Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Näischt Neies, an awer gutt genuch: Set it up ass eng ënnerhalend Romcom
International Neiegkeeten

Näischt Neies, an awer gutt genuch: Set it up ass eng ënnerhalend Romcom

Netflix probéiert zënter enger gudder Zäit schonn, sech als Filmproduzent

CGFP vs Spuerkeess: kënnt et elo zum Sozialkonflikt?
International Neiegkeeten

CGFP vs Spuerkeess: kënnt et elo zum Sozialkonflikt?

No dräi Joer Gestreits, ëm déi laut dem Gesetz vun

En éisträichesche Pass fir seng däitschsproocheg Bierger veriergert Italien
International Neiegkeeten

En éisträichesche Pass fir seng däitschsproocheg Bierger veriergert Italien

Den italieneschen Ausseminister huet um Freidegowend e Projet vu Wien

Europawahlen 2019: Déi europäesch Konservativ sichen hire „Champion“

Europawahlen 2019: Déi europäesch Konservativ sichen hire „Champion“

Déi europäesch Vollekspartei (EPP), déi hire Kongress zu Helsinki ofhält, bestëmmt haut hire Spëtzekandidat fir d‘Europawahle vun 2019. Entscheede mussen sech déi Delegéiert tëscht dem Däitsche, Manfred Weber – deen als Favorit gehandelt gëtt – an dem Finn, Alexander Stubb.

758 Delegéiert bestëmme mat hirem geheime Vott, wien, de Fall gesat d‘EPP bleift déi stäerkste Kraaft am Europaparlament, vun hinnen den Usproch op d‘Nofolleg vum Jean-Claude Juncker stelle kann. Dëst Mandat ass Deel vum grousse „Transfertmaart“ deen no den Europawahlen am Mee 2019 wäert stattfannen.

Dat zesumme mat de Changementer vun der Presidence vum Europarot, dem Europaparlament, der europäescher Zentralbank, an dem EU-Representant fir d‘Aussepolitik. E „Gemauschels“ bei deem d‘EPP eng Schlësselroll wäert spillen.

Ongläich Frënn

Déi zwee „Konkurrenten“ vun Helsinki sinn ganz verschidde Personnagen. Mee si sinn och Frënn an deelen déi selwecht Positiounen. De 46 järege Bayer, Manfred Weber (CSU), President vun der EPP am Europaparlament, kennt sech mat den europäeschen Institutioune gutt aus, mee huet keng Regierungserfarung.

De 50 järege Finn, Alexander Stubb, huet dogéint déi héchste politesch Ämter a sengem Land bekleet: säit Mee 2015 ass hie Finanzminister, virdru war hie vu Juni 2014 bis Mee 2015 de Premierminister vu Finnland. Tëscht 2008 a 2014 war hien Ausseminister.

Bei hirem eenzegen Debat um Mëttwochowend, hunn sech béid „Championnen“ beméit all Konfrontatioun ze vermeiden, a scho guer net den „Dissens-Sujet“ unzeschwätzen: d‘Plaz vum Viktor Orban an senger Fidesz innerhalb der EPP. Den Orban a seng (faschistesch) Fidesz gi stänneg beschëllegt d‘Wäerter vun der Unioun mat Féiss ze trëppelen.

Si hunn am Géigesaz dozou op hir Frëndschaft higewisen, hir vergläichsweis ähnlech Positiounen. Et war e faarwlosen Debat vu ronn 30 Minutten, dee mam Lidd vu Sister Sledge: „We are Family“ aus dem Joer 1979 ofgeschloss ginn ass.

E Verglach?

Wann sech béid „Krounprënzen“ verbonne gewisen hunn, esou ass hire Stil radikal verschidden: de Manfred Weber ass en diskreten „Provënzler“ dee säin Netzwierk am verbuergene kultivéiert, während den Alexander Stubb, méisproocheg, sportlech an liicht narzisstesch, et éischte „labber“ ugeet. Ëmmerhin huet hie scho Pressekonferenzen am Short ofgehalen…

Den Alexander Stubb, Member vun der liberal-konservativer Kokoomus, huet virum Kongress vill individuell Ënnerstëtzung erhalen. De Manfred Weber, Member vun der CSU (der Schwësterpartei vun der CDU), kann sech op de Parrainage vun der Kanzlerin Angela Merkel verloossen. Hie gëtt vun de meeschte Parteien innerhalb der EPP ënnerstëtzt.

Et ass deemno zimlech ersiichtlech, datt den Alexander Stubb bei dësem Vott als „Outsider“ an d‘Renne geet. Hien huet an dësem Kontext eng ganz pragmatesch Approche: „De Choix vu Muer, dat ass net wierklech wichteg, de Gewënner ass um Enn ëmmer d‘EPP“, esou den Alexander Stubb no der „Konfrontatioun“ mam Manfred Weber.

Alles nëmmen e Virspill?

Egal wie vu béide Politiker um Enn d‘Nues wäert fir hunn, et ass net geséchert, datt hien den nächsten EU-Kommissiounspresident gëtt. Dëst Zil kann nëmmen erreecht ginn, wann hien op säin Numm d‘Suffrage vu méi politesche Familljen zesummekritt, fir vum Europaparlament investéiert ze ginn.

Den EPP an déi europäesch Sozialdemokraten, kommen aktuell op eng Majoritéit vu 55% am Europaparlament. Laut de Sondage wier et domatter no den Europawahle gedoen. Dat heescht et muss zu neien Allianze kommen, an dat bedeit, datt och en „aneren“ duerchaus Chancen huet eng Majoritéit am Plenarsall zesummenzekréien.

Esou ginn der dänescher Kommissärin fir d‘Konkurrenz, Margrethe Vestager, Member vun der Allianz vun den europäesche Liberalen an Demokraten (ALDE), mee och de Fransous, Michel Barnier (Vizepresident vun der EPP a Chef-Negociateur fir de Brexit), als méiglech „alternative“ genannt.

Net ze vergiessen, datt och déi (verbleiwend) 27 Staatscheffen hire Pefferkär bäizedroe kréien, wat d‘Nominéierung betrëfft. Déi däitsch Kanzlerin huet schonn emol refuséiert, datt de Spëtzekandidat vun där Partei déi d‘Wahle prozentual gewënnt, automatesch nominéiert ass. Géint dëse Prinzip huet sech och de franséische President, Emmanuel Macron, ausgeschwat.

mam Céline Le Prioux/AFP

Foto: D‘Auer tickt… an dem Jean-Claude Juncker säi Mandat wennt sech dem Enn zou. Hien huet dofir zu Helsinki um EPP-Kongress, béide Kandidaten, déi seng Nofolleg ustriewen, ganz gutt nogelauschtert. Et gëtt awer gemunkelt, datt den EU-Kommissiounspresident den däitsche Manfred Weber favoriséiert. © Heikki Saukkomaa/Lehtikuva/AFP

Ähnlech Sujeten EPP, Europawahlen 2019, Fidesz, Jean-Claude Juncker, Viktor Orbán
Nächsten Artikel Virrechten Artikel