almost dating
Si haten en Dram an hunn alles dru gesat dësen
Si haten en Dram an hunn alles dru gesat dësen
Um Freideg, de 27. September 2019 ass de Marc Rehlinger
Gëschter sinn zu Lëtzebuerg um europäesche Geriichtshaff d‘Kloe vun Ungarn
De Gast Groeber beschäftegt sech a sengen Texter mat existenzielle Froen, beliicht geliefte Lëtzebuerger Wierklechkeeten, a schreift och iwwer Migratioun an d´Flüchtlingskris. Am Gespréich mam Sascha Dahm schwätzt hien iwwert säi literarescht Schafe fir dat hien e. A. 2014 mam Lëtzebuerger Buchpräis ausgezeechent gouf.
Donieft geet et natierlech och ëm de Schreifprozess vu sengem neie Wierk Zweemol schwaarze Kueder an och iwwer Europa a seng Kuerzgeschicht Aktuelle Wetterwarnung: überwiegend dichter Nebel, fir déi de Gast Groeber mam MEPs Prize vum European Union Prize for Literature ausgezeechent gouf.
Hie wäert, nieft Auszich aus sengem leschte Buch, dës eng éischte Kéier engem breede Public a Lëtzebuerg virstellen. Musikalesch begleet gëtt den Owend vum Anouk Stephano um Piano. Den 22. Mee 2019 um 19.30 Auer am Centre national de littérature (CNL) zu Miersch (2 Rue Emmanuel Servais, 7565 Miersch). Entrée fräi.