Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Okult N°1: Eng „Bio Blanche“ mat Häerz a Verstand
International Neiegkeeten WTF

Okult N°1: Eng „Bio Blanche“ mat Häerz a Verstand

Haut ass et e Béier, op dee mir eis besonnesch

Ascoltami.Ricordami – Dësen Donneschdeg am Kinosch!
International Neiegkeeten WTF

Ascoltami.Ricordami – Dësen Donneschdeg am Kinosch!

Beim Documentaire Ascoltami-Ricordami vum Giuliano Bugani geet et ëm een

An der Tierkei ass den Ausnamezoustand op en Enn gaangen
International Neiegkeeten WTF

An der Tierkei ass den Ausnamezoustand op en Enn gaangen

Den Ausnamezoustand, deen an der Tierkei nom Putsch vum Juli

surprise

Europarot: „Homosexueller a Minoritéiten hunn et a Russland schwéier“

Europarot: „Homosexueller a Minoritéiten hunn et a Russland schwéier“

Aus engem Bericht vum Europarot geet ervir, datt Homosexueller, Moslemen an aner Minoritéiten et a Russland „schwéier“ hunn. Dës Gruppe géife vun der Politik engersäits an der Kierch anersäits geziilt diskriminéiert. A bei der Kierch ass et zumindest eng Doktrinn…

Dat bereet dem anti-Diskriminéierungsausschoss vum Europarot (ECRI) zolidd Kappzerbrieches. Et sinn dann och an éischter Linn déi sëllechen Haasspriedegten, déi ganz ëffentlech a geziilt agesat ginn déi fir grouss Opmierksamkeet suergen. Net dat et iwwerhaapt stattfënnt, wat u sech schlëmm genuch wier, mee wëll et renomméiert Politiker a Kierchemänner sinn, déi de Knascht verzapen…

Fir iwwert déi eege „Stëbskäregréisst“ ewechzetäuschen, benotze vill prominent russesch Politiker a ganz besonnesch „fromm“ orthodox kierchlech Würdenträger, nieft dem Internet, mëttlerweil och déi traditionell Medien, fir iwwert alles hierzefalen, dat si an „e besonnescht Liicht“ réckelt. Dofir gëtt et näischt Besseres, wéi Mosleme mam Terror, an Homosexueller mat Psychosen ze verbannen.

Ermontert de „Chef“ seng Truppen?

Hält ee sech un de Bericht, da geet dorausser ervir, datt den Haass an d‘Diskriminatioun vu ganz uewen, net nëmmen ënnerstëtzt, mee carrement gefërdert a matgedroe gëtt. De Vladimir Putin an déi russesch orthodox Kierch, géifen aktiv derzou bäidroen, datt déi genannte Gruppen/Ethnien a Russland net zur Rou kommen. Aktioune géint „Minoritéiten“ géife vum Staat begréisst, heescht et.

Et stëmmt allerdéngs, datt de russesche President an engem Interview mam US-Regisseur Oliver Stone gemengt hat, datt seng alleréischt Flicht d‘erhalen a beschütze vun der traditioneller Famill wier, a Moossname géint Homosexueller ausdrécklech gerechtfäerdegt sinn. De Grond, datt déi Homosexuell keng Kanner kéinte maachen, huet am Bericht natierlech net dierfe feelen.

D‘Kierch weess genee wiem se déngt

Méi interessant, d‘Kausa vum CEO vun der russesch orthodoxer Kierch, de Kyrill I. Deen erfëllt a Russland déi selwecht Roll wéi de Poopst am Vatikan, a profitéiert dovunner, datt säit dem Fall vum Kommunismus, d‘Russen allgemeng nees zu „Gott fonnt hunn“. Dat kënnt dovunner, datt wann een näischt weess, e gehalen ass alles ze gleewen. An d‘Kierchemänner a Russland wëssen et ze notzen.

De Patriarch Kyrill I, huet sech eng Renommée opgebaut, do sinn se zu Roum „eppes neidesch“. Dat homosexuell Koppele „ee ganz geféierlecht apokalyptescht Symptom“ wieren, ass dobäi nach eng vun de gemässegte Frechheeten déi dem Kierchemann esou iwwert d‘Lëpse kommen. Datt de Kyrill I, elo direkt seng Scheewercher zur Dot géif opruffen, konnt am Bericht net bestätegt ginn.

E mécht een net esou séier eng Plainte

Well den ECRI elo net vu Russland Zougang zu de juristeschen Dossiere kritt, hu sech d‘Experten op d‘Auswäertung vun enge 5.000 Zeitungsartikel oder soss Mediebeiträg bezunn, fir d‘Ausmooss vun den „Iwwergrëff“ duerzestellen. Dorausser ergëtt sech, datt et tëscht 2011 an 2016 op mannst 363 Ugrëff op homosexuell Persounen, oder Clibb vun der LGBT-Communautéit ginn huet.

Bei der ECRI kennt een de Grond fir dës verhältnesméisseg „niddreg“ Zuel, ugesiichts de Virwërf, déi mam Bericht anhier ginn. Et läit dorunner – an d‘Ausso ass kredibel awer net ze bestätegen – datt d‘Leit sech net géifen trauen eng Plainte ze maachen. Si misste befierchte vun der Police nach méi bedrängt ze ginn. Damiddegungen duerch d‘Police sinn tatsächlech éischter d‘Reegel…

Dat falscht Gesiicht, a schonn hänks de

E weidere Virworf a Richtung Russland, ass dee vum „Rasse Profiling“ – oder wéi eis franséisch Nopere géife soen: „Delit de sale gueule“ – dënn un der Dagesuerdnung wier. Wien iergendwéi net esou ausgesäit wéi sech dat d‘Polizisten op den Ament wou se engem begéine virgestallt hunn, gëtt kontrolléiert, iwwerwaacht an drangsaléiert, heescht et am Bericht deen dem Europarot virläit.

Besonnesch betraff vun dëser „Problematik“ wieren d‘Asiaten, d‘Kaukasen an d‘Roma. Wat aus dem Bericht vun der ECRI net ervirgeet, sinn déi méiglech Optiounen déi d‘EU huet, fir Moskau eventuell zu engem Ëmdenken ze beweegen. Erënnere mir also drun, datt Russland zanter 2013 e Gesetz huet, mat deem et Verbueden ass, mat Mannerjäregen iwwer Homosexualitéit ze schwätzen.

mat indymedia/bru/mow/

Foto: De Sëtz vum Europarot zu Stroossbuerg © coe

Ähnlech Sujeten Diskriminatioun, ECRI, Europarot, Haass, Homosexualitéit, LGBT, Minoritéiten, Russland
Nächsten Artikel Virrechten Artikel