Search

You may also like

Diddenuewen: Fest vum Kuerzfilm
Neiegkeeten

Diddenuewen: Fest vum Kuerzfilm

Vum 13. bis 19. Mäerz bedeelegen sech de Kino „Le

surprise
D’Steewollfabrik wëll “Null Offall” produzéieren
Neiegkeeten

D’Steewollfabrik wëll “Null Offall” produzéieren

An der däreger Affär vun der Steewollfabrik mellt sech elo

Chantier an der Avenue de la Faïencerie vum 2. bis de 6. Juni 2020
Neiegkeeten

Chantier an der Avenue de la Faïencerie vum 2. bis de 6. Juni 2020

D’Stad Lëtzebuerg informéiert doriwwer, datt et duerch ee Chantier vun

Europäesch Investitiounsbank liquidéiert seng Crèche

Europäesch Investitiounsbank liquidéiert seng Crèche

D‘Gewerkschafte LCGB an OGBL hunn en Donneschdeg ee gemeinsame Protestpiquet bei der Europäescher Investitiounsbank (EIB) um Kierchbierg ofgehalen, fir géint d‘Schléissung vun der Crèche „L‘Abeille“, déi an hire Maueren ënnerbruecht ass, ze protestéieren.

Hei schaffen aktuell 44 Mataarbechter, déi sech ëm d‘Kanner vun den EIB-Beschäftegte këmmeren. Wéi et säitens dem OGBL ënnerstrach gëtt, huet dës Crèche, déi et zanter 1995 gëtt, ëmmer zur vollster Zefriddenheet vun de Beschäftegten hir Missioun erfëllt. Elo muss d‘Crèche seng Dieren zou maachen, well d‘EIB senge Salariéeën dëse Service net méi offréiere wëll.

Den Departement Santé, sozial an edukativ Déngschter, deen an der Saach vum LCGB ënnerstëtzt gëtt, denoncéiert d‘Absence vum sozialen Dialog, esouwuel säitens der EIB, wéi och dem Bedreiwer vun der Crèche „L‘Abeille“. Dës Aart a Weis ze agéiere beweist eng Gläichgëltegkeet géintiwwer dem Personal vun der Crèche, wéi géintiwwer den eegene Salariéeën, esou den OGBL

Foto: © LCGB

Related topics Crèche, EIB, Europäesch Investitiounsbank, L'Abeille, LCGB, OGBL
Next post Previous post