Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Kriss du an dësem Lëtzebuergesch-Test de perfekte Score?
how to deal with dating a doctor

Kriss du an dësem Lëtzebuergesch-Test de perfekte Score?

All Woch duerchkämme mer d’Noriichten no interessanten a komplizéierte Wierder.

hook up lift
how to deal with dating a doctor

pisces woman dating tips

Um 21. September gëtt schonns déi 12. Editioun vum „On

No Bezéiungsdrama: Police sicht no méiglechen Zeien
how to deal with dating a doctor

No Bezéiungsdrama: Police sicht no méiglechen Zeien

Zu Wolz ass et um 2. Januar um 15.10 Auer

Europawahlen 2019: D‘Zäit vun de Spëtzekandidaten ass eriwwer

E Gespréich mam Charles Goerens

Europawahlen 2019: D‘Zäit vun de Spëtzekandidaten ass eriwwer

Europa muss sech an de Grëff kréien, wann et soll weidergoen. Esou zumindest d‘Siicht vun engem „Insider“ an der Persoun vum liberalen Europadeputéierten, Charles Goerens, deen d‘Europawahlen d‘nächst Joer als „lescht Opportunitéit“ betruecht, fir den europäesche Projet ze retten.

D‘Entrevue mam Charles Goerens (DP) war schonn déi lescht Woch virbereet ginn, a sollt sech primär ëm den EU-Sommet vum Sonndeg an dem heimatter verbonnene Brexit dréinen. Wann sech elo d‘Staats- a Regierungscheffen eens gi sinn, esou muss elo och dat britescht Parlament, an d‘EU-Parlament den Accord unhuelen. Et wier net virstellbar, datt hei nach ee sech sollt queesch stellen.

Dofir dierft de Brexit, en Impakt op d‘Europawahlen hunn. Fir de Charles Goerens verhält et sech esou, datt et de Memberlänner partout net gelénge wëll, op déi sëlleche Froe vun de Bierger, am Kader vun der Campagne, eng verständlech Äntwert ze fannen. Et wier awer Wichteg, de Bierger déi a Sécherheet liewe wëllen, a gewëssen Ängschten hunn, Äntwerten ze ginn.

Bei den Europawahlen am Mee, geet et ëm näischt manner, wéi déi gesellschaftlech Fräiheete vun de Gesellschaften déi d‘Wäerter vun der EU vertrieden. Wäerter, esou de Charles Goerens, déi vun de Polen an den Ungarn aktuell mat Féiss getrëppelt ginn. Hie bezitt sech hei op d‘Ofschafe vun der Rechtsstaatlechkeet a Polen, an der Beschneidung vun der Pressefräiheet an Ungarn.

Wann d‘Nationaliste gewannen zerbrécht Europa

Fir den engagéierten Europäer, sinn d‘Entwécklung an dëse béide Länner, mee och de politesche Changement an Italien, Grond genuch sech Suergen ze maachen. Hien ass iwwerzeegt, sollt et der Unioun net geléngen dës Memberlänner nees mat de Fundamenter vun der EU ze verbannen, et zur Katastroph komme kann. Dofir misst sech awer och innerhalb der Institutioun EU eppes doen.

Esou misst sech d‘EU déi Mëttel ginn, déi et erlaabt eng Entscheedung erbäizeféieren, wa sech e Memberland net un dës fundamental Wäerter hält. Eng Argumentatioun déi mat sech bréngt, datt de Charles Goerens kee Bedarf un Diskussiounen zu enger „Erweiderung“ gesäit. „Esou laang de Club net zu 27 funktionéiert, mécht et kee Sënn weider Kandidaten opzehuelen“.

Den Europadeputéierten erkläert sech: „Fir e Land zu condamnéieren, ass Eestëmmegkeet gefrot. An Beispill vu Ungarn a Polen, kann een deen aneren duerch säi Veto, viru Sanktioune schützen“. Dat féiert net nëmmen zu „Stëllstand“ mee virun allem, a sécherlech berechtegt, zum Onverständnis vun de Leit, déi et schonn ouni esou e Gedeessems net ëmmer liicht hunn Europa ze verstoen.

Wann sech US-Faschisten der EU-Politik ermächtegen

Während sech déi aner Säit vum grousse Pull d‘Sloganen „Make America Great Again“ an „America First“ iwwert groussen Zousproch erfreeën, gläichzäiteg eng Enquête wéinst enger méiglecher „Amëschung“ vun de Russen an d‘Presidentschaftswahl um lafen ass, sëtzt dem Donald Trump säi fréiere Beroder, Steve Bannon, zu Bréissel fir den europäesche Projet ze zerstéieren.

Tatsächlech ass et esou, datt de Steve Bannon sech mat enger schlagkräfteger Equipp virgeholl huet, déi europäesch Rietsextrem zesummenzeféieren. Alles Leit déi de Projet Europa diskreditéieren. An hei, esou de Charles Goerens hëlleft kee Verbuet, well et wier dem Bannon säi gutt Recht do ze sinn a géint d‘EU ze militéieren. Dat misst eng Demokratie aushalen…

Stellt sech dann awer d‘Fro, wéi staark dës Demokratie ass. Ëmmer méi Leit schéngen eng Tendenz ze verfollegen, déi sech un autoritäre Regimmen orientéiert. De Charles Goerens, kann dat net dementéieren a stellt fest: „(…) et dierf een d‘Hänn net an de Schouss leeën, et muss een aktiv ginn, während de Bannon mat senger Equipp déi sozial Netzwierker notzt, fir Propaganda ze maachen“.

Déi jonk gutt a richteg informéieren

Et kann een den Europadeputéierte verstoen, wann hien sech wënscht, datt déi Jonk, déi ëmmerhin de gréisste Benefice vun engem friddlech vereenten Europa hunn, sech géife mobiliséiere fir dës Unioun ze verdeedegen. Hien erënnert an dësem Zesummenhang un déi 700.000 Mënschen déi a Groussbritannien op d‘Strooss gaange sinn (20. Oktober), fir géint de Brexit ze demonstréieren.

Hei um Kontinent wieren sech d‘Leit dann och der Gefor net wierklech bewosst. Eng Gefor déi vun den Extremisten ausgeet, déi et sech zu Notze maachen, datt et der EU – esou wéi se den Ament opgestallt ass – net geléngt mat enger Stëmm ze schwätzen, an och déi evident Ongläichheeten net aus der Welt geschaaft kritt. D‘Gesellschaften si gespléckt, d‘Vertrauen net um Rendez-vous.

Dofir ass dem Charles Goerens wichteg, datt een Äntwerte gëtt: zu den Nohaltegkeetsziler, an dem Ofbau vun den Ongläichheeten. Gemengt ass hei beispillsweis déi fiskal Justiz. Hie betount an dësem Kontext, datt d‘Reform vum Parteifrënd, Pierre Gramegna, an déi richteg Richtung geet. Mee fir wierklech virunzekommen, muss et Ëmverdeelungsmechanismen op globalem Niveau ginn.

Huet Europa seng Plaz am Club vun de G7?

Fir eng gerecht Ëmverdeelung, missten sech de G7 an de G20 asetzen. Si wieren déi Institutiounen, déi Nohaltegkeetsziler ëmsetze kënnen, wann se da gewëllt wieren, koherent ze agéieren. Dem steet den US-President am Wee, deen sech op de Fändel geschriwwen huet, de ganze Multilateralismus bei der Däiwel ze kéieren, andeems hien hie no Muechtverhältnisser sicht, wou d‘USA gewannen.

Geet et dem Donald Trump no, esou de Charles Goerens, gëtt et deemnächst keng NATO méi, keng EU, an schonn emol guer keng Disziplin méi, déi vun enger „supranationaler“ Instanz diktéiert gëtt. Dës sollt sech d‘EU bewosst sinn, an et als Opportunitéit ophuelen, fir sech als Meeschter am erhale vum Multilateralismus ervirzedoen. Dat bedéngt awer den Zesummenhalt vun den EU-Bierger.

Wann et elo och gewosst ass, datt Europawahlen net de wierklech groussen Interessi beim Bierger ervirruffen, esou muss dee wëssen, wat um Spill steet. Dat heescht allerdéngs fir déi sougenannt traditionell Parteien, sech ze besënnen an déi kritesch Mass zesummenzekréien, fir dem Projet Europa eng Zukunft, a senge Bierger reell Perspektiven ze garantéieren. Dat dierft net einfach ginn.

Foto: „D‘Leit sinn sech net wierklech bewosst, wat fir eng Gefor d‘Extremisten fir eis bedeiten“, esou de Charles Goerens. © Shari Pleimelding/moien.lu

Ähnlech Sujeten Brexit, Charles Goerens, Europaparlament, Europawahlen 2019, Euroskeptiker, Extremismus, Solidaritéit
Nächsten Artikel Virrechten Artikel