Eng pickeg Saach – T’ass europäesch Impfwoch

Och wann aktuell ee Virus de Mënsch an d’Isolatioun zwéngt, esou sollte mir net eis Kontrolle beim Dokter vergiessen, fir esou eis Impfungen ze erneieren. Virun allem bei Bebeën a klenge Kanner ass et wichteg, den Impfkalenner ze respektéieren an duerch ee klenge Pieks gravéierend gesondheetleche Problemer virzebeugen.

Och d’Gesondheetsministesch Paulette Lenert, déi wärend der sanitärer Kris mat Energie, Éierlechkeet an Higab eng exzellent Aarbecht verriicht , huet dës gesondheetlech Aktiounswoch net vergiess. Grad elo sollten eis Gesondheetssystemer kee weidert Feier u Krankheeten erliewe mussen, wouduerch d’Preventioun, an dësem Fall duerch d’Impfung, an de Virdergrond réckelt.

„Ech profitéiere vun der Geleeënheet fir eisen onermiddleche Professionellen an der Gesondheet, déi sech ustrengen keen a Saache Gesondheetsfleeg an Impfservicer zeréckzeloossen, ze felicitéieren“, sou d’Gesondheetsministesch.

Impfwoch

Impfen an Zäite vun der Pandemie

Och wann een aktuell zum Groussdeel mat Informatiounen zum Covid-19 bombardéiert gëtt, heescht dat net, datt anert ustiechend, geféierlech, oft och déidlech Krankheeten bemol net méi existéieren. Gëtt d’Kontinuitéit vun den Impfungen net garantéiert, esou kéint dat an den nächste Méint zu enger Erhéijung vu Krankheete kommen. Heizou gehéiere beispillsweis d’Riedelen, Keuchhusten a verschidde Formen vun Hirnhautentzündungen.

Kucke mir emol zeréck op d’Joer 2019: Lëtzebuerg war vun enger lokaler Riedel-Epidemie geplot. Ganzer 21 Persounen tëscht 8 an 48 Joer ware betraff, dovunner hunn der 3 missen hospitaliséiert ginn. D’Majoritéit vun dëse Persoune war guer net oder onkomplett géint d’Riedele geimpft. Aus dësem Grond soe mir et nach emol: D’Impfung ass een essentielle Geste, fir esou weideren Infektiounen aus de Féiss ze goen.

Impfwoch

Fréizäitegen an nohaltege Schutz

Déi meescht Impfungen, déi fir Neigebuerener a jonk Kanner virgeschriwwe sinn, gëllen dem fréizäitegen an nohaltege Schutz. Esou soll de Risiko reduzéiert ginn, fir spéider eng eigentlech vermeidbar Infektioun opzerafen, oder souguer un enger Krankheet ze stierwen. D’Piqûren géint ënnert anerem Hepatite B a Riedelen stellen dobäi ee Laangzäitschutz duer.

Fir verschidden Impfunge gëllt allerdéngs, datt si reegelméisseg erneiert musse ginn. Bei Kanner am Alter vu 5 bis 6 Joer, bei Jugendlechen an Erwuessenen all 10 Joer. Dat ass beispillsweis de Fall fir d’Kannerlämung, Diphtherie, Tetanus a Keuchhusten. Fir d’Preventioun vun enger HPV-Infektioun (Human Papillomviren) solle Meedercher a Jongen tëscht 9 an 13 Joer geimpft ginn. Hei ass d’Verleeë vum Rendez-Vous beim Dokter op d’Zäit no der Covid-19-Pandemie allerdéngs net kritesch.

Par Konter sollten eeler Persounen a Risikogruppen d’Delaien op der Impfkaart strikt anhalen. Dat selwecht gëllt fir Kanner ënnert 2 Joer.

Impfwoch

Europäesch Impfwoch vum 20. bis zum 26. Abrëll

All Joer organiséiert d’Weltgesondheetsorganisatioun (WHO) an der leschter Woch vum Abrëll déi europäesch Impfwoch. Zil ass et de Wäert an d’Virdeeler vun den Impfunge fir d’Gesondheet ervir ze hiewen.

Sollt Dir nach Froen hunn oder weider Informatiounen hunn, gëtt geroden den Haus- oder Kannerdokter ze kontaktéieren.

Opmaacherfoto: crowf/Freepik

Ähnlech Sujeten Covid-19, europäesch Impfwoch, Hepatite, Hirnhautentzündung, Impfkalenner, Impfung, Keuchhusten, Paulette Lenert, Riedelen, Weltgesondheetsorganisatioun, WHO
Nächsten Artikel Virrechten Artikel