Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

COVID-19: Wann Natur an Ëmwelt sech erhuelen
International Neiegkeeten

COVID-19: Wann Natur an Ëmwelt sech erhuelen

Endlech kann d’Natur nees opootmen. Datt de Mënsch sech duerch

dislike
UNO kierzt de Blohelmer de Budget
International Neiegkeeten

UNO kierzt de Blohelmer de Budget

Ënnert dem Drock vun den USA, muss d’UNO de Budget

Editorial: Wann een awer net méi emol dierf haart nodenken
International Neiegkeeten

Editorial: Wann een awer net méi emol dierf haart nodenken

Also et ass elo awer och wierklech net einfach fir

Europäesch Impfwoch: Wéi Impfunge liewe retten!

Europäesch Impfwoch: Wéi Impfunge liewe retten!

All Joer organiséiert Europa d’Woch vun der Impfung fir esou op d’Wichtegkeet vun der Impfung am Kampf géint Krankheeten ze informéieren. Esou soll ee mat dëser Moossnam d’Liewe vu senge Kanner, sou wéi säin eegent schützen.

Impfunge gehéieren zu de wierkungsvollste Mëttel fir sech géint schwéier Infektiounskrankheeten ze schützen, wouduerch een och Folgeschied oder souguer den Dout verhënnere kann. Domat stellt d’Impfung an der Medezin déi wichtegst Precautiounsmoossnam duer. An tatsächlech soll doduerch d’Gesondheet vun der Populatioun sech an de leschte Joerzéngte verbessert hunn, an d’Liewenserwaardung ass weltwäit geklommen.

„D’Impfung, de richtege Choix fir d’Liewen!“

D’Campagne 2019 vun der Weltgesondheetsorganisatioun (WHO) huet als Ziel iwwert d’Wierkung vun der Impfung ze informéieren, woubäi duerch hir Aktiounen all Joer vill Liewe gerett kënne ginn. An dësem Kontext schwätze mir natierlech vu Fachleit aus dem Beräich vun der Fleeg a Gesondheet, déi d’Impfunge maachen an iwwert d’Wierkung informéieren. Donieft gëtt déi essentiell Roll vun den Elteren, déi fir de Schutz vun hirem Kand suergen, ervir gehuewen, sou wéi och d’Fuerscher, déi ëmmer méi sécher an effikass Impfmëttel entwéckelen. Dobäi sollt een awer och un déi politesch Responsabel denken, déi de Gesondheetssystem definéieren an d’Fleeg jiddwerengem accessibel maachen.

Eng Impfung ass net nëmmen eng Piqûre, mee een Investissement fir d’Gesondheet vu jiddwerengem. Duerch dës einfach Moossnam kann d’Majoritéit vun den Europäer sech glécklech schätzen, géint Diphtherie, Tetanus, Riedelen, Kannerlämung, Mumps a vill weider Krankheeten immun ze sinn. Mëttlerweil sinn déi Meescht och géint Hepatite B, de Rotavirus, Pneumokocken a weiderer geimpft. Esou kënne grav Komplikatioune vun dëse Krankheete verhënnert ginn.

impfung

Wisou sollt ech mech dann impfen?

Trotz de ville Beméiunge sinn nach vill Persoune vun de Virdeeler vun den Impfungen ausgeschloss. Doduerch bezuelen dës Leit een héije gesondheetleche Präis: Am Joer 2018 hunn 82.000 Persounen un de Riedele gelidden, woubäi 72 Stéck un de Suitte vu Komplikatioune gestuerwe sinn, an dat an der europäescher Regioun!

Wat d’Epidemie vun de Riedelen ugeet ass de Grand-Duché an de leschte Joren ëmmer verschount bliwwen. Duerch den erneiten Ausbroch an dësem Joer huet d’Gesondheetsdirektioun am Mäerz 2019 allerdéngs an 18 Fäll d’Diagnos gestallt.

D’Enquête vun 2018 zu Lëtzebuerg

Am Februar 2018 ass schonn déi 5. Enquête zur Ofdeckung vun den Impfunge bei Elteren, déi zu Lëtzebuerg Resident sinn, mat Kanner tëscht 25 an 30 Méint duerchgefouert ginn. Ziel war et, datt déi Neigebueren all Impfungen, déi de Conseil fir Infektiounskrankheete recommandéiert, kréien. Donieft ass et awer och dorëm gaangen, de Kalenner am Aen ze halen an un déi néideg Impfungen ze denken, woubäi een och eventuell Kanner fanne sollt, déi net ausräichend geimpft gi sinn.

D’Resultater hunn erginn, datt am Joer 2018 ganzer 74,4% vun den Neigebuerene komplett, no de Recommandatiounen, geimpft waren. Säit 2012 huet dëse Wäert ëm 2,8% zougeholl. Méi wéi 95% si géint Hepatite B, sou wéi invasiv Infektioune vu Pneumkokken a Meningokokken C geschützt. Déi kombinéiert Impfung géint Diphtherie, Tetanus, Keuchhusten, Kannerlämung an Haemophilus Influenzae B louch de Wäert bei bal 90%, genau sou wéi beim Mëttel vu Gastroenteritis bis Rotavirus.

Am Verglach zur Enquête vun 2012 bleift den Taux vun den Impfunge bei Kanner tëscht 25 an 30 Méint relativ stabil. Den Impfkalenner gëtt allerdéngs mëttlerweil besser genotzt. Trotz der Wuechtsamkeet zu Lëtzebuerg sollte mir all trotzdeem alarméiert bleiwen: Op der enger Säit ass an de leschte 6 Joer nämlech d’Bewosstsinn fir d’Impfung géint Krankheete wéi Tetanus, Diphterie oder Keuchhusten ëm méi wéi 5% erofgaangen. Op der anerer Säit sinn zwar 86,9% vun de Kanner ee Mol géint d’Riedelen a Co geimpft ginn. Allerdéngs hunn der vill déi zweet recommandéiert Dosis net kritt.

impfung

D’Sensibiliséierungscampagne 2019

Och de Lëtzebuerger Gesondheetsministère huet an dësem Joer nees eng Sensibiliséierungscampagne lancéiert, wouduerch mir all un d’Wichtegkeet vun der Impfung an alle Liewensetappen erënnert solle ginn. De Ministère engagéiert sech fir objektiv Informatiounen an déi generell Fërderung vun dëser gesondheetlecher Moossnam.

An de vergaangene Joer stoung dëst Thema an de Medien oft am Virdergrond, woubäi och eng gewësse Polemik matgespillt huet. Dobäi hu sech feelerhaft Informatiounen, déi net wëssenschaftlech beluecht sinn, rasant an der Ëffentlechkeet verbreet. Doduerch ass de Mësstraue gewuess, wat och ee Groussdeel vun de Lücke bei den Impfungen an eisem Land erkläert.

Ëmsou méi wichteg ass d’Campagne „D’Impfung, de richtege Choix fir d’Liewen!“, woubäi den Accent op d’Argumenter fir dës Moossnam geleet ginn. Broschüren an Informatiounsmaterial gëtt breet verdeelt. Och um Site www.vaccination.lu fënnt ee vill nëtzlech Informatiounen a Recommandatiounen zur Preventioun vun Infektiounskrankheeten. Dobäi ass et essentiell géint d’Mësstrauen unzekämpfen a feelerhaft Argumenter an der Rubrik „Questions/Réponses“ ze erklären.

Vir weider Detailer kann ee sech beim WHO informéieren, sou wéi de Site www.sante.lu besichen.

Ähnlech Sujeten D’Impfung, de richtege Choix fir d’Liewen!, Gesondheetsministère, Impfung, Kannerlämung, Riedelen, Sensibiliséierungscampagne, WHO
Nächsten Artikel Virrechten Artikel