Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

What the Fakt – Viru 27 Joer stierft de Freddie Mercury un AIDS
Meenung Neiegkeeten

What the Fakt – Viru 27 Joer stierft de Freddie Mercury un AIDS

Mëtt vun den 80er Joer erkrankt de Leadsänger vu Queen

Den CES presentéiert seng 3 Avisen
Meenung Neiegkeeten

Den CES presentéiert seng 3 Avisen

No der Plenarversammlung um 14. Juli 2020 vum Conseil Économique

What the Fakt – den Dag un dem d’Musek gestuerwen ass
Meenung Neiegkeeten

What the Fakt – den Dag un dem d’Musek gestuerwen ass

Um 3. Februar fält an den USA ee Fliger erof.

Europäesch Unioun: Eent vun den éischten Affer vun der Gesondheetskris!

Europäesch Unioun: Eent vun den éischten Affer vun der Gesondheetskris!

Een Dag virum Europadag rifft den LCGB zur europäescher an nationaler Solidaritéit op, fir d’Folge vun der Gesondheets – an der sech schonn ofzeechnender Wirtschaftskris ze schwächen. Den europäesche Geescht muss dozou bäidroen, de Kontinent ze vereenen an een nach méi staarkt Europa no dëser Pandemie nees opbléien ze loossen.

Europäesch Unioun: Nohalteg Zesummenaarbecht a Strategie

Den LCGB bedauert, datt de fräie Persounen- a Wuereverkéier, eent vun de Grondprinzipien vun der Europäescher Unioun, eent vun den éischten Affer vun der Gesondheetskris war. Schlëmmer nach, nationalistesch a populistesch Iddien, déi scho laang virun der Kris dat friddlecht Zesummeliewen an der Unioun bedreet hunn, kéinten nach méi staark ginn an u Popularitéit gewannen.

Wéi och wärend der gesamter Geschicht vun der europäescher Eenegung, vu senger Entstehung an den 1950er Joer bis zu Ëffnung vun de Grenzen zu d’Schengener Ofkommes viru 25 Joer, fuerdert den LCGB déi Lëtzebuerger Regierung op, eng Virreider- a Virbildfunktioun fir een vereent a gefestegt Europa ze iwwerhuelen. Dës Verflichtung vun der Regierung dierf sech op kee Fall op de symboleschen Akt beschränken, den Europadag zum gesetzleche Feierdag erkläert ze hunn.

Fir den LCGB ka just eng koordinéiert an nohalteg Zesummenaarbecht a Strategie vun allen EU-Memberstaaten déi bevirstoend wirtschaftlech a sozial Folge vun der Gesondheetskris behiewen. Dozou gehéiert:

  • Déi direkt Ëffnung vun de banneneuropäesche Grenzen oder op mannst d’Festleeën vun engem konkrete Plang fir d’Ëffnung;
  • D’Entwécklung vun engem grenziwwerschreidenden Konzept vun der Pandemiebekämpfung. D’Beispill vun der Regioun Grand Est a Frankräich huet däitlech gewisen, datt eng Pandemie net just duerch national Moossnamen oder Mëttel bekämpft ka ginn;
  • ee solidaresche Konjunkturprogramm zur Ënnerstëtzung vun der europäescher Wirtschaft an de Länner, déi vun den Auswierkunge vun dëser Kris am stäerkste betraff sinn. Elenggäng vu verschidde Länner wäerten op laang Siicht d’Stäerkt vun der Unioun ënnergruewen an zum Nodeel vun allen europäesche Bierger sinn;
  • Ee kloert Signal géint all Aart vu Populismus an Nationalismus, fir eng Verstäerkung vum duerch de Brexit ausgeléiste Gefill vun der europäescher Zersplitterung ze vermeiden.

Groussregioun: Stäerkung vun de Rechter an Errongenschaften vun allen Employée zur Vermeidung vun der sozialer Spaltung

Den LCGB fuerdert säit ville Joer d’Gläichbehandlung vun allen Employéen am Groussherzogtum, onofhängeg dovunner, ob si Residenten oder Grenzgänger sinn. D’Gesondheetskris huet däitlech gewisen, datt d’Wirtschaft an d’Gesellschaft vu Lëtzebuerg staark vun de méi wéi 200.000 Grenzgänger, d.h. 43 % vun der banneschter Gesamtbeschäftegung, ofhängeg ass.

Vill Branchen, déi wärend der Gesondheetskris fir liewesnoutwenneg erkläert gi sinn, dorënner de Gesondheetssystem, den Handel an de Botzsecteur, wieren ouni den Engagement un de Grenzgänger schnell zum Erleie komm. Dofir betount den LCGB erneit seng Fuerderung un d’Regierung, de bestoenden Diskriminéierungen, sief et bei der Besteierung vun de Studiëbäihëllefen, de Familljeleeschtungen asw., een Enn ze setzen.

Ugesiichts der Ofhängegkeet vun eisem Land vun der Aarbechtskraaft vun de Grenzgänger an der Tatsaach, datt Grenzgänger hir Steieren a Sozialbeiträg, wéi all aner Employéen zu Lëtzebuerg bezuele, fuerdert den LCGB, endlech déi richteg Léieren aus der Gesondheetskris ze zéien.

Den LCGB fuerdert vun der Lëtzebuerger Regierung sech direkt anzesetze fir:

  • D’Bäibehale vum Aussetze vun de Schellewäerter fir d’Besteierung vu Grenzgänger an hirem Wunnsëtzland (29 Deeg fir Frankräich, 24 Deeg fir d’Belsch, 19 Deeg fir Däitschland pro Joer) an d’Zougehéieregkeet zur Sozialversécherung (Begrenzung op 25 % vun der Joresaarbechtszäit);
  • Ausnamereegelunge beim Recht op Congé aus familiäre Grënn fir Grenzgänger iwwert de 25. Mee 2020 hannenaus, wëll sech d’Lockerunge vun eisen Nopeschlänner vun deene vu Lëtzebuerg ënnerscheeden, besonnesch am Hibléck op d’Ëffnung vun de Schoule, sou wéi vu Bildungs a Kannerbetreiungsariichtungen.

Matgedeelt vum LCGB

Ähnlech Sujeten Congé aus familiäre Grënn, Europadag, Europäesch Unioun, Gesondheetskris, Grenzgänger, Grenzschléissung, LCGB, Pandemie, Schengener Ofkommes, Solidaritéit, Wirtschaft
Nächsten Artikel Virrechten Artikel