Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

No den Attentater a Spuenien, en Iwwerbléck
Neiegkeeten

No den Attentater a Spuenien, en Iwwerbléck

Déi dschihadistesch Zell, beschëllegt d‘Uschléi a Katalounien duerchgefouert ze hunn,

Den Dan Kersch hëlt offiziell zwee nei Asazgefierer vum CIS Diddeleng a Betrib
Neiegkeeten

Den Dan Kersch hëlt offiziell zwee nei Asazgefierer vum CIS Diddeleng a Betrib

E Samschdeg den 22. September 2018 huet den Inneminister Dan

crying
Opgepasst: Virun Héichwaasser gëtt gewarnt !
Neiegkeeten

Opgepasst: Virun Héichwaasser gëtt gewarnt !

Ugesicht den aktuelle Wiederkonditiounen, muss uechtert d‘Land mat Héichwaasser an

Europawahlen 2019: Fir ee méi soziaalt Europa

Europawahlen 2019: Fir ee méi soziaalt Europa

Gëschter hat den Aarbechts- a Sozialminister, Nicolas Schmit (LSAP) „héije“ Besuch empfaangen. Am Kontext vun den Europawahlen, déi d‘nächst Joer ofgehale ginn, hat de Generalsekretär vun der europäescher Gewerkschaftskonfederatioun (ETUC), Luca Visentini, iwwert den OGBL eng Entrevue arrangéiert.

Et ass zudeem gewosst, datt den Nicolas Schmit prezis Objektiver verfollegt. Esou huet hie selwer scho betount, datt hie konkret Fortschrëtter fir d‘Salariat erreeche wëll, an dat nach virun dësen Europawahlen. Dofir huet de Luca Visentini Versteesdemech, an erënnert drun, datt ee sech virun engem kritesche Wendepunkt befënnt, an d‘Jalone virun de Wahle musse gesat ginn.

Nee zum sozialen Dumping

Hei gëtt et dann och villes dat ze kläre wier, an zwee grondleeënd Problemer huet de Luca Visentini erkannt. Esou wier et imminent wichteg de sozialen Dumping ze bekämpfen. Europa misst hei Verantwortung iwwerhuelen a sécherstellen, datt et eng gerecht Behandlung vun de Salariée gëtt. Dat gëllt besonnesch fir déi sougenannten „detachéiert“ Aarbechter, déi am Ausland schaffen.

Wann zum Beispill Leit aus dem Ausland op Lëtzebuerg „detachéiert“ ginn, esou mussen déi no Lëtzebuerger Aarbechtsrecht beschäftegt a remuneréiert ginn. Dat schéngt leider nach net ëmmer Uwendung ze fannen, an och eisem Aarbechtsminister mëssfällt dës Praxis. D‘Patronat ass zudeem richteg kreativ, wann et drëms geet d‘Reegele vun der Direktiv 96/71/EC ze ëmschëffen.

Nee zur prekärer Beschäftegung

E weidere kritesche Punkt, dee vum Luca Visentini ugeschwat ginn ass, sinn d‘Konditiounen ënnert deene vill Salariéeën ze leiden hunn. De Generalsekretär vun der ETUC huet sech virgeholl géint de Mëssbrauch vun ënnerschiddleche „Bedingungen“ virzegoen. Hie wëll méi a virun allem besser Rechter fir Leit déi als „Freelance“ beschäftegt ginn, wéi dat an der digitaler Ekonomie gängeg ass.

A senger „Usprooch zur Unioun“ déi den EU-Kommissiounspresident, Jean-Claude Juncker, 2015 gehalen hat, huet hien en „europäesche Sockel vun de Sozialrechter“ ernimmt. Dëse Sockel ass vun der EU-Kommissioun 2017 proklaméiert ginn. Heimatter sollt den europäeschen Aarbechtsmaart méi equitabel ginn. Woubäi ee bedauere muss, datt den Akzent op „sollt“ geluecht muss ginn.

Aus Prinzipie Gesetzer maachen

Den europäesche Sockel vun de Sozialrechter fundéiert op zwanzeg Prinzipien, déi sech mat der Chancëgläichheet beim Zougang zum Aarbechtsmaart, bis zum Urecht op eng sozial Wunneng, awer och mam Mindestloun an d‘Pensiounsuspréch, beschäftegen. Wéi et allerdéngs zu Bréissel esou ass, handelt et sech bei dësem Sockel ëm „Recommandatiounen“ net ëm „Flichten“.

Esou kann et net bleiwen, an de Luca Visentini stellt fest, datt een sech elo muss dofir asetzen, datt dës Prinzipien zu Gesetzer ginn. Nëmme Gesetzer kënnen derzou bäidroen, datt Europa méi Sozial gëtt. A well de Populismus an Europa en neit Fréijoer erlieft, muss een nach virun den Europawahle Resultater erhalen. D‘EU soll beweisen, datt de Mënsch an net d‘Wirtschaftsinteresse wichteg sinn.

Ähnlech Sujeten Aarbechtsministère, ETUC, Europawahlen 2019, Luca Visentini, Nicolas Schmit
Nächsten Artikel Virrechten Artikel