Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Food a Lifestyle: Blogger zu Lëtzebuerg geéiert
International Neiegkeeten

Food a Lifestyle: Blogger zu Lëtzebuerg geéiert

Mat groussem Opwand hat Mëtt leschter Woch de lëtzebuergesche Food

Shutdown: Eng presidentiell Offer
International Neiegkeeten

Shutdown: Eng presidentiell Offer

Zanter elo gutt véier Wochen ass de „Shutdown“ (Haushaltsspär) a

Esch Uelzecht: De vill diskutéierte Budget ass ugeholl ginn
International Neiegkeeten

Esch Uelzecht: De vill diskutéierte Budget ass ugeholl ginn

No de villen Interventiounen zum Budget (5. Januar) war et

Europaparteidag vun „die Linke“ fuerdert d‘Reform vun der EU

Wann engem un der europäescher Unioun geleeën ass, muss sech Grondleeëndes veränneren

Europaparteidag vun „die Linke“ fuerdert d‘Reform vun der EU

Zu Bonn geet et beim Europaparteidag vun „die Linke“ ëm de Programm zur Europawahl am Mee. An der Erëffnungsried, huet sech d‘Katja Kipping, zur europäescher Unioun bekannt, mee Reforme gefuerdert. Innerhalb der Partei, gëtt awer och Kritik un der Virsëtzenden.

D‘Parteicheffin: „Mir wëlle keen auserneebrieche vun der EU. (…) Op eng aner EU hinzeschaffen, dat ass déi gréisser Libeserklärung un d‘Unioun, wéi zouzeloossen, datt alles esou bleift wéi et ass. Déi haideg EU spillt de Rietsen an den Neoliberalen an d‘Hänn, an dat dierfe mir net zouloossen“.

An d‘Katja Kipping leet no: „Wa mir déi konkret Politik vun der EU kritiséieren, dann ni mam Zil datt et nees zum ‚nieftenaner‘ vun Nationalstaate geet. Als Sozialiste wëlle mir keen zréck an d‘Vergaangenheet. Mir kämpfe fir eng besser Zukunft“. Wéi dréckt sech dat am Programm aus?

Mat engem Bléck an den Entworf vum Wahlprogramm, gëtt ersiichtlech, datt die Linke fir en Neistart vun der EU antrëtt. Eng EU an där d‘Liberaliséierung op béien a briechen net dierft un éischter Stell stoen. D‘EU muss sozial ginn, d‘Bierger méi an den demokratesche Prozess abannen.

Ass d‘EU e Produkt vum „kale Krich“?

Europa – op mat oder ouni Reform – stéisst beim „radikale Fligel“ vun der Partei net op Zousproch. Si bezeechnen déi europäesch Unioun als „Produkt vum kale Krich“ an net fir reforméierbar. Eng Majoritéit bei der Ofstëmmung ka sech déi antikapitalistesch Fraktioun allerdéngs net erwaarden.

Bei der Fraktioun vun de „Reformer“, gëtt dogéint eng „europäesch Republik“ gefuerdert, also méi Zesummenaarbecht wéi bis ewell. Si setzen sech dofir an, datt d‘EU d‘Reegele fir Sozial- an Aarbechtsrecht, Steieren an Aussepolitik, definéiert, an endlech mat enger Stëmm geschwat gëtt.

Den Debat mat 580 Delegéierten dierft dann och zimlech kontrovers gefouert ginn, virun allem bei engem Programm mam gewënschten Titel: „Fir e solidarescht Europa vun de Milliounen, géint eng Unioun vun de Millionären“. Bei de Wahle wëll déi Linke mat zwee Spëtzekandidaten untrieden.

Och um Riednerpult: d‘Gabi Zimmer, Fraktiounscheffin vun de Lénken am Europaparlament. Si gesäit Europa als „lénke Projet“, an huet keng Sympathië fir Mënschen déi de Projet wëllen opginn. „Mir sinn Internationalisten a stinn an fir enger länneriwwergräifend Zesummenaarbecht“.

Ähnlech Sujeten Europa, Europaparteidag die Linke, Gabi Zimmer, Katja Kipping, Soziales
Nächsten Artikel Virrechten Artikel