Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Wou sinn se drun, d‘Alternativen zum Plastik?
International Neiegkeeten

Wou sinn se drun, d‘Alternativen zum Plastik?

Fir den Impakt vum Plastik op d‘Ëmwelt ze reduzéieren, huet

Feminine Generalstreik bei den Eedgenossen
International Neiegkeeten

Feminine Generalstreik bei den Eedgenossen

An der Schwäiz haten d‘Gewerkschaften d‘Fraen opgeruff um Punkt 15.24

D‘Reform vum Wahlgesetz dierft net allen entgéint kommen
International Neiegkeeten

D‘Reform vum Wahlgesetz dierft net allen entgéint kommen

Nodeems déi lénk dem Premierminister Xavier Bettel d‘lescht Woch hir

Europäesch Marine-Missioun am Mëttelmier

EU wëll Waffenembargo géint Libyen Iwwerwaachen – Missioun Sophia soll ofgeschloss ginn

Europäesch Marine-Missioun am Mëttelmier

D‘EU-Ausseminister hu gëschter zu Bréissel eng Missioun beschloss, fir de Waffenembargo géint d‘Biergerkrichsland Libyen ze iwwerwaachen. Den däitschen Ausseminister huet confirméiert, datt dës Missioun och eng maritim Komponent huet, déi sech un de Weeër vun deenen orientéiert, déi Waffen iwwert dat ëstlecht Mëttelmier an dat nordafrikanescht Land aféiere wëllen a kënnen.

Weider heescht et, datt dës Missioun muss mat Schëffer ausstafféiert ginn, well et noutwenneg ass sech ee komplett Bild vun der Sitautioun maachen ze kënnen. Et geet bei dëser Missioun also ganz entschidden ëm de Waffeschmuggel. Et erweist sech och, datt mat dësem Schratt, d‘Diskussiounen zur Reanimatioun vun der Missioun Sophia bäigeluecht sinn. Mee wat bedeite Mënscheliewen?

Et waren dann och nees déi üblech Verdächteg, déi sech géint ee Revival vun der humanitärer Missioun gewiert hunn: Italien, Éisträich an Ungarn zéien et fir, d‘Leit déi virun Aarmut an dem Krich a Libyen flüchten, hirem „naasse Schicksal“ um Mier ze iwwerloossen. D‘Missioun Sophia huet Mënscheliewe gerett, mee Europa gëtt sech net eens, wéi d‘Mënsche sollen opgedeelt ginn.

Keng Attraktioun schafen

D‘Éisträicher hu hire Refus domadder argumentéiert, datt wann een d‘Missioun Sophia nees géif ophuelen, een domadder eng Aluedung un d‘Migrante géif schécken. Där hätt et awer elo genuch, firwat et eppes verwonnert, datt et iwwerhaapt zu enger Eenegung komme konnt, an där virgesinn ass Krichsschëffer anzesetzen. Deem haten sech d‘Éisträicher an d‘Ungaren ufänglech verweigert.

MissiounAn esou ass dës Missioun „mat enger maritimer Komponent“ virun allem eng militäresch. Hei gëtt de Fokus dann och emol fir unzefänken op d‘Iwwerwaachung aus der Loft geluecht. Mat Fliger sollen d‘Schmuggler lokaliséiert ginn an uschléissend d‘Liwwerungen ënnerbonne ginn. Et ass net ganz kloer, ob – wa keng Krichsschëffer do sinn – d‘Fliger d‘Waffeschmuggler versenke sollen…

Et ass allerdéngs ersiichtlech, datt d‘Missioun sech besonnesch op den ëstlechen Deel vum Mëttelmier konzentréiere wäert, wat nach zu Diskussioune mam NATO-Partner Tierkei féiere wäert, déi jo de militäreschen a wirtschaftleche Partner vun der Tripolis-Regierung sinn. An den éisträicheschen Ausseminister Alexander Schallenberg huet dann och seng Interesse verdäitlecht.

Missioun

Hien huet duerchgesat kritt, datt d‘Missioun Sophia dann op en Enn geet, wann sech géif erginn, datt Mënschenhändler (dorënner versteet hien och d‘ONGen déi als eenzeg nach Séinoutrettung am Mëttelmier bedreiwen) d‘Iwwerwaachungsmissioun géife fir hir Zwecker notzen, also quasi hinnen d‘Migrante géif zoudreiwen. Da sollen d‘Krichsschëffer nees aus dem Mëttelmier ofgezu ginn.

Dat ënnerstëtzt de italieneschen Ausseminister Luigi Di Maio, deen es de Migrante schon aus politeschem Interessi iwwerdrësseg ass. Hien huet drop bestanen, datt iwwert d‘Regelen zur Opnam vun aus Séinout gerette Flüchtlingen zu engem spéideren Zäitpunkt geschwat gëtt. An hei géif et 2 Optiounen: 1) d‘Land vum Krichsschëff hëlt d‘Leit op oder 2) et eenegt ee sech op eng Rotatioun.

mat indymedia/bru/ber/fra

Foto: De Lëtzebuerger Ausseminister Jean Asselborn mam däitschen Heiko Maas an dem Josep Borell, EU-Kommissär fir Aussenugeleeënheeten. De libesche Konflikt besteet zanter elo néng Joer an d‘Europäer hu vill derzou bäigedroen, datt d‘Situatioun sech degradéiert huet. Viru véier Wochen haten sech 16 Länner an Organisatiounen drop verstännegt, d‘Amëschung vu „Baussen“ ze stoppen. © EU

Ähnlech Sujeten Biergerkrich, Bréissel, EU-Ausseminsitersommet, Libyen, Migratioun, Operatioun Sophia, Waffenembargo
Nächsten Artikel Virrechten Artikel