Search

You may also like

Giel Gileten: d‘Taxen op de Sprit ginn annuléiert
International Neiegkeeten Stories

Giel Gileten: d‘Taxen op de Sprit ginn annuléiert

D‘Erhéijung vun den Taxen op d‘Pëtrolsproduiten, déi vir den 1.

Belsch: Coronavirus erméiglecht eng Iwwergangsregierung
International Neiegkeeten Stories

Belsch: Coronavirus erméiglecht eng Iwwergangsregierung

Déi belsch Regierungskris schéngt sech dem Enn zouzebeweegen, déi zéng

What the Fakt – Raum 19 an d’Büst vum Nofretete
International Neiegkeeten Stories

What the Fakt – Raum 19 an d’Büst vum Nofretete

Um 6. Dezember 1912 ass an der mëttelegyptescher Stad Amarna

Reform vun der europäescher Migratiounspolitik

Zu Bréissel huet d‘EU-Kommissioun Virschléi fir en neit Asylrecht virgeluecht, et geet an éischter Linn drëms de Leit nees lass ze ginn

Reform vun der europäescher Migratiounspolitik

Europa huet ee Migratiounsproblem, an dat net eréischt säit Moria. Elo huet d‘Kommissioun nei Virschléi gemaach, wéi een effizient ofgeleent Asyl-Demandeuren heemschécke kann. Domadder soll nees Beweegung an zanter Jore blockéiert Verhandlunge kommen. D‘Propos gesäit vir, Länner wéi Griicheland an Italien bei der Réckféierung ze entlaaschten, Ungarn a Polen sollen nëmmen an absolutten Ausnamefäll zur Opnam vu Migrante verflicht ginn.

Ob dëse „Plang“ eng Chance huet sech an der Unioun duerchzesetzen? Wuel éischter net, an awer muss ee sech emol déi wichtegst Punkte vun dësem Plang ukucken: 1) Verflichtend Solidaritéit an Ausnamesituatiounen. Laut dem Konzept vun der Kommissioun – iwwert dat wuel nach wäert musse verhandelt ginn – soll et elo een dräistufegt Verfare ginn. An normalen Zäite kënnen EU-Länner sech ënnertenaner fräiwëlleg hëllefen. Geréit ee Land ënner Drock, dierf et ee Mechanissem zur verflichtender Solidaritéit ausléisen.

Ass dëse Mechanissem ausgeléist, muss d‘Kommissioun préiwen, wéi vill Mënschen dësem Land missten ofgeholl ginn. All déi aner Länner missten dann och Hëllef ubidden: Entweder et hëlt ee Migranten (mat Aussiicht op Schutzstatut) un, oder et hëlleft een op aner Aart a Weis. Eventuell duerch Migratiounsmanagement oder – an dat schéngt dat eigentlecht Zil – duerch Réckféierungen. Eskaléiert d‘Situatioun an hätt et nees Ëmstänn wéi 2015, da gëtt ee Krisemechanissem ausgeléist. Do gëtt d‘Wiel vun der „Hëllef“ méi kleng.

Net zwéngend zwanghaft

Entweder d‘Länner huele Migranten op – also och därer wou éischter keng Aussiicht op ee Statut hunn – oder d‘Réckféierung vun enger bestëmmter Unzuel vun ofgeleenten Asyl-Demandeure gëtt iwwerholl. Dës „Réckféierung“ muss da bannent aacht Méint erfollegt sinn. Geléngt datt dem Land net, ass dëst genéidegt déi Leit bei sech opzehuelen. 2) Besser Viraarbecht leeschten. Iert Migranten an ee Land kommen, soll de betraffene Staat laut der Virstellung vun der Kommissioun, un der Grenz eng däitlech méi ëmfangräich Iwwerpréiwung virhuelen.

Esou sollen d‘Schmuggler an d‘Mënsche selwer ofgeschreckt ginn sech iwwerhaapt op de Wee a Richtung Europa ze maachen. 3) Besser a virun allem méi séier zréckféieren. D‘Kommissioun ka sech virstellen, datt et Réckféierung-Parrainage gëtt. Dat heescht, datt wann ee Land an enger Krisesituatioun keng Migranten aus engem anere Land ophuele wëll, et d‘Réckféierung vun enger bestëmmter Unzuel vu net Schutzberechtegte Migranten iwwerhuele kann. Mee d‘EU wëll dës Retouren och anescht Beschleunegen. D‘Visa-Politik ass eng Optioun.

Emol maache wéi wann

Interessant och: 4) Un den Dublin-Reegele soll net gefuscht ginn. Un dëse Reegelen hält Bréissel grondsätzlech fest, an esou bleift et derbäi, datt ëmmer den EU-Staat fir de Migrant zoustänneg ass, an deem dësen den éischte „Foussofdrock“ hannerlooss huet. Eigentlech grad dee Punkt, dee vun Athen an den anere mediterrane Länner ëmmer kritiséiert gouf. 5) Séinoutrettung an Accorde mat Drëttstaaten. D‘Rettung vu Mënschen a Séinout wier laut der EU-Kommissioun eng Flicht an hätt et gären, datt de Mechanissem fir verflichtend Solidaritéit och an dësem Kontext ugewannt gëtt.

Och hei gëllt nees: entweder et gi Migranten opgeholl oder et gëtt eng zolidd Hand ugepaakt d‘Leit nees zeréckzeféieren. D‘Kommissioun wëll och, datt elo un Accorde mat anere Länner geschafft gëtt déi béide Säiten hëllefen. Dat huet et scho mat den Tierken an de Libyer ginn an den Zweck huet sech elo och net wesentlech geännert. Et geet nach ëmmer drëms de Mënscheschmuggel ze verhënneren. Och net nei: d‘Sich no legale Weeër fir an d‘EU anzereesen. Wéi esou eppes soll oder kann ausgesinn, bezunn op Korruptioun an ideologescher Ausriichtung, steet net am Plang.

Ee Kommentar drängt sech op

Wann een hei schonn emol begréisse kann, datt d‘EU-Kommissioun net versicht ze beschéinegen, esou dierf et och net driwwer ewechtäuschen, datt den aktuelle System schlicht net funktionéiert an d‘EU an de leschte Joren eenzeg an eleng vill Zäit verluer huet, an esou bewosst oder onbewosst, déi bestoend Situatioun eropbeschwuer huet. Europa, ee Sammelsurium vun onfäegen Technokraten a Politiker, wëll fënnef Joer no der Flüchtlingskris besser ginn, ouni d‘Situatioun ze verbesseren. Zu den Zuelen: 2019 sinn 2,4 Millioune Leit legal agewandert, 680.000 Mënschen hunn Asyl gefrot.

Wa gewosst datt 4 vun 10 Demanden ugeholl ginn, an Europa ouni Awanderung demographesch schrumpfe géif, wéisst ee scho gäre wou de Problem ass. Dorops huet et Äntwerten: Populismus, Friemenhaass an d‘Sich no Feindbiller fir schäbeg Politiken an Ideologië Salonfäeg ze maachen. Unzehuelen datt Ungarn a Polen matmaachen, wann et keng Sanktiounen ze befierchte gëtt, datt ass net nëmmen naiv, mee scho richteg domm. De Migratiounspakt a „Solidaritéit a Verantwortung“ anzepaken ass gutt gemengt, wäert awer näischt um politeschen Egoismus vun Allen änneren.

mat indymedia/bru

Illustratioun: © Sébastien Goldberg / unsplash

Related topics Asylpolitik, EU-Kommissioun, Europa, Friemenhaass, Migratiounspakt, Ofweisen, Populismus, Réckféierung, Solidaritéit, Verantwortung
Next post Previous post