Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

geek
Luxmasters 2017: Eng gelonge Première fir Lëtzebuerg
International Money Neiegkeeten

Luxmasters 2017: Eng gelonge Première fir Lëtzebuerg

„E-Sports“ (den elektronesche Sport) huet och zu Lëtzebuerg seng Community

Lëtzebuergesch ass Deel vun eisem Land an eiser Identitéit. Elo ginn d’Bierger gefrot, wéi een se weider stäerke kann
International Money Neiegkeeten

Lëtzebuergesch ass Deel vun eisem Land an eiser Identitéit. Elo ginn d’Bierger gefrot, wéi een se weider stäerke kann

Se gehéiert zu eisem Alldag. Et dierf een se bei

Jemen: US-Senat warnt den Trump a Ryad
International Money Neiegkeeten

Jemen: US-Senat warnt den Trump a Ryad

Um Mëttwoch, huet den US-Senat dem Donald Trump a Saudiarabien

money

Europäesch Zentralbank: Bis 2020 keng Zënserhéijung

Fir der Eurozon e „Boost“ ze ginn, spillt de Mario Draghi mam Feier

Europäesch Zentralbank: Bis 2020 keng Zënserhéijung

En Donneschdeg huet déi europäesch Zentralbank (EZB), déi vum fréiere Goldman-Sachs Manager Mario Draghi dirigéiert gëtt, der Eurozon nees zolidd ënnert d‘Äerm gegraff. Esou zumindest déi eege Siichtweis. Net verwonnerlech, datt d‘Experte vun dëser „Mesure“ eppes iwwerrascht waren.

Begrënnt gëtt d‘Entscheedung, den Zënssaz ze loosse wou en ass, duerch ongënschteg Prognose fir de Wirtschaftswuesstem an enger Zounam vun der Inflatioun. Et bleift also beim sougenannten „negativen Zënssaz“. Eng bosseg Ëmschreiwung fir den historesch niddregsten Zënssaz zanter Mäerz 2016. Dee sollt ab Summer 2019 nees opgehuewe ginn. Elo bleift alles bis 2020 wéi et ass.

D‘EZB bleift also bei senger Entscheedung, d‘Konjunktur esoulaang ze stäipe wéi et néideg ass. Eng Entscheedung déi – streng wirtschaftlech am Sënn vun den Entreprisen – duerchaus sënnvoll ass, well se den Impakt vun enger reduzéierter Wirtschaftsleeschtung verréngert. An dësem Kontext kréien d‘Banken och nees Kreditter zu Konditiounen ugebueden, déi esou net ze veräntwerte sinn.

Während de Bierger, fir un dat Geld ze kommen dat hien sech mat senger Hänn Aarbecht verdéngt huet, muss zolidd an d‘Täsch gräifen, kéint ee mengen, den italienesche Goldman-Sachs Vertrieder wier bereet de Banke Geld ze ginn, fir datt si e Kredit ophuelen. Gutt ganz esou krass ass et net, a wann ee sech de Bankesecteur eppes méi genee ukuckt, weess een, déi nächst Kris kënnt bestëmmt.

De Mario Draghi argumentéiert: „Et geet drëms favorabel Kreditkonditiounen an eng uerdentlech Transmissioun vun der monetärer Politik un d‘Wirtschaft ze garantéieren. Dat heescht dat mir dofir Suerg droen, datt d‘Liquiditéiten a Form vu Kreditter un d‘Entreprisen an d‘Menage verdeelt ginn“. Mee et ass net „Entreprise oder Menage“ wie wëll, profitéieren deet nëmme wien schonn alles huet.

Zentralbank

A firwat hei am Text esou oft „Goldman-Sachs“ genannt gëtt, erkläert sech doduerch, datt de Mario Draghi seng „monetär Politik“ op déi vun der amerikanescher „Federal Reserve“ ausgeriicht huet, déi och – dir wonnert iech net – vun engem fréiere Goldman-Sachs Manager geréiert gëtt. Och do geet et drëms, der Wirtschaft méi Spillraum ze verschafen. A dir duecht iech de Maart regelt dat…

Elo ass et allerdéngs och esou, datt d‘Eurozon éischter wéineg bedreet ass, an eng Rezessioun ze falen, mee si ass immens Ofhängeg vum Handel, oder besser ausgedréckt vum Konsumverhalen. E Verhalen, datt sech verännert. Engersäits gëtt méi bewosst konsuméiert, mee d‘Mënschen hunn och ewell nei Prioritéiten, wat hir Ausgabe betreffen. Datt och oder besonnesch an der Eurozon.

Zentralbank

An der Eurozon gëtt déi grouss Majoritéit vun de Bierger ëmmer méi Geld aus fir Wunnraum an Energie. Geld datt dem Handel, an esou indirekt der Industrie, entzu gëtt. Dat wëssen déi ganz gescheit vun der EZB, firwat si jo och d‘Wuesstemsprognose fir 2019 op 1,2% gedrosselt hunn. Fir 2020 sollen et dann nees 1,5% sinn, woubäi bis dohinner nach vill Waasser de Bierga leeft.

Interessanterweis léisst sech da bemierken, datt déi esou onverständlech wéi net novollzéibar Finanzpolitik vun europäescher Zentralbank, kaum, wann iwwerhaapt, am Kontext vun den Europawahle vun de politesche Parteien thematiséiert wäert ginn. An da gëtt sech nees gewonnert, firwat d‘Leit mat der Institutioun „Europa“ esou hir Problemer hunn.

mat indymedia/bru

Ähnlech Sujeten europäesch Zentralbank, Eurozon, EZB, Goldman Sachs, Mario Draghi, Zënsen
Nächsten Artikel Virrechten Artikel