Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Bedeelegt iech un de Gespréichsdëscher vun der ASTI
International Kultur https://moien.lu/call-of-duty-ww2-matchmaking-servers/

cody and jessica hookup big brother

D‘ASTI invitéiert all interesséiert Persounen, sech un de Gespréichsdëscher a

Neie Wand iwwert de briteschen Inselen:
International Kultur https://moien.lu/call-of-duty-ww2-matchmaking-servers/

Neie Wand iwwert de briteschen Inselen:

Fir den haarde Kampf géint d‘Kriminalitéit unzegoen, huet den neie

Däitschland: Wann de Loyer net méi ze bezuelen ass, ginn d‘Leit op d‘Strooss
International Kultur https://moien.lu/call-of-duty-ww2-matchmaking-servers/

Däitschland: Wann de Loyer net méi ze bezuelen ass, ginn d‘Leit op d‘Strooss

Zu Berlin waren um Samschdeg d‘Mënschen op d‘Strooss gaangen, fir

Europäesch Mobilitéitswoch 2019: Wat steet um Programm?

Europäesch Mobilitéitswoch 2019: Wat steet um Programm?

Am Kader vun der europäescher Mobilitéitswoch, déi vum 16. bis den 22. September stattfënnt, proposéiert d’Stad Lëtzebuerg nees divers Aktiounen zur Mobilitéit. Dobäi steet d’Woch vun der Fortbeweegung ënnert dem Thema „Safe walking and cycling“.

Wärend enger ganzer Woch dréint sech den Alldag ëm d’Mobilitéit. Mat folgende speziellen Aktioune ginn interessant Approchë gebueden:

  • E Kaddo fir de Vëlo
    Méindes, den 16. September ab 9:00 Auer am Rondpoint Schumann
    All Joer lancéiert de Verkéiersbond vun der Lëtzebuerger Vëlos-Initiativ (LVI) an d’Stad Lëtzebuerg dëst Evenement. All Cyclist kritt dobäi ee Kuerf mat Gadgets an Informatiounsmaterial, dorënner och den neien Depliant mat de Vëlospisten, iwwerreecht.


  • Safe Walking, cycling, wheeling – Inclusioun a Mobilitéit fir jiddwereen
    Donneschdes, den 19. September 2019
    Dëse Sensibilisatiounsdag leet d’Haaptaemierk op den Transport an Deplacement, dee vir all Persoun zougänglech a sécher ass. D’Aktioun gëtt vun der Stad Lëtzebuerg koordinéiert, an an Zesummenaarbecht tëscht Info-Handicap, CFL, dem Verkéiersbond, Luxtram, dem Fonds Kirchberg, Luxairport, Back to Sport, der ASBL Tricentenaire, Adapth an der Lëtzebuerger Blannevereenegung organiséiert.
    Offiziellen Ufank um 11:30 Auer um Pôle d’Échange Pafendall-Kierchbierg
    Informatiounsstänn bis 18:00 Auer op der ieweschter Plattform vum Funiculaire. Och Animatioun, Concerten, Atelieren a Restauratioun gëtt hei gebueden.


  • Gratis geféiert multimodal Touren an de verschiddene Quartiere vun der Haaptstad:
  • De Kierchbierg: Seng Konscht a seng Architektur
    Samschdes, den 21. September um 11:00 Auer (LU/EN) an um 16:00 Auer (LU/FR)
    De multimodalen Tour (Funiculaire, Bus, Tram an zu Fouss) léisst eis ee Quartier kenneléieren, deen ëmmer am Wandel ass. Depart ass bei der CFL Gare um Kierchbierg op der Héicht vun de Quaien. Den Tour dauert 2 Stonne, maximal 20 Leit kënnen deelhuelen. D’Umeldung ass obligatoresch iwwert touristinfo@lcto.lu ze maachen.


  • De Pafendall: Eng multimodal Erfarung
    Sonndes, den 22. September um 11:00 Auer (LU/EN) an um 16:00 Auer (LU/FR)
    Dësen Tour weist fantastesch Vuen op d’Stad Lëtzebuerg, woubäi och de Lift vum Pafendall-Uewerstad, de City Shuttle an de Funiculaire mat abezu ginn. Depart ass op der ieweschter Plattform vum Lift (Park Pescatore). Den Tour dauert 2 Stonne, maximal 11 Leit kënnen deelhuelen. D’Umeldung ass obligatoresch iwwert touristinfo@lcto.lu ze maachen.


  • Gratis ëffentlechen Transport
    Vum 16. bis den 22. September
    Wärend der europäescher Mobilitéitswoch sinn all ëffentlech Transporter gratis.

An dësem Kader organiséiert och d’Stad Esch divers Evenementer mat Animatioun, Presentatiounen a Concerten. De ganze Programm kënnt Dir als Depliant HEI eroflueden.

Ähnlech Sujeten Bus, Europäesch Mobilitéitswoch, Funiculaire, LCTO, LuxTram, Safe Walking and cycling, Tram, VDL
Nächsten Artikel Virrechten Artikel