Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

D‘Salariatskummer besuergt iwwert d‘Lounentwécklung
International Neiegkeeten

D‘Salariatskummer besuergt iwwert d‘Lounentwécklung

Um Méindeg huet de President vun der Salariatskummer (CSL) Jean-Claude

Coronavirus: USA verzichten op G7-Sommet zu Camp David
International Neiegkeeten

Coronavirus: USA verzichten op G7-Sommet zu Camp David

Reesen ass zur Stonn éischter ënnersot, mee d‘Welt dréit sech

Um Escher Chrëschtmaart herrscht eng gutt Stëmmung
International Neiegkeeten

Um Escher Chrëschtmaart herrscht eng gutt Stëmmung

Et ass ee vun, wann net esouguer deen éischte Chrëschtmaart,

Europäescht Parlament verfollegt eng geféierlech Politik

D‘EU-Deputéiert sinn net un der Rettung vu Migranten am Mëttelmier interesséiert

Europäescht Parlament verfollegt eng geféierlech Politik

Vun de Vereenten Natiounen an der internationaler Organisatioun fir d‘Migratioun (OIM) war en Appell un d‘EU geriicht ginn, sech nees méi staark an d‘Rettung vun de Migranten/Flüchtlingen, déi versichen iwwert d‘Mëttelmier no Europa ze gelaangen, anzebréngen. Eng Resolutioun am EU-Parlament déi dësem Appell hätt kënne gerecht ginn ass wéi erwaart „kläglech“ gescheitert.

Et ware – wéi dat esou oft de Fall ass – e puer „Passagen“ am Resolutiounstext, déi derzou gefouert hunn, datt ee sech net huet missen eens ginn. 290 Europadeputéiert hunn sech kloer géint den Text opgestallt, dorënner och d‘Lëtzebuerger aus der EPP, Isabel Wiseler a Christian Hansen (allebéid CSV). D‘Monica Semedo (DP) an de Nicolas Schmit (LSAP) ware guer net do an esou hunn eenzeg d‘Tilly Metz (déi gréng) an de Charles Goerens (DP) sech fir d‘Resolutioun ausgeschwat.

ParlamentDobäi géif et vill gutt Grënn fir d‘EU, déi mat hire Waffegeschäfter an enger konsequenter – wann och anescht genannter – kolonial ausgeriichter Handelspolitik d‘Ursaache fir d‘Migratioun selwer ervirrifft, zumindest den Uschäin ze ginn, Verantwortung iwwerhuelen ze wëllen. Dat wier net vu Muttwëll bei 933 Migranten (dat sinn déi offiziell Zuele vun der OIM) déi zanter Ufank vum Joer am Mëttelmier erdronk sinn. De Passage vu Libyen a Richtung Europa bleift de geféierlechsten.

Am „Fong“ wier ee sech eens

Zu Stroossbuerg waren et leschten Donneschdeg direkt véier Resolutiounen déi zu dësem „Thema“ virgeluecht goufen, net eng huet et gepackt. Natierlech ass sech keng Fraktioun enger Schold bewosst, et ka jo nëmmen un deenen „anere“ geleeën hunn, datt e sech net konnt eens ginn, an dat bei engem Sujet wou e jo awer am allgemengen déi selwecht Usiichten deelt an och hëllefe wéilt.

Dobäi hat déi lescht Resolutioun, déi vum sozialdemokratesche President vun der Kommissioun fir Zivil Fräiheeten, Juan Fernando Aguilar zumindest en „nuancéierten text“ deen eigentlech eenzeg vun der EU gefuerdert huet, sech hirer Verantwortung am Mëttelmier ze stellen. De Vott selwer war allerdéngs denkbar knapp ausgefall. 290 dergéint bei 288 dofir, beweist androcksvoll datt et bei Ofstëmmungen op all Stëmm ukënnt, firwat d‘Absence vum Monica Semedo an Nicolas Schmit en entspriechenden Impakt hat. Si wieren eigentlech fir dësen Text gewiescht, mee waren awer net do.

ParlamentMéi brauch et net fir datt an de sozialen Netzwierker déi spréchwiertlech Hexejuegd veranstalt gëtt, woubäi een awer ganz kloer betoune muss, datt all déi wou sech doriwwer „gewonnert“ hunn, datt d‘EU-Deputéiert vun der CSV an hir Kollege vun der EPP mat de Faschisten an de Rietsextreme géint d‘Resolutioun gestëmmt hunn, déi nei politesch Ausriichtung vun der CSV net matkritt hunn.

Schlecht Erklärunge maachen et net besser

Wier dee ganze Vott, wéi dat meescht wat sech zu Stroossbuerg ofspillt nees „ignoréiert“ ginn an hätt et kee Gedauschs op Facebook ginn, hätten déi Lëtzebuerger EU-Deputéiert net d‘Chance kritt sech nach eppes weider ze blaméieren (wann ee vum Tilly Metz an dem Charles Goerens ofgesäit).

Esou de Christophe Hansen, e grousse Spezialist a Froe Migratioun an Flüchtlingspolitik. Deen huet am Text e Widdersproch zum europäesche Recht erkannt a behaapt sech drop, datt d‘Resolutioun de Passeuren nach méi Virdeeler bruecht hätt, wéi et hinnen déi aktuell Situatioun scho bréngt. Gutt am Text gëtt verlaangt, datt all d‘Koordinéierungszentren hir Informatioun ongefiltert weiderleet. Wat hei de Schëffer vun den ONGen entgéint kënnt, géif et de Passeuren erlaben sech vun de Schëffer déi am Secteur ënnerwee sinn, ewech ze halen.

ParlamentD‘EPP hat dozou en Amendement abruecht, deen da vun de Liberalen, de Sozialisten an den Ekologisten am EU-Parlament zréckgewise ginn ass. Déi „alternativ“ Resolutioun vun der EPP war esou erfollegräich wéi déi dräi aner. Et muss awer festgehale ginn, datt och wann elo keng vun der Resolutiounen ugeholl gouf, ee generell kee Problem domatter hätt, wann d‘EU-Kommissioun sech e Konzept zur Séinoutrettung am Mëttelmier géif ginn esou laang et d‘Migratioun net fërdert.

Wat d‘Absence vum Monica Semedo an dem Nicolas Schmit, esou ass dat net schéi mee et gëtt jo fir alles eng Erklärung. Déi jonk liberal Politikerin hätt zudeem och fir d‘Resolutioun gestëmmt, mee de Kongress vun der ALDE zu Athen war iergendwéi méi wichteg. Si konnt sech zudeem och net am Virfeld denken, datt de Vott esou knapp géif Ausfalen. De Sozialist sengersäits hätt och fir den Text gestëmmt, huet awer un enger Reunioun vun den europäeschen Aarbechtsminister zu Lëtzebuerg missen deelhuelen. Allebéid bedaueren d‘Ofstëmmungsverhale vun de konservativen.

Foto: Den Ament ass d‘Alan Kurdi nees mat aus der Séinout gerette Migranten op der Sich no enge Hafen. Déi lescht Nuecht war hefteg, wéi d‘Organisatioun via Twitter matgedeelt huet. © Sea-Eye

Ähnlech Sujeten Europaparlament, Frontex, Mëttelmier, Migratiounspolitik, Séinoutrettung
Nächsten Artikel Virrechten Artikel