Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Orbit: Zwee nei Satellitte fir d‘Waasser op der Äerd ze iwwerwaachen
https://moien.lu/pew-research-center-5-facts-about-online-dating/

Orbit: Zwee nei Satellitte fir d‘Waasser op der Äerd ze iwwerwaachen

Déi privat Weltraumentreprise SpaceX huet um Dënschdeg zwee Satellitten an

https://moien.lu/dating-in-bethlehem-free-state/
https://moien.lu/pew-research-center-5-facts-about-online-dating/

https://moien.lu/divorced-or-separated-dating-site/

Um Sonndeg huet d’EU Aserbaidschan opgefuerdert direkt déi verhaften Oppositionell,

Mäertesdag um Härebierg: Mat engem laachenden a kräischenden A
https://moien.lu/pew-research-center-5-facts-about-online-dating/

Mäertesdag um Härebierg: Mat engem laachenden a kräischenden A

De Militärzentrum um Dikrecher Härebierg huet un dësem Mëttwochmoien nees

15. November: De Lëtzebuerger an europäesche Solarpräis

15. November: De Lëtzebuerger an europäesche Solarpräis

Nodeems den europäesche Solarpräis schonn zu Berlin, Roum Prag, Wien, Barcelona a Bonn un d‘Laureaten iwwerreecht ginn ass, gëtt dësen de 15. November – zesumme mam nationalen Titel – zu Belval iwwerreecht. D‘Organisatioun vun dësem Event iwwerhëlt Eurosolar Lëtzebuerg Asbl.

Et ass dann och kee „Ëmweltpräis“ am eigentleche Sënn, mee de Solarpräis dréit derzou bäi, datt de Leit verständlech ka gemaach ginn, datt den Erfolleg vun der energetescher Transitioun vun der aktiver Bedeelegung vun allen Acteuren an der Gesellschaft, an dat op der ganzer Welt, ofhänkt.

Mam Lëtzebuerger wéi dem europäesche Solarpräis, ginn innovativ an exemplaresch Projete vun Eurosolar International ausgezeechent. D‘Präisser ginn u Stied, Gemengen, Entreprisen, Bierger an Organisatiounen, déi duerch hir Projeten déi erneierbar a besonnesch d‘Solarenergie fërderen.

No der Gemeng Biekerech (2008) wäert et fir d‘Zweet sinn, datt de Laureat vum nationale Präis, och den europäesche Solarpräis zougestane kritt. De Solarpräis Lëtzebuerg 2019 geet un: Betic Ingenieur-Conseil, Fabeck Architectes an d‘Administratioun vun den ëffentleche Bauten.

Solarpräis

© Eurosolar Lëtzebuerg Asbl

Si hu sech dee mam Projet vum Lycée fir Gesondheetsberuffer zu Ettelbréck verdéngt. Si hunn et ronn kritt d‘Solarenergie ënner all seng Forme maximal anzebauen. Dëse Lycée ass dat wat een ouni rout am Gesiicht ze ginn, als en nohaltegt Constructiounskonzept presentéieren dierf.

Am Kader vun der Präisiwwerreechung sinn Interventioune vum Energieminister Claude Turmes, dem Logementsminister Henri Kox an der Professorin Susanne Siebentritt (Uni-Lëtzebuerg) virgesinn. Si stellen eng Rei Aspekter vun der nationaler Energietransitioun vir.

Eurosolar Lëtzebuerg Asbl erhofft sech dann och, datt de Succès an d‘Beispill vun de Laureaten och bei aneren Acteuren d‘Motivatioun ervirrifft, sech op dee selwechte Wee ze beginn. A wéi géifen déi jonk leit soen „Et gëtt kee Planéit B“. Mir hunn also schonn en Interessi besser ze ginn…

Foto: © Eurosolar Lëtzebuerg Asbl

Ähnlech Sujeten Belval, Claude Turmes, Eurosolar, Henri Kox, Lëtzebuerg, Solarpräis, Susanne Siebentritt
Nächsten Artikel Virrechten Artikel