Search

You may also like

Kourommeldomm… an dat ass nach gelueft
Neiegkeeten Sport

Kourommeldomm… an dat ass nach gelueft

Wann ee kriminell ass, esou dat net wierklech eppes Besonnesches,

E chargéierte Regierungsrot
Neiegkeeten Sport

E chargéierte Regierungsrot

Vill Erfreeleches haten d‘Regierungsmembere bei der Sëtzung vum Regierungsrot leider

Rotondes Heemliwwerservice: Kultur an Ënnerhalung fir Doheem (Deel 4)
Neiegkeeten Sport

Rotondes Heemliwwerservice: Kultur an Ënnerhalung fir Doheem (Deel 4)

Fir d’Period vum Confinement méi angenehm ze gestalten, schafft d’Ekipp

T’ass Europäesch Sportswoch!

T’ass Europäesch Sportswoch!

Gëschter huet de Sportminister Dan Kersch de Programm vun der Europäescher Sportswoch 2020, déi an dësem Joer vum 23. bis den 30. September stattfënnt, presentéiert. Ënnert dem Hashtag #BeActive gi virun allem Jonker zu de Virdeeler vu physeschen Aktivitéite sensibiliséiert.

D’Europäesch Sportswoch ass eng Initiative vun der EU-Kommissioun, fir esou de Sport an all Form vu physescher Aktivitéit uechtert Europa ze fërderen.

An dësem Kader gëtt zu Lëtzebuerg ënnert anerem de sougenannte ClipContest organiséiert. Ganzer 21 Strukturen, déi edukativ Servicer ubidden, hu Videoen erstallt, déi ëm d’Thema Sport handelen. Ab haut sinn d’Kreatiounen op Facebook ze fannen. Nach bis den 30. September kënnt Dir Äre Favorit mat engem „Domm erop“ dekoréieren. Déi 3 Wierker mat de meeschte Likes kréie Präisser am Wäert vun 1.000, 750 a 500 Euro iwwerreecht.

Mat #BeActive@Jugendhaus bitt den SNJ déi éischt Editioun vu senge gratis Atelieren un. Esou solle Jugendlecher Spaass un der Beweegung fannen. Proposéiert gi 40 verschidden Atelieren (Aikido, Bubble Soccer, Crossfit, Frisbee, Kayak, Slackline, Zumba, avm.) queesch duerch Lëtzebuerg. Weider Informatiounen dozou ginn et op www.snj.public.lu.

Fir der Ëffentlechkeet all sportlech Offeren zu Lëtzebuerg méi einfach zougänglech ze maachen, huet de Sportsministère säin digitale Kalenner mat den Aktivitéiten op www.beactive.lu verëffentlecht.

Opmaacherbild: © Sportsministère

Related topics #BeActive, Atelieren, Dan Kersch, digitale Kalenner, Europäesch Sportswoch, Gesondheet, Jugendlecher, Motivatioun, physesch Aktivitéit, SNJ, Sportsministère
Next post Previous post